Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?
Neiegkeeten

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an

Du wëlls an der EU méi ze soen hunn? Dës Biergerconsultatioun bitt der eng Méiglechkeet!
Neiegkeeten

Du wëlls an der EU méi ze soen hunn? Dës Biergerconsultatioun bitt der eng Méiglechkeet!

Vir den Europadag vun haut bitt d’Europa Kommissioun d’Geleeënheet, un

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht
Neiegkeeten

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op

Mat iwwer 4.000 militant Kandidate gëtt de Kampf géint Patronat a Regierung ugetrueden

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op

Den 12. Mäerz fannen d‘Sozialwahle statt, a wie gëschter am Tramsschapp um Lampertsbierg gutt uecht gedoen huet, dee weess elo, datt den OGBL net eleng d‘Sozialwahlen am A huet, mee sech virun allem virgeholl huet, eng gréisser sozial Offensiv ze lancéieren. An de kommende Méint soll et zu däitleche Verbesserunge beim Aarbechtsrecht an den Aarbechtskonditioune kommen.

Mee virum Kampf mussen d‘Truppen op dat selwecht Zil ageschwuer ginn, an et wier natierlech e grousse Virdeel, wann den OGBL sech am Kader vun de Sozialwahle verbessere géif. Den OGBL ass d‘Gewerkschaft „Nummer 1“ zu Lëtzebuerg, an zielt eng 70.000 Memberen. Si an déi eppes iwwer 4.000 Kandidaten, sollen sech dann elo och fir unzefänken, op d‘Sozialwahle konzentréieren.

A fir dëse Wahlkampf huet sech dem OGBL-President André Roeltgen seng Equipp en zolitte Programm operluecht. Esou soll et am Kontext vun de Sozialwahlen zu méi Presenz um Terrain kommen, an dat en éischter Linn, fir d‘Salariat vun der Wichtegkeet vun dëse Wahle fir hir Zukunft ze iwwerzeegen. Et dierft net zu enger „desinteresséierter“ Wahlbedeelegung wéi 2013 kommen.

An tatsächlech, war den Interessi vum Salariat u Sozialwahle bis dato éischter „verhalen“ bis guer net existent. Mat enger Participatioun vu grad emol 35,6 %, hunn déi Lëtzebuerger Salariéeën sech méi geschuet wéi et néideg war, an dem Patronat vill Argumentatiounsspillraum gebueden, fir déi eege Fuerderungen duerchzesetzen. An d‘Patronat besteet net op d‘Existenz vu Gewerkschaften.

Wichteg Institutioun: Salariatskummer

Wann et richteg ass, datt nieft de Gewerkschaften, och d‘Salariatskummer (CSL) d‘Interesse vun den Aarbechter an Employée verdeedegt, esou sollten déi wëssen, datt d‘Besetzung dovunner bei de Sozialwahlen entscheet gëtt. Et geet nu emol net duer sech um Comptoir beim Wiert oder doheem bei der Fra ze beschwéiere fir datt et besser gëtt. Als Member vum OGBL huet ee besser Chancen.

An dofir den Appell un d‘Militanten a Kandidaten déi op viischter Front kämpfe mussen, all seng Aarbechtskollegen ze ermonteren un dëser Wahl deelzehuelen. Se sollten deenen, déi de Sënn an Zweck vun enger Gewerkschaft nach net erkannt hunn, emol virun Ae féieren, wéi erfreet all déi Patronatsverbänn wieren, wann den OGBL oder d‘Gewerkschaften un Afloss géife verléieren.

E Patronat datt aktuell och säin Arsenal iwwerpréift, nodeems et säfteg an d‘Gladder gouf, bei de Verhandlungen zum Kader-Gesetz iwwert d‘Aarbechtszäit. Dozou huet den André Roeltgen nach gemengt: „Aarbechtszäit ass fir de Salarié och Liewenszäit. Fir d‘Patronat ass eenzeg e Mëttel mat deem Geld verdéngt gëtt“. Dat ass wuel net verkéiert, woubäi och nach Patrone gëtt déi schaffen.

Am Kontext vun de Sozialwahlen ass et net verkéiert och emol nees op déi vill Erfolleger vum OGBL an de leeschte Joren hinzeweisen. Esou wier et (och) dem OGBL geschëlt, datt et nees eng Indextranche gëtt. E Mechanismus, esou den OGBL-President, deen och vun der Regierung net méi a Fro gestallt gëtt. D‘Erhéijung vum Mindestloun, dee wuel eppes kleng ausgefall ass, an awer…

Nach wäit vum Zil ewech

Mat der Fuerderung vun enger 6. Congéswoch wier ee wuel nach net ganz bei den Erwaardungen ukomm, mee den zousätzlechen Dag Congé an e weidere Feierdag, si jo och net verkéiert. Dat den OGBL gëschter Owend am Tramsschapp der Regierung e puer „Warnungen“ ausgeschwat huet, kann een dem Wahlkampf ukräiden, mee se dierften och no de Sozialwahlen nach Gültegkeet hunn.

Verschlechterungen am Aarbechtsrecht, a weidere Sozialofbau géifen net toleréiert, heescht do. A wann et do ee Minister vum „Héich an Déifbau“ tatsächlech mengt et misst zu méi Flexibilitéit beim Kollektivcongé kommen, dann huet dësen – et handelt sech ëm de François Bausch – sech fatzeg geschnidden. Esou eppes kann nëmmen iwwert de Kollektivvertrag gereegelt ginn.

Iwwerhaapt, esou de Standpunkt vum onofhängege Gewerkschaftsbond, wieren d‘Kollektivverträg an déi beruffsiwwergräifend Accorden, d‘Grondlag vun der Gewerkschaftsaarbecht. Hei soll et jo och – zumindest laut Regierungsprogramm – zu engem legale Kader kommen. Wéi dee soll ausgesinn a wéi d‘Patronat dëse wäert unhuelen, muss een da gesinn. Einfach gëtt och dat net.

Hei ass dann och nach eng kéier drop higewise ginn, datt grad emol d‘Hallschent vum Salariat sech op e Kollektivvertrag oder e beruffsiwwergräifenden Accord beruffe kann. Dat géif dann och den Appell zur „Eenheetsgewerkschaft“ rechtfäerdegen. Et kéint ee sech nu emol keng Zerspläiterung vun der gewerkschaftlecher Beweegung leeschten, wann ee Patronat a Regierung d‘Stir bidde wëll.

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Kollektivvertrag, OGBL, Patronat, Regierung, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel