Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

San Francisco: FBI verhënnert Attentat
Neiegkeeten

San Francisco: FBI verhënnert Attentat

Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt.

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen
Neiegkeeten

150 Mënsche bei Äerdbiewen a Mexiko gestuerwen

Zesummegefallen Haiser, Panik: Op mannst 138 Mënschen hunn hiert Liewe

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn
Neiegkeeten

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn

Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump:

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!

Am Kontext vun de Sozialwahlen, déi haut stattfannen, huet den LCGB net manner wéi 3.750 Kandidaten opgestallt, déi sech an den Entreprise als Personaldelegéiert ubidden. Ronn en Drëttel vun de Kandidaten si Fraen. Dat sinn 493 Kandidate méi wéi nach bei de Sozialwahle vun 2013.

Den LCGB erënnert drun, datt mir am digitalen Zäitalter ukomm sinn, an elo d‘Resultater vun de Sozialwahlen an Echtzäit op hirem Site: https://lcgb.lu/sozialwahlen-2019/wahlergebnisse/ ugewise ginn. Egal wou een ass, kann een awer „live“ mat derbäi sinn, a senge Leit d‘Daumen drécken.

Wien elo scho virwëtzeg ass, an en Tour op der Internetsäit vum LCGB maache geet, ka schonn d‘Lëscht vun enger Rei Entreprise agesinn, wou den LCGB déi eenzeg representativ Gewerkschaft ass, a folgerichteg all d‘Mandater fir sech beusprochen dierf. E puer Beispiller gefälleg? Ma Gären:

  • bei LIDL, wou 256 Salariéeë beschäftegt ginn, stellt den LCGB déi 6 Mandater vun den effektiven Delegéierten;
  • mee och bei Proximus, wou 630 Leit schaffen, ginn all d‘Mandater – zéng un der Zuel – un den LCGB.

Dofir nach emol den Hiwäis: Sozialwahlen si keng Naupe vun der Natur a se ginn net vu Muttwëll organiséiert. D‘Hallschent vun de Salariéeë kann net op de Schutz vun engem Kollektivvertrag zréckgräifen, an dat ka sech nëmmen änneren, wann ee sech un dëse Wahle bedeelegt.

Ähnlech Sujeten LCGB, Personaldelegatioun, Salariatskummer, Sozialwahlen, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel