Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun
Auto International top local dating apps https://moien.lu/stages-of-dating-me/

https://moien.lu/online-dating-references/

Et war en iwwersiichtlechen Empfang fir Neijoerschdag, deen d‘KPL am

Automobilsport: Den Dylan Pereira zitt sech gutt aus der Affär
Auto International top local dating apps https://moien.lu/stages-of-dating-me/

Automobilsport: Den Dylan Pereira zitt sech gutt aus der Affär

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup um Red Bull

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt
Auto International top local dating apps https://moien.lu/stages-of-dating-me/

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt

„Hei ass et d‘Hell“, „Leit stierwe fir näischt“: Zu Marseille

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen

Eng éischt Pole-Positioun an seng zweet Victoire, fir den Dylan Pereira de perfekte Weekend

Spa-Francorchamps: Lëtzebuerger gewënnt Porsche Mobil1 Supercup Rennen

De Lëtzebuerger Pilot vum Team „Momo Megatron Lechner Racing“ hätt dëse Weekend einfach net besser kënne verlafen. Säin Engagement, den Training a seng Leeschtung goufen dann och zu Spa-Francorchamps direkt duebelt belount. De Beruffszaldot huet beim 7. Renne vum Porsche Mobil 1 Supercup seng éischt Pole-Positioun erausgefuer an seng Course gewonnen. Bravo!

En Dram geet domatter an Erfëllung, fir den Dylan Pereira. Hien ass an Héchstform an de belschen Ardennen ukomm a konnt dann och tatsächlech all seng Regëster zéien. An dat kléngt wéi wann et „einfach“ gewiescht wier, wat – fir all déi wou den Circuit schonn emol mat eegenen Ae bestaune konnt – op dësem schwieregen an immens technesche Parcours allerdéngs absolut net de Fall ass.

Dat ënnersträicht dann den Exploit nach emol ganz besonnesch. An och wann et Stëmme gëtt déi hei géifen drop hindeiten, datt den Dylan Pereira de Circuit gutt kennt, esou hat sech an dësem Fall de Lëtzebuerger Pilot op eng verännert Pist missen astellen. Et ass dann och entspriechend un de Reglage gedoktert bis dem Dylan säi Porsche Carrera GT3 Cup a säi Fuerstil perfekt anenanergegraff hunn.

Wien huet un der Felg gedréint?

An der Qualifikatioun ass den Dylan Pereira vun Ufank un op „Attack“ gefuer, huet véier ganz séier Ronnen absolvéiert, fir uschléissend beim Boxestopp nach kleng Ännerunge virzehuelen an de Gummi ze tauschen. Zum Schluss vun der „Quali“ huet de Lëtzebuerger déi perfekt Ronn hikritt. Domatter war d‘Pole-Positioun – seng éischt – geséchert an et sollt tatsächlech nach besser ginn.

Um Sonndeg dann d‘Course, eng eescht Ugeleeënheet, och grad da wann ee mat vill Zouversiicht dëse Challenge ugoe kann. Den Dylan huet wéi gewinnt säi Start bravouréis gemeeschtert, an hat no der éischter Ronn schonn eng ganz Sekonn Virsprong op säi Konkurrent aus der Tierkei, Ayhancan Güven. Si hunn sech dann iwwert dat ganzt Rennen ewech zolidd Zweekämpf geliwwert.

Et goung deels ëm Zéngtel, an den Ayhancan Güven ass elo och kee Kand vun Trauregkeet. Wéi een dem Porsche d‘Spore gëtt, dat weess och hien, an den Dylan Pereira war villen Attacken ausgesat, deenen hie sech dank Erfarung a Konzentratioun erwiere konnt. Hie „rullt“ verdéngt als éischten iwwert d‘Arrivée an erfreet net nëmme säi Rennstall, mee eng ganz Natioun.

De „roude Léiw“ huet se geholl

Elo ass Spa-Francorchamps net aus der Welt an natierlech ware vill Lëtzebuerger an Supporter vum Dylan mat derbäi fir dësen éierlechen Exploit gebierend ze zelebréieren. Si hunn „eis“ Hymn gespillt an de Fändel iwwert déi héchsten Träppchen iwwert dem Podium héich gezunn. Do konnt engem schon emol eng Tréin aus dem Knapplach entwutschen. Esou schéin ass Motorsport…

Spa-Francorchamps

© PorscheMobil1Supercup

Wann eng Pole-Positioun an déi iewescht Träppchen um Podium „de Glanz sinn“ an ee sech vu lauter Houfert grad nach esou gefaange kritt, esou ass et allerdéngs ganz imminent wichteg och de Wäert vun dëser Victoire ze bezifferen. Si erlaabt et eisem Pilot an d‘Top 10 vum Championnat ze klammen, wat en erkläerten Zil vum Dylan a sengem Rennstall ass. An et ass nach net eriwwer.

Schonn de nächste Weekend kann de Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing zu Monza (Italien) dem Land an der Porschewelt beweisen, datt Spa-Francorchamps keen Zoufall, mee déi verdéngte Belounung fir vill haart a seriéis Aarbecht ass. Seng Fans hunn dann och all Grond déck zefridden ze sinn an dofir: „Loosst ons zesummestoen an d‘Fangere fir Monza kräizen“.

Klassement Spa-Francorchamps

  • 01 Dylan Pereira – Momo Megatron Lechner Racing Team (26:46:632)
  • 02 Ayhancan Güven – Martient by Almeras (26:46.900)
  • 03 Jaxon Evans – Fach Auto Tech (26:47:320)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup

  • 01 Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing) 92 p.
  • 02 Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing) 92p.
  • 03 Ayhancan Güven (TR/Martinet by Almeras) 76 p.
  • 10. Dylan Pereira (L/Momo Megtron Lechner Racing) 50p.

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © PorscheMobil1Supercup

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel