Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!
orlando speed dating 50+

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!

De Fluch, bei deem zwee Belugae vu Shanghai an Island

dating namibia swakopmund
orlando speed dating 50+

no answers online dating

Haut wäerte wuel esou munch Leit vum Feierdag profitéieren, fir

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi
orlando speed dating 50+

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi

Viru kuerzem ass den touristesche Groussprojet „Suneo Park“ zu Wäisswampech

Sozialwahlen 2019: Digitaliséierung als zentraalt Thema beim LCGB

Déi chrëschtlech Gewerkschaft setzt den Akzent op fënnef Beräicher

Sozialwahlen 2019: Digitaliséierung als zentraalt Thema beim LCGB

Gëschter Owend huet den LCGB am Hall Polyvalent zu Schëffleng seng Memberen op den traditionellen Neijoerschdagspatt agelueden, an déi sinn dëser Invitatioun massiv nokomm. Natierlech waren d‘Gléckwënsch éischter „Niewesaach“ am Hibléck op d‘Sozialwahlen.

Laut dem „Organisateur“ waren si zu hirer 800, déi e Méindeg de Wee op Schëffleng fonnt haten. Dorënner och vill Kandidaten, an déi wëllen sech fir hir Komeroden asetzen: fir d‘Stäerkung vun der Kafkraaft, enger ugepassten Aarbechtszäitorganisatioun, der Gläichstellung tëscht dem privaten an ëffentlechem Secteur, der Digitaliséierung an der Flexibiliséierung vun der Aarbechtswelt…

An den LCGB huet Ambitiounen, déi am Kontext vun de Sozialwahlen op 3.000 Schëllere – esouvill Kandidaten hu sech opgestallt – verdeelt ginn. Si kënnen zudeem optimistesch an dëse Wahlkampf goen. Hir annoncéiert 40.850 Membere sti geschlossen hannert der Gewerkschaft, firwat et duerchaus Aussiichte gëtt, d‘Resultat vun 2013 fir d‘CSL (15 Mandater) ze verbesseren.

Hinne steet allerdéngs den éiwege „Géigner“ OGBL géinteniwwer, deen net dierft gewëllt sinn, op seng zweedrëttel Majoritéit an der Salariatskummer ze verzichten. Den OGBL-President Änder Roeltgen, hat en Dënschdeg dorunner och keng Zweiwel opkomme gelooss. Beim „Duell“ tëscht de Gewerkschaften, konzentréiert sech den LCGB op fënnef Haaptthemen, fir ze iwwerzeegen.

Stäerkung vun der Kafkraaft

Dem Salariat seng Kafkraaft erhalen a méiglecherweis Stäerken, ass eent vun den erkläerten Ziler déi sech den LCGB-President, Patrick Dury, zesumme mat senger Equipp an de Programm gesat hunn. „Mir wëllen a wäerten eis fir besser Gehaltskonditiounen am Kontext vun de Kollektivverträg asetzen, an esou d‘Kafkraaft vum Salariat stäerken“, betount de President mat fester Stëmm.

An den LCGB militéiert fir den Erhalt vum Index fir d‘Léin an d‘Pensiounen. Si fuerdere vun der Regierung eng Steierpolitik, déi besonnesch de „klenge Salairen“ entgéint kënnt, fir esouwuel de „Mëttelstandsbockel“ wéi d‘Rentner ze entlaaschten. Eng Fuerderung, déi kéint erfëllt ginn, well eng weider Steierreform ass zumindest am Koalitiounsaccord festgehale ginn.

Haaptthema: Digitaliséierung

Ee vun den wichtegsten Theme fir den LCGB ass zweiwelsfräi d‘Digitaliséierung. Keng, och net déi klengsten Entreprise, wäert dovunner verschount bleiwen, an den Impakt op d‘Salariat kann ee beim beschte Wëllen net virausgesinn. An dësem Kontext versprécht den LCGB-President senge Leit en Aktiounsplang deen et soll an sech hunn, a virun allem de Salarié begleede kann.

„Mir wäerten d‘Salariéeë bei der Digitaliséierung begleeden an eis fir d‘Stäerkung vun hire Rechter asetzen. (…) An dësem Sënn, mussen d‘Privatsphär vum Salarié geschützt, an Recht op Ofschalte séchergestallt ginn. (…) Ganz allgemeng muss d‘Aarbechtsrecht un déi nei Technologien ugepasst, an eng entspriechend Weiderbildungsméiglechkeet garantéiert sinn“, esou de Patrick Dury.

Ofsécherung vun der Aarbechtsplaz

D‘Existenz vum Salarié aus dem Privatsecteur ze sécheren, ass dat iewescht Gebuet vun eigentlech all Gewerkschaft, a fir de sougenannten „maintien dans l‘emploi“ wëll den LCGB sech asetzen. Hei gëtt et zwee Hiewelen déi d‘Gewerkschaft asetze wëll: dem Chômage de Kampf usoen; an e bessere Schutz fir de Salarié am Krankheetsfall. Egal wéi gutt sech d‘Konjunktur presentéiert…

Am Kader vum Chômage, soll et zu engem „alternative Modell“ kommen. Esou fuerdert den LCGB, datt d‘Gestioun vun der „Iwwerbesetzung“ unhand dem „CDR-Tool“ (Reklassement) gefouert gëtt, an de Mënschen d‘Méiglechkeet zougestane gëtt, Aarbechten am ëffentlechen Interessi ze iwwerhuelen. Besoin gëtt et genuch, wann ee beispillsweis un Ëmweltschutz denkt.

Wat de Salarié am Krankheetsfall betrëfft, esou soll et zu engem verbesserte Kënnegungsschutz kommen. Zumindest setzt sech den LCGB dofir an, a versprécht Verbesserunge beim Reklassement an d‘Ofschafe vum 78 Woche-Prinzip. Esou laang „dierf“ e Mënsch krank sinn, iert de Patron sech senger entleedege kann. Dat ass an eiser schnelllieweger Aarbechtswelt net vu Muttwëll…

Kontrolléiert Flexibiliséierung

D‘Patronat fuerdert vum Salariat eng „Flexibilitéit“ déi si näischt kascht, dofir awer gutt fir de Benefice soll sinn. Ëmmerhin huet den 24 Stonnen, do kann ee sech „8 Aarbechtsstonnen“ dach bestëmmt gutt andeelen? Net wann eenzeg an eleng de Salarié ass deen, esou gesäit d‘Patronat zumindest vir, déi ganz Nodeeler vun esou enger Moossnam ze droen huet.

Fir de Patrick Dury gëtt et dorops eng Äntwert: „Mir engagéieren eis zugonschte vu méi flexibelen Aarbechtszäite fir de Salarié, am Kader vun enger gemeinsamer Gestioun vun der Planifikatioun, duerch d‘Personaldelegatioun an dem Patron, an der Verbesserung vun de mobillen Aarbechtsstonnen, der Aféierung vun den Zäitspuerkonten, déi generell d‘Aarbechtszäit verkierzt.

Harmoniséierung tëscht Staat- a Privatsecteur

Lëtzebuerg soll bekanntlech eng nei Verfassung erhalen, an et ass net virstellbar, datt de Passus: „d‘Mënsche sinn all gläich“ dorausser verschwanne wäert. Wann et dann also e Prinzip vun der „Gläichheet“ scho gëtt, firwat gëllt dëse Prinzip net och an der Aarbechtswelt? Aus wéi engem gudde Grond, soll e Salarié vum Staat, deem aus dem Privatsecteur besser gestallt sinn?

Fir den LCGB gëtt et do keen ënnerscheet, an dofir muss eng absolut Gläichstellung vu Staat- a Privatsecteur ginn. An dat dann och net a „klengen handleche Portiounen“, mee op ee Schlag, a fir all déi concernéiert Beräicher: Zäitspuerkonten, Krankheetsfall, Pensioun, avm… Dat dierft awer och déi komplizéiertst Aufgab vun alle sinn, déi nëmme vun alle Gewerkschafte geléist ka ginn.

Ähnlech Sujeten CSL, Digitaliséierung, Flexibiliséierung, Kafkraaft, Kënnegungsschutz, Krankheetsfall, LCGB, Personaldelegatioun, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel