Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bolsonaro muss sech medezineschem Agrëff ënnerzéien a verpasst Amazonas-Sommet
psychological effects of dating

Bolsonaro muss sech medezineschem Agrëff ënnerzéien a verpasst Amazonas-Sommet

De brasilianesche President Jair Bolsonaro huet seng Participatioun um Amazonas-Sommet

online dating lame
psychological effects of dating

https://moien.lu/san-antonio-hookup-bars/

Fir déi ganz Schéinheet vun eisem Planéit a déi originell

Stärekrich… den Etienne schléit zréck
psychological effects of dating

Stärekrich… den Etienne schléit zréck

Wéi den Etienne Schneider (LSAP) als Wirtschaftsminister op d‘Leeder geklommen

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden

Sozialwahlen 2019: Beim LCGB ass ee mam Wahlausgang zefridden

Et muss senger Natur geschëlt sinn, datt de Patrick Dury, President vum LCGB, mat engem eeschte scho bal granzege Bléck, dat ausseruerdentlech a duerchaus begréissenswäert Wahlresultat vu senger Equipp de Medie virgeluecht huet. Den LCGB huet 3 Mandater an der Salariatskummer bäi kritt, an domatter hu sech de chrëschtleche Gewerkschaftsbond eigentlech selwer iwwertraff.

Datt d‘Campagne vum LCGB, esouwuel bei den direkten Delegéierten an den Entreprisen, a folgerichteg och an der Salariatskummer (CSL) hir Friichte gedroen huet, ënnersträicht dat si d‘Fuerderungen an d‘Wënsch vun hire Memberen erfëllt kréien. Dofir hu se och vill investéiert, d‘Erneierung ass erfollegräich – och wann nach net ganz ofgeschloss – vum Salariat ugeholl ginn.

A beim Patrick Dury héiert et sech dann esou un: „Eist globaalt Resultat vun dëse Sozialwahlen ass exzellent. Et ass d‘Resultat vun de villen Delegéierten, Kandidaten a Memberen, déi vun eise Mataarbechter ënnerstëtzt goufen, deenen ech fir hiert Engagement e grousse Merci soen. Elo muss op dësem Wee wieder gemaach ginn“. Deem dierften déi 42.000 Memberen zoustëmmen.

Gutt Aarbecht gëtt belount

Dat wichtegst allerdéngs, an do hunn dann och dem Patrick Dury seng Ae gëlleg geliicht: „den Thema Eenheetsgewerkschaft ass vum Dësch“. Den OGBL bleift awer onbestridden déi éischt Gewerkschaft am Land, an kann sech gläichfalls iwwert en historescht Resultat freeën. Eng Tréin am Knapplach hunn déi Escher awer och, well hire President ganz schlecht Ofgeschnidden huet.

Net dem LCGB säi Problem, wëll mat +22,03% géintiwwer 2013 – den OGBL kënnt op +10,43% – huet een och en Optrag erhalen. Dee gëllt et elo ze wierdegen, firwat et wichteg ass d‘Äerm eropzestrëppen an d‘Personaldelegatiounen op zolidd Féiss ze stellen. Konstruktiv awer decidéiert virgoen ass hei de Motto, fir datt d‘Rechter vum Salariat erhalen, gefestegt a gestäerkt kënne ginn.

Et muss een iwwerzeegen

Wa gewosst ass, datt de Stolsecteur eigentlech dem OGBL seng Spillwiss ass, kann ee verstoen, datt de Patrick Dury sech heizou eppes méi Zäit gegënnt huet. Et ass schonn eng kleng Iwwerraschung, datt den LCGB hei mat 27 vun 48 Mandater, déi stäerkste Kraaft ginn ass. Si huet zudeem 15 vun den insgesamt 30 effektive Mandater erhalen. Do sollten se sech zu Esch dann awer Froe stellen…

Mee och a villen anere Secteure (Finanzwiesen, Déngschtleeschtungen an Transport) huet sech déi chrëschtlech Gewerkschaft behaapte kënnen, a däitlech géintiwwer 2013 zougeluecht. Ganz schlecht gelaf ass et am Gesondheetssecteur, wou den LCGB 5 Mandater verléiert. Dat sollt een dann awer am Kontext vum Sozialkonflikt an den Alters- a Fleegeheimer net iwwerbewäerten.

Wéi och ëmmer, wat d‘Sozialwahlen 2019 ubelaangt ass den LCGB den effektive Vainqueur. Elo wier et immens flott, wann de Patrick Dury – dee sech jo kenge Virwërf stelle muss – dann och nees säin häerzlecht Laache géif opsetzen. Et ass schliisslech net méi wäit bis zum 1. Mee, an wann et zu Réimech esou e flott Fest gëtt wéi d‘lescht Joer soll ginn, muss d‘Freet am Zelt ze spiere sinn.

De ganzen Detail, Secteur fir Secteur an wien wou als Kandidat/Delegéierte gewielt ginn ass, fannt dir HEI

Foto: „Mir haten dës Kéier fir d‘Éischt eng Lëscht bei engem vun de sougenannte „Big Four“ aus dem Finanzwiesen deponéiert, a hunn hei 3 vun de 16 effektive Mandater erhalen. Wa gewosst ass datt déi aner un onofhängeg Kandidate gaange sinn, eng gutt Grondlag fir d‘Zukunft. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CSL, LCGB, OGBL, Patrick Dury, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel