Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen
https://moien.lu/dating-driffield/

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen

Nodeems de Klimasommet COP25 wéinst den Onrouen am Chile huet

https://moien.lu/online-dating-openingszin/
https://moien.lu/dating-driffield/

thrill dating app for android

Den Automobilclub Lëtzebuerg invitéiert all seng Memberen dëst Joer un

dislike
Polnescht Gesetz zur Shoah vun Israel veruerteelt
https://moien.lu/dating-driffield/

Polnescht Gesetz zur Shoah vun Israel veruerteelt

Israel huet e Samschdeg Polen beschëllegt „d‘Geschicht ëmzeschreiwen“. Dat nodeems

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn

Gëschter hunn d‘Salariéeën hir Personaldelegéiert an d‘Vertrieder fir Salariatskummer gewielt, an nieft dem OGBL an dem LCGB, haten sech och nach e puer „Sparte-Gewerkschaften“ fir Mandater um Renne bedeelegt. Sozialwahle sinn eng ganz eescht Ugeleeënheet, mee wien interesséiert et?

Wann ee sech och doriwwer gefreet hätt haut de Muere mat klore Resultater an den Dag ze goen, esou kann dësem Wonsch net entsprach ginn. Géint 23 Auer war bei eis d‘Loft eraus. An och dee spannendste Schaffdag wëll iergendwann op en Enn goen. Et dierf een awer schonn emol bestätegen datt den OGBL op e neits déi stäerkste Kraaft an der Salariatskummer wäert sinn.

Bei de Personaldelegéierte war de leschte Stand: 1.400 fir den OGBL – 700 fir den LCGB. Déi „grouss“ ginn also nees den Toun un, wat bei esou klenge Sparte-Gewerkschafte wéi der ALEBA schonn emol fir Kappzerbrieches suerge kann. Bis haut de Moie war net gewosst, op si déi 50% Stëmmenundeel iwwerschratt hunn oder net. Falls net, wieren si sektoriell net méi representativ.

Interessant ze bemierken: et sinn déi zéng gréissten Entreprisen am Land (Post, ArcelorMittal, de Grupp Leesch, Goodyea, Luxair, CHL an eng Rei Banken) déi hir Resultater bis „Feierowend“ net agereecht haten. Dat ass bedenklech am „digitalen Zäitalter“, wou een dach sollt unhuelen, datt grad esou „major player“ vun der nationaler Wirtschaft, d‘Moyene sollten hunn, dat hinzekréien.

Dat alles awer elo och kee Grond fir sech opzereegen, well sech am Kontext vun de Sozialwahlen och d‘Fro stellt: „Wien interesséiert et?“ An nach iert ee sech iwwert Gewënner a Verléierer kann ënnerhalen, sollt ee wësse wéi héich d‘Bedeelegung war. Ronn 570.000 Salariéeë waren opgeruff sech hir Representanten auszesichen, an et ass relevant ze wëssen, wéi vill matgemaach hunn.

Zouversiicht fir den LCGB, Erwaardunge beim OGBL

Den LCGB-President Patrick Dury war gëschter Owend gudder Laun, a viréckender Stonn ass seng Zouversiicht gewuess. Déi vill Aarbecht an d‘Ëmgestaltung vun der Gewerkschaft an de leschte Joren dréit Friichten, an et sinn net seng Memberen a Militanten déi deem wäerte widderspriechen. A wann et net zu engem Revirement kënnt, kann ee behaapten: „den LCGB huet sech verbessert“.

Beim OGBL-President André Roeltgen, war et och den Optimismus deen d‘Aen zum liichte bruecht huet. De Sall war briechend voll, wat een duerchaus als ee gutt Zeechen dierf ugesinn. Den OGBL ass an dës Wahle gaange fir seng Muechtpositioun ze behaapten, an et ass dann och net d‘Resultat vun den eenzele Kandidaten, mee dat ganzt wat priméiert. Mee och hei muss sech gedëllegt ginn.

Säitens der ALEBA, wou de Generalsekretär Laurent Merz an der Lescht eppes „ëmstridde“ war, an aus net onerkläerleche Grënn net mat eis schwätzen, geet et ëm d‘Substanz. Si mussen am Secteur „Finanz“ (Grupp 4) d‘Majoritéit behalen, wa si weiderhin déi representativ Gewerkschaft bleiwe wëllen. Duerno huet et gëschter Owend net ausgesinn, och wann si d‘Hoffnung net opginn hunn.

Loosse mir also emol ofwaarden, wat den haidegen Dag nach esou un Iwwerraschunge parat hält (oder och net). Iert déi ganz Resultater virleien an endgülteg gewosst ass wien sech a wéi engem Secteur behaapte konnt, a wéi et mat der Verdeelung vun de Mandater fir d‘Salariatskummer ausgesäit, wäerten d‘Gewerkschafte keng Analys virleeën. An op déi si mir awer gespaant…

Ähnlech Sujeten ALEBA, FNCTTFEL, LCGB, OGBL, SNEP-BGL, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel