Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Winterlights 2019: Dir wëllt ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren?
top dating app in pune

Winterlights 2019: Dir wëllt ee Chalet lounen oder ee Stand reservéieren?

Vun Donneschdes, den 21. November bis Dënschdes, de 24. Dezember

funny dating online quotes
top dating app in pune

Méi Finanzmëttel fir déi politesch Fraktiounen

2020 soll et – esou war et och am Koalitiounsaccord

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren
top dating app in pune

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren

Um Mëttwoch hunn sech déi liberal Premierministeren an EU-Kommissären, op

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

D‘Eisebunnergewerkschaft Syprolux, hat e Freideg an e Samschdeg, am Virfeld vun de Sozialwahle vum Mäerz 2019, säin Nationalkongress ofgehalen. Virgestallt goufen d‘Kandidaten, mee et ass och vill iwwert d‘Zukunft vum ëffentlechen Transport diskutéiert ginn.

Et ass onbestridden, datt den ëffentlechen Transport eng reell Alternativ zum Auto ass, mee dës „Alternativ“ huet e schwéiere Stand. Besonnesch d‘CFL géif zum Affer vum eegenen Erfolleg, mengt zumindest d‘Presidentin vun der Gewerkschaft, Mylène Bianchy. En Erfolleg zudeem, deen a kenger Hisiicht deene Salariéeën zerguttst kënnt, déi d‘Syprolux vertrëtt…

Fir d‘Presidentin schéngt et erwisen, datt sollt déi zukünfteg Regierung hiren Absichten Dote follege loossen, et zu Verschlechterungen am Secteur komme wäert: decaléiert Aarbechtszäiten, Ofbau vun Aarbechtsplazen, ëmmer méi Verspéidungen… An d‘Mylène Bianchy ass alles anescht wéi erfreet doriwwer, datt déi zukünfteg Regierung, de gratis-ëffentlechen Transport prekoniséiert.

Geet et nach mam Geliits?

„D‘Syprolux ass géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport. Déi Moossnam féiert zu enger däitlecher Entwäertung vun de Beruffer am Secteur. Et gëtt kee Verkaf a keng Kontroll vun de Billjee méi. De Beruff vum Kontroller oder dem Guichetier verschwannen“, esou déi däischter Zukunftsvisioun vun der Syprolux-Presidentin, déi sech ëm den „Image“ vun den CFL suergt.

Si schéngt iwwerzeegt, dat ofgesi vun den Aarbechtsplazen déi verluer ginn, et zu enger massiver Zounam vum Vandalismus kommen deet. Deen hätt dann erëm en Impakt op d‘Sécherheetsgefill vun de Passagéier, déi sech selwer iwwerlooss wieren. Passagéier déi keng Informatioune méi géifen erhalen, well kee méi do ass fir hinnen déi ze ginn. Dat wier schonn a vill Garen de Fall.

Bei der Syprolux vertrëtt een ganz däitlech de Standpunkt, datt wann een eng Déngschtleeschtung wëll, da misst een och dofir blechen. An och wann de „Bäitrag“ geréng ass, et géif sech hei och ëm eng Unerkennung vun der Aarbecht handelen, déi d‘Eisebunner all Dag leeschten. „Wat näischt kascht, gëtt net respektéiert“, ënnersträicht déi energesch Presidentin an hirer Ried.

Et gi méi Mataarbechter gebraucht

Interessant ass, datt d‘Syprolux mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport de Verloscht vun Aarbechtsplaze gesäit, an am selwechten Otemzuch feststellt, datt et iwwerall un Hänn feelt. Laut der Syprolux wier et esou: „alles huet et Präis a verschidde Servicer droen d‘Käschte vun den groussen Infrastrukturaarbechten“. Et géif net genuch Leit an d‘Organisatioun wier schlecht.

Syprolux

D‘Syprolux stellt 64 Kandidate fir d‘Sozialwahlen op, dovunner eng 40, déi sech fir d‘Éischt esou enger Wal stellen. Si hunn och eng däitlech differenzéiert Approche, am verglach zum Landesverband (FNCTTFEL), deen éischter vir d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ass. Eng Solidaritéitserklärung mat de Salariée vun der Luxtram, huet et och net ginn.

D‘Mylène Bianchy stellt och hei fest: „Zum aktuellen Zäitpunkt, kënnt e Mataarbechter aus dem Service ‚Maintenance vun den Infrastrukturen‘ duerchschnëttlech op 43 Deeg ‚Fräizäitausgläich‘. Déi kënnen awer net geholl ginn“. E gutt Argument, fir d‘Fuerderung no méi Personal an enger besserer Organisatioun, während der Campagne zu de Sozialwahlen oprecht ze erhalen.

Da gëtt erkläert, datt d‘Leit während der Vakanz an iwwert de Weekend op Schichte schaffen, mee hir Aarbechtspläng eigentlech zu Zäiten erstallt goufen, wou nëmmen dovunner riets war, datt am Dag geschafft gëtt, an dat och nëmme vu Méindes bis Freides. De Schichtbetrib misst deemno zur Reegel ginn, an d‘Regierung wier gutt beroden, unhand de ville Chantieren, dat ze iwwerdenken.

E Schratt zréck, fir besser virunzekommen

Dozou erkläert d‘Presidentin: „Trotz de Chantieren, muss den Zuchverkéier geséchert bleiwen, wat mat sech bréngt, datt een d‘Gefill huet, se géife keen Enn fannen. D‘CFL awer huet kee sekundäre Reseau, op deen ausgewach kéint ginn. D‘Verspéidungen huelen zou, d‘Roserei vun de Passagéier och. Déi verginn sech net un der Direktioun, mee un de Beamten déi hinne géinteniwwer stinn“.

Et kéint een dës Situatioun nëmme verbesseren, wann een e klenge Schratt zréck mécht. Gemengt ass domatter, datt d‘Zich nees am 20 Minuttentakt fuere sollen, an den Akzent op Zouverlässegkeet geluecht gëtt. Zudeem sollt beduecht ginn, datt esoulaang wéi d‘Aarbechten an der Stater Gar nach unhalen, et zu enger Iwwerlaaschtung vum Service kënnt, wat eng Belaaschtung fir d‘Personal ass.

Bei der Syprolux ass een dann awer zefridden, datt d‘Eisebunn zu Lëtzebuerg sech gutt entwéckelt, mee déi sengerzäit ofgebaute Linnen der CFL haut feelen. Esou sinn d‘Eisebunner d‘Affer vum, engersäits, eegenen Erfolleg, an anersäits, dem Wirtschaftswuesstem, gi sinn. Et ass den Ament eng schwiereg Situatioun, mee d‘Modernisatioun vum Reseau an dem Material ass noutwenneg.

Ähnlech Sujeten Eisebunn, Eisebunnergewerkschaft, Gratis Ëffentlechen Transport, Sozialwahlen 2019, Syprolux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel