Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister
https://moien.lu/wonders-dating/

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

hi dating website
https://moien.lu/wonders-dating/

hook up with anyone meaning

Wann et dem Jean-Claude Juncker an der EU-Kommissioun nogeet: Jo!

money
Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!
https://moien.lu/wonders-dating/

Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!

Gëschter huet IDEA scho säi 6. „Avis Annuel“ presentéiert. Am

Sozialwahlen 2019: den LCGB huet e Programm

D‘Rechter vum Salariat am Zäitalter vun der Digitaliséierung sécheren

Sozialwahlen 2019: den LCGB huet e Programm

Nom OGBL, deen déi lescht Woch d‘Campagne zu de Sozialwahlen 2019 lancéiert huet, war et gëschter de Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB), deen de Medien en Abléck op de Programm vun der Campagne ginn huet. Am Mëttelpunkt stinn hei 5 Engagementer.

Et war dann och um LCGB-President Patrick Dury, fir op déi essentiell Punkten anzegoen, iert et owes zu Suessem, géintiwwer enge ronn 500 Delegéierten, an den Detail gaangen ass. Erwaart gëtt sech vun de Sozialwahlen am nächste Joer, datt et generell méi Mandater gëtt, an een och an der Salariatskummer (CSL) eng gréisser Representativitéit erhale kann.

A et gesäit aus, wéi wann den LCGB seng Chancen hätt, sech ze verbesseren. Ëmmerhin, esou de Patrick Dury, sollt een net vergiessen, datt den LCGB déi eenzeg Gewerkschaft ass, déi sech massiv fir d‘Servicer am Privatsecteur asetzt. Zudeem ass fir den LCGB „Haut scho Muer“.

„Haut mussen déi richteg Weeër ageschloe ginn, fir d‘Aarbecht vu muer sécherzestellen“, esou den LCGB-President, deen domatter an éischter Linn d‘Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt am A huet. Dofir dann och déi 5 Engagementer: Kafkraaft – Aarbechtszäiten – Existenzsécherung – Gläichstellung vun alle Salariéeën – Digitaliséierung.

D‘Verflichtungen am Iwwerbléck

De LCGB setzt sech fir d‘Stäerkung vun der Kafkraaft an, dat duerch den Erhalt vun der Loun- a Rentenindexéierung, esou wéi duerch d‘Upassung vun de Sozial- a Familljeleeschtungen. De LCGB fuerdert – nieft optimale Gehaltskonditiounen an de Kollektivverträg – eng Steierpolitik, déi d‘Salariéeë mat Niddregloun entlaascht, fir de „Mëttelstandsbockel“ ze glätten.

An dësem Kontext, esou de Patrick Dury, muss och eng Erhéijung vum soziale Mindestloun an d‘A gefaasst ginn. Fir den LCGB läit dës Erhéijung bei 136 Euro/Mount, woubäi dat nëmmen da Sënn mécht, wann et zu enger regelméisseger Upassung vum Mindestloun un d‘Lounentwécklung kënnt.

Gefuerdert gëtt och d‘Upassung vun der Aarbechtszäitgestaltung un d‘Digitaliséierung, inklusiv méi Flexibilitéit zu Gonschte vum Salarié. Dee misst e Recht op Deelzäitaarbecht, e mobillen Horaire, d‘Aféierung vun Zäitspuerkonten an nei Aarbechtszäitmodeller erhalen, fir d‘Dauer vun der Liewensaarbechtszäit ze verkierzen. Fuerderungen déi vum Patronat esou, net gäre gesi ginn…

E wichtege Sujet: Existenzsécherung. Hei setzt sech den LCGB fir e verbesserte Schutz vu kranke Salariéeën an. Gefuerdert gëtt eng verbessert Beruffsaglidderung an d‘Ofschafe vun der 52, respektiv 78 Wochegrenz bei Laangzäiterkrankung. Hei mussen alternativ Modeller agesat ginn.

Doriwwer eraus, fuerdert den LCGB, datt weider dru geschafft gëtt, fir datt et endlech zu enger absoluter Gläichstellung tëscht de Salariéeën aus dem privaten an dem ëffentleche Secteur kënnt. Dat grad oder besonnesch am Hibléck op d‘Zäitspuerkonten, dem Schutz virun Aarbechtslosegkeet a Krankheet. Da wier endlech och den Aarbechtsmaart, Verfassungskonform.

D‘Häerzstéck: Digitaliséierung

Ugesiichts enger sech verännerender Aarbechtswelt mat onëmgängleche Froen zu „Homeoffice“, neie Forme vum Aarbechtsverhältnis, der Reorganisatioun vum „Entrepreneur-Betrib“, der Schaff mëttels enger digitaler Plattform, dem Autorerecht an dem Dateschutz, setzt sech de LCGB dofir an, de Risk vun engem digitalen Ecart – op Grond vun Alter, Bildung an Akommes – kleng ze halen.

An dësem Kontext fuerdert den LCGB eng besser Betreiung vun de Salariéeën, besonnesch wat d‘Aus- a Weiderbildung, d‘Upassung vum Aarbechtsrecht un den digitalen Zäitalter (inklusiv den neien Aarbechtsformen an Technologien) an e Recht op Ofschalten zum Schutz vun der Privatsphär.

Hei gëtt et dann och e Appell un d‘Parteien, déi un der nächster Regierung schaffen. De LCGB geséich et gären, wann et zu engem Digitaliséierungsministère an engem verbesserten Dateschutz kéint kommen. Eng Propose déi esou verkéiert net ass, muss dach d‘Komplexitéit vun dëser Domäne berécksiichtegen. Et dierft awer nach e Strapp daueren, bis dee Wonsch erfëllt gëtt.

Et sollt ee sech op en interessanten, thematiséierte Sozialwahlkampf astellen. Mat 15 vu 60 Mandater an der Salariatskummer, ass den LCGB déi „zweet Kraaft am Land“. Berécksiichtegt een, datt den LCGB sech iwwer Rekord-Memberszuelen erfreet, kann et tatsächlech nëmme besser ginn.

Foto: De LCGB-President Patrick Dury: „Mir wëllen eis an alle Secteure wou de LCGB present ass verbesseren, an och an der Salariatskummer eis Mandater stäerken. Mee méi wéi d‘Zuel vun de Sëtz an de Mandater, ass et eis wichteg, datt all Member a sengem Aarbechtsëmfeld op seng Gewerkschaft vertraue kann, an dat zu all Ament“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Kafkraaft, LCGB, Patrick Dury, Sécherheet, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel