Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg

Och an der Minettemetropol Esch-Uelzecht ass gëschter un d‘Befreiung vu

dislike
Haart gejaut, schlecht iwwerluecht
International Neiegkeeten

Haart gejaut, schlecht iwwerluecht

Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem

D’Maisons Médicales de Garde hunn nees op!
International Neiegkeeten

D’Maisons Médicales de Garde hunn nees op!

Ab haut huelen och d’Maisons Médicales de Garde zu Lëtzebuerg,

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS

D‘Weltraumkapsel „Crew Dragon“ vun der US-Entreprise SpaceX, huet no 27 Stonnen un der ISS ugedockt. Et ass fir d‘éischt, datt eng privat Entreprise eng Astronautentransportkapsel versicht huet déi international Raumstatioun ze erreechen. Bei dësem „Test“ waren nach keng Mënschen u Bord.

Op impressionnante Biller, déi d‘NASA wéi gewinnt live iwwerdroen huet, war ze gesinn, wéi déi onbemannte Weltraumkapsel sech um kënschtlechen Äerdtrabant, dee 400 Kilometer iwwert der Äerd schwieft, festgemaach huet. „Et war alles Beschtens“, heescht et säitens de NASA a SpaceX.

Mëttlerweil huet sech och d‘Crew vun der ISS d‘Weltraumkapsel „Crew Dragon“ eppes méi no ugekuckt. D‘NASA huet Biller iwwerdroen, op deenen ze gesi war, wéi d‘Astronauten an der Kapsel mam Dummy Ripley gegeckst hunn. Deen huet de Fluch an de Weltraum gutt iwwerstanen.

SpaceX

Cape Canaveral: d‘SpaceX Falcon-9 Rakéit mat der Weltraumkapsel „Crew Dragon“ op hirem Wee zur Ofschossramp. © Joel Kowsky/NASA

Mat der Crew Dragon, sinn zousätzlech 180 Kilo un d‘ISS ausgeliwwert ginn. Sënn an Zweck vun dësem „Testfluch“ war et, déi méiglech Zesummenaarbecht mat private Partner ze stäerken. Dat am Kontext vun der US-Weltraumstrategie, nees selwer bemannte Flich zur Raumstatioun ze maachen.

Zanter 2011, also nodeems d‘NASA säi Shuttle-Programm agestallt huet, waren d‘USA op déi russesch Sojus-Kapselen ugewisen, fir d‘ISS ze erreechen. D‘USA wëllen net méi vu Russland ofhängeg sinn – wat och politesch Ursaachen huet – a setze verstäerkt op privat Partnerschaften.

SpaceX

Den „Dummy“ Ripley huet bei dësem Testfluch d‘Roll vun den Astronauten iwwerholl. Esou onbequem gesäit et an der „Crew Dragon“ och net aus. © SpaceX

D‘Russen hu via Twitter zum gelongene Manöver gratuléiert. Roscosmos huet awer och wësse gelooss, datt ee weider un enger Zesummenaarbecht mat den Amerikaner interesséiert ass. De Beräich „Weltraumfuerschung“ ass fir béid Natioune vun héijem Interessi, an de Mound nees „in“.

Gestart ass „Crew Dragon“ vu Cape Canaveral (Florida). Als Träger gouf eng Falcon-9 Rakéit vu SpaceX agesat. Et ass deen éischten „Crew-Transporter“ dee vun enger privater Entreprise gebaut a bedriwwe gëtt. Wann et wéi geplangt verleeft, soll „Crew Dragon“ e Freideg nees „heemkommen“.

mat indymedia/mia

Foto: Eng Illustratioun, déi androcksvoll duerstellt, wéi d‘Manöver fir d‘Crew Dragon un der ISS festzemaachen ausgesäit. © SpaceX

Ähnlech Sujeten Falcon-9, ISS, NASA, SpaceX, Weltraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel