Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?
Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?

Veianen ass zwar eise klengste Kanton, mee en huet eng

coollove
Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff
Neiegkeeten Sport

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff

Am Abrëll hat d‘Stad Lëtzebuerg de Service vum Locatiounsvëlo nei

dislike
Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!
Neiegkeeten Sport

Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!

Am Haus vun der europäescher Union um Krautmaart, ass um

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira

No engem Mount „Vakanz“ ass d‘Saison vum Porsche Mobil 1 Supercup, zesumme mat der Formel 1, nees fortgefouert ginn. Fir sécherzestellen, datt d‘Reprise vum Championnat och mat de beschte Viraussetzunge ka begaange ginn, ass de Lëtzebuerger Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, an der „Paus“ am däitsche Porsche Carrera Cup matgefuer.

Déi éischt Course no der Reprise ass um berühmte Circuit vu SPA-Francorchamps gefuer ginn. Et ass déi längste Streck vun der Saison, an extrem technesch, wat sech besonnesch bei der Montée „de l‘Eau-Rouge“ an der Kéier „Raidillon“ bemierkbar mécht. Den Dylan Pereira ass dann och ganz optimistesch an de Weekend gaangen. Hin ass souzesoen op senger Heemechtsstreck gefuer, a war vu senge Sponsoren a Fans ëmginn, déi komm ware fir him de Réck ze stäipen.

Eise Lëtzebuerger Pilot, deen en natierlecht Talent huet fir séier ënnerwee ze sinn, an intelligent genuch ass d‘Resultater net aus den Aen ze loossen, huet bei den Essaien der Virsiicht d‘Prioritéit gelooss. Him war net dru geleeë mat séieren Tier Androck ze schënnen, an huet sech entscheet, déi bescht méiglech Balance an Astellung fir d‘Course ze fannen.

Vill Verkéier

Wéi an d‘Qualifikatioun eragaangen ass, huet den Dylan Pereira sech sechs Minutte laang zréckgehalen. D‘Konkurrenz huet an där Zäit d‘Pist „gebotzt“, wat vir eise Lëtzebuerger Espoir vu Virdeel sollt sinn. Gutt, wéi hien aus de Boxegaass erausgefuer ass, war natierlech eppes méi Trafic wat een net als optimal bezeechne kann. Mee no der néngter Qualifikatiounsronn, ass et dem Pilot vum Lechner Racing Team gelongen, déi sechsten Zäit vun 33 Starter ze erreechen.

D‘Viraussetzunge fir eng gutt Course waren no der Qualifikatioun richteg gutt. Wéi et dunn op den Depart gaangen ass, huet sech de Lëtzebuerger alt nees duerch e super Start ervirgedoen. Leider sollt d‘Gléck den Dylan Pereira schonn an der éischter Kéier verloossen.

En technesche Problem mat der Boîte op sengem Porsche GT3 Cup, huet dem Dylan, an et kann een et net anescht soen, de ganze Weekend reegelrecht verschass. D‘Aussiichten op de Podium waren duerchaus ginn. Mat der Laun war et eriwwer, wat een dem Dylan Pereira elo wierklech ka verdenken. Op dëser Plaz dierf een dann op de Versteesdemech vun de Sponsoren a Fans hiweisen. Si hunn eisem Lëtzebuerger Espoir nees e Laachen an d‘Gesiicht gezaubert.

Den Dylan Pereira wäert et dann och verstoen seng Revanche ze huelen, an dat schonn de nächste Weekend, wann déi 8. Manche am Porsche Mobil 1 Supercup zu Monza an Italien gefuer gëtt.

Resultat vun der Course Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Thomas Preining
  • 2. Plaz Zaid Ashkanani
  • 3. Plaz Mattia Drudi

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Michael Ammermüller
  • 8. Plaz Dylan Pereira

Site web: www.dylan-pereira.com

Facebook: www.facebook.com/dylanpereiramotorsport

Twitter: www.twitter.com/dylanpereiralu

Instagram: www.instagram.com/dylanpereiraofficial

Foto: © Serstevens/ATP

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup, Spa-Francorchamps
Nächsten Artikel Virrechten Artikel