Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtsplazofbau no Rekordëmsaz bei RTL Group S.A.
https://moien.lu/dating-1970s-stratocaster/

Aarbechtsplazofbau no Rekordëmsaz bei RTL Group S.A.

Ganz esou wéi Bertelsmann et Enn August annoncéiert huet, ass

dating while closeted
https://moien.lu/dating-apps-buenos-aires/
https://moien.lu/dating-1970s-stratocaster/

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

e-Lake 2019 – Ee fiichte Festival mat Bosse, Querbeat a Co
https://moien.lu/dating-1970s-stratocaster/

e-Lake 2019 – Ee fiichte Festival mat Bosse, Querbeat a Co

Wat ee Weekend um Iechternacher Séi! Och an dësem Joer

Sozialwahlen a Salariatskummer (eng Analys)

Den „Escher“ hir Hoffnunge sinn net erfëllt ginn

Sozialwahlen a Salariatskummer (eng Analys)

Et huet, bis dann endlech och d‘Sëtzverdeelung an der Salariatskummer offiziell annoncéiert konnt ginn, eppes gedauert. Wat d‘Resultat betrëfft, esou dierft et „Enttäuschungen“ ginn hunn, well den OGBL huet wuel déi absolut Majoritéit behalen, mee anersäits Plommen hänke gelooss.

Mat 35 vu 60 Mandater déi d‘Salariatskummer ze verginn huet, konnten déi Escher zwar hiren Usproch op d‘Féierung verdeedegen, hir Ziler allerdéngs hu se net erreecht, ganz am Géigendeel. Dofir huet de Konkurrent vun der „Et soll nëmmen eng Gewerkschaft zu Lëtzebuerg ginn“, den LCGB mat 18 Sëtzer an der CSL, e super Resultat virzeweisen. D‘ALEBA dogéint…

An et ass interessant, wëll den OGBL, dee sech virgeholl hat den Doublé ze huelen, huet esouwuel am Kontext vun den Delegéierte wéi och der Salariatskummer, versot. Woubäi, wann ee sech emol d‘Zuele vun der „Bedeelegung“ ukuckt de Facto all d‘Gewerkschafte versot hunn. Ronn eng hallef Millioun Mënsche ware wahlberechtegt, an ofgesi vum Grupp 9 war d‘Wahlbedeelegung grouss.

Eng kleng Iwwerraschung huet et dann am Grupp 5 (Aviatioun) ginn, wou den OGBL-President net méi gewielt ginn ass. Dat dierft en Impakt hunn, net eleng innerhalb dem OGBL, mee et stellt sech jo och d‘Fro vun der Presidence an der CSL. Dat erkläert firwat sech gëschter den André Roeltgen net zu de Resultater äussere wollt. Dat soll haut, no der Sëtzung vum Nationalcomité, geschéien.

Beim LCGB ass een dogéint mat sech zefridden. Et huet een dräi Mandater méi wéi nach viru fënnef Joer. Fir de President Patrick Dury e klore beweis, datt si hir Aarbecht gutt gemaach hunn, déi virgeholl Verännerungen hir Friichte gedroen hunn. Den LCGB verbessert sech dann och ëm net manner wéi +4,5%, woubäi si vun der Absence vum NGL-SNEP dierfte profitéiert hunn.

Laang Gesiichter dogéint bei der ALEBA, déi bei bekannt gi vun de Delegéierten nach d‘Hoffnung haten, hir „Representativitéit“ am Banke- an Assurancësecteur ze behalen. Si kommen elo awer nëmmen op 49,22% firwat hir Representativitéit eigentlech bei der Däiwel ass, a si net an der CSL vertruede wieren. Dogéint wëllen se sech elo bei der ALEBA wieren.

Den ALEBA-Generalsekretär, Laurent Mertz, ass iwwerzeegt, datt eng esou „systemrelevant Gewerkschaft“ awer seng Plaz an der Salariatskummer muss hunn. Et kéint net am Sënn vum Gesetz sinn, eng Gewerkschaft mat dësem „Gewiicht“ aus der CSL auszeschléissen. Si bestinn deemno op hir Representativitéit, woubäi d‘ITM sech un déi bestoend Gesetzer ze halen huet.

Bei der Eisebunn, wou sech just de Landesverband (FNCTTFEL) – dee sech dem OGBL ugeschloss huet – an d‘SYPROLUX géinteniwwer gestanen. De Landesverband kann sech, obwuel hien hei ronn 3% un säi Konkurrent verluer huet, mat bal 60% behaapten. Bei 3 Mandater ass d‘Rechnung séier gemaach. U wat et ka geleeë sinn, datt de Landesverband eppes nogelooss huet…

Wat elo d‘Presidence vun der CSL ugeet, esou ass gewosst, datt de Jean-Claude Reding (OGBL) no zwee Mandater d‘Blat botze muss. Eigentlech wier den André Roeltgen den designéierte President vun der CSL, mee deen ass net emol als „effektive Member“ vun der Salariatskummer gewielt ginn. Den Usproch op d‘Presidence dierft den OGBL-President faktesch gesinn, net stellen.

Dat nennt een „domm gelaf“, well den André Roeltgen dierft sech net emol virgestallt hunn, datt hien „net“ CSL-President kéint ginn. Ëmmerhin huet hien seng Successioun innerhalb dem OGBL jo schonn orchestréiert. Hei wier als Nofolgerin d‘Nora Back, déi am Kontext vum Sozialkonflikt an den Alters- a Fleegeheimer, eng gewëssen Notorietéit opgebaut huet. Verdéngt, muss ee soen.

A well sech den Nationalcomité vum OGBL nach d‘Analys virbehalen huet, an esou eréischt haut dierft zu der Mandatsverdeelung an der Salariatskummer Stellung ergräifen, ass net gewosst, op den André Roeltgen dem Nora Back de Virtrëtt bei der CSL-Presidence iwwerléisst a „Chef“ vun der Gewerkschaft bleift, oder op et hei zu engem „Deal“ kënnt an um initiale Plang festgehale gëtt.

Ähnlech Sujeten ALEBA, CSL, Landesverband, LCGB, OGBL, Salariatskummer, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel