Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikemoneysurprise
Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt
Neiegkeeten

Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt

Gëschter huet „Alphabet“, d‘Mammenhaus vu Google, seng Resultater vum zweeten

money
Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen
Neiegkeeten

Wee sicht, dee fënnt: Google Datë-Zenter huet eng nei Heemecht zu Biissen

Mat der Bestätegung aus dem Wirtschaftsministère um Dënschdeg schéngt dann

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier

Eng éischt virsiichteg Analys

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier

Wann een op den éischte Bléck unhuele sollt, datt am grousse Ganzen all Mënsch u sech misst mat de Sozialwahlen zefridde sinn, esou relativiséiert sech dat, wann een an den Detail geet. Woubäi Detail ass gutt gesot: eng 1.500 Entreprise hunn nach ëmmer net hir Resultater virgeluecht…

Gräife mir also zu deem wat bis ewell „bestätegt“ ass, well een dat duerchaus schonn als e Resultat ka bewäerten datt representativ ass, an – ausser enger riseger Iwwerraschung – eigentlech nëmmen nach hannert dem Komma verännere sollt. Dat gesot, läit d‘Estimatioun haut de Muere wéi follegt um Dësch: Bei de Personaldelegéierten hu sech déi Onofhängeg Kandidaten duerchgesat kritt!

Si sinn net Member vun enger Gewerkschaft a setzen sech awer fir d‘Aarbechtskollegen an, déi sougenannt „non-syndiqués“, déi den etabléierte Gewerkschaften en Dar am A sinn, stellen iwwert d‘Hallschent (ëm déi 54 bis 55 %) vun den Delegatiounen an den Entreprisen. Den OGBL, deem de Gedanke vun enger Eenheetsgewerkschaft um Häerz läit, kënnt op iwwer 25% vu de Mandater.

Wat bis ewell geséchert ass

Déi gréisste „Kraaft“ am Kontext vun der Personaldelegatioun bleiwen, wéi schonn 2013, déi Dammen an Hären, déi (fir déi allermeescht) net Member an enger Gewerkschaft sinn. Si stelle mat eppes iwwert 3.700 Mandater déi gréisste Fraktioun duer (54,3%). Beim OGBL ass een net erfreet, an d‘Nora Back, ënnerstellt dëse Personaldelegéierten, d‘Gewerkschaften ze entmuechten…

Wann ee beim OGBL duerchaus zefridde sollt sinn, esou wäert een zu Esch op d‘Zuelen an op d‘Auswäertung vun de Mandater fir d‘Salariatskummer waarden, déi fir Enn Mäerz virgesi sinn. Dann eréischt kann een d‘Muecht vun der 1. Gewerkschaft zu Lëtzebuerg bestätegen. Et gesäit allerdéngs den Ament net duerno aus, wéi wann dem OGBL seng Virherrschaft a Fro gestalt géif.

Laut den Zuelen déi gëschter Owend virgeleeën hunn, huet den OGBL mat senge 5.120 Kandidaten 1.765 Delegéierter an nach emol 1.576 Suppleanten an den Entreprisen etabléiert kritt, wat 25,5% vun de Mandater ausmécht. Den LCGB hat 3.750 Kandidaten opgestallt, an dovunner sinn ewell mandatéiert: 1.065 Delegéierter an 950 Suppleanten, wat a Prozenter ausgedréckt 15,3% entsprécht.

Banken an Assurance bleiwen der ALEBA erhalen

Eng vun de Gewerkschaften, därer sech den OGBL, a méiglecherweis och den LCGB, gäre géifen entleedegen, ass d‘ALEBA. D‘Gewerkschaft fir de Secteur vun de Banken, Assurance an anere Finanzdéngschtleeschtungen, bleift Representativ, zumindest laut den nach provisoreschen Zuelen. Si konnten sech bei enger Rei Schwéiergewiichter verbesseren, hunn awer och Mandater verluer.

Op si awer d‘Resultater vun 2013 nach emol bestätege kënnen? D‘Pressespriecherin vun der Gewerkschaft, Sandra Carvalho, schéngt zumindest dovunner iwwerzeegt. D‘ALEBA géif also och weiderhin den Toun am Secteur uginn. Mee wéi gesäit et mat de Mandater an der Salariatskummer (CSL) aus? Kann d‘ALEBA seng véier Mandater verdeedegen? D‘Äntwert gëtt et am Abrëll…

Ähnlech Sujeten ALEBA, LCGB, OGBL, Personaldelegatioun, Sozialwahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel