Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten
Neiegkeeten

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten

Zanter elo 20 Joer iwwerhëlt de CIGL (Zenter fir lokal

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)

D’Police „ka näischt maachen“. Den Telefonsubidder verdéngt nach gutt Geld um

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus
Neiegkeeten

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

Um Samschdeg huet de Poopst Franziskus déi „dramatesch Sterilitéit“ vun

Sozialwahlen 2019 – d’Resultater sti fest!

Sozialwahlen 2019 – d’Resultater sti fest!

Um 12. Mäerz waren nees Sozialwahlen, bei der ënnert anerem d’Chambre des Salariés duerch Ofstëmmung erneiert ginn ass. D’Resultater vun de Walen, bei der op nationalem Niveau d’Vertriedung vun de Salariéen a Pensionéierte bestëmmt gëtt, sti mëttlerweil fest.

Am Ganze sinn 9 Gruppen ënnerscheet ginn. Dorënner ass de Secteur vun der Eisenindustrie, d’Secteuren an aneren Industrien, de Secteur vun der Konstruktioun, de Secteur vun de finanzielle Servicer an der finanzieller Vermëttlung, de Secteur vun de Servicer an anere Branchen déi kee speziellen Numm hunn, de Secteur vun der ëffentlecher Administratioun an den Entreprisë mat ëffentlechem Charakter am Secteur Kommunikatioun, Waasser an Energie, de Secteur vun der Gesondheet an dem Sozialwiesen, d’CFL an zu gudder Läscht d’Empfänger vun enger Pensioun oder Invaliderent.

Ee kuerze Resumé

Grupp 1

3.005 Persounen hu gewielt, dovunner waren 2.901 Stëmme gëlteg. Heibäi krut den OGBL mat 51,82 % dräi Sëtzer an den LCGB mat 48,18% 2 Sëtzer.

Grupp 2

9.868 Persounen hu gewielt, dovunner waren 9.020 Stëmme gëlteg. Heibäi krut den OGBL-L 54,88% an soumat 4 Sëtzer an den LCGB 45,12% an och 4 Sëtzer.

Grupp 3

11.648 Persounen hu gewielt, wouvun 10.296 Stëmme gëlteg waren. Den OGBL huet mat 63,92% 4 Sëtzer kritt, den LCGB krut mat 36,08% 2 Sëtzer.

Grupp 4

14.550 Persounen hu gewielt, wouvun 13.984 Stëmme gëlteg waren. Heibäi krut den OGBL mat 31,58% 2 Sëtzer, den LCGB mat 19,2% just 1 Sëtz an ALEBA mat 29,22% 4 Sëtzer.

Grupp 5

Heibäi hunn 51.422 Persoune gewielt, wouvun 46.970 Stëmme gëlteg waren. Sou huet den OGBL mat 65,96% 9 Sëtzer kritt an den LCGB mat 34,03% 5 Sëtzer.

Grupp 6

D’Unzuel u Persounen, déi gewielt hu läit bei 9.062, wouvun 8.319 Stëmmziedele gëlteg waren. Hei huet den OGBL mat 56,06% 2 Sëtzer kritt, den LCGB mat 29,49 1 Sëtz an den FGFC mat 14,45% kee Sëtz.

Grupp 7

17.407 Leit hu gewielt an 16.318 Stëmme war egëlteg. Den OGBL krut mat 78.1% 5 Sëtzer an den LCGB mat 21,9% 1 Sëtz.

Grupp 8

Hei hunn 3,780 Persounen hir Stëmm ofginn, woubäi 3.569 Ziedel gëlteg waren. Den FNCTTFEL huet mat 59,68% 2 Sëtzer kritt, SYPROLUX krut mat 40,32% 1 Sëtz.

Grupp 9

Vun 127.069 Persounen hunn der 50.998 gewielt. Heibäi ware 46.838 Stëmme gëlteg wouduerch den OGBL mat 60,64% 4 Sëtzer kritt, den LCGB mat 32.05% 2 Sëtzer an ALEBA mat 7,31% kee Sëtz.

Déi genau Zuelen a weider Detailer kënnt dir Iech HEI ukucken.

Ähnlech Sujeten ALEBA, FNCTTFEL, Gewerkschaft, LCGB, OGBL, Resultater, Sozialwahlen 2019, Syprolux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel