Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat
Cool International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Et sollt um Freideg, mat enger klenger Ausnam, eng Gemengerotssëtzung

cool
Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
Cool International Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

Péiteng: Um rietsen A blann?
Cool International Neiegkeeten

Péiteng: Um rietsen A blann?

De politesche Rietsruck an der Gemeng Péiteng ass de Piraten

cool

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
De Premierminister Xavier Bettel gëtt der Press éischt Interviewe beim Empfang am Zenter vu SpaceX zu Cape Canaveral a Florida. © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
D‘Gwayne Shotwell, Presidentin an Directrice vun den Operatioune bei SpaxeX © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
(v.l.n.r.) Patrick Biewer, PDG vu GovSat; den Ierfgroussherzog mat der Ierfgroussherzogin, de Premierminister Xavier Bettel, d‘Gwynne Shotwell, Presidentin an Directrice vun den Operatioune bei SpaxeX an de Karim Michel Sabbagh, President a CEO vun SES. © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
(v.l.n.r.) Karim Michel Sabbagh, President a CEO vun SES; Vizepremier Etienner Schneider; Premierminister Xavier Bettel; Patrick Biewer, PDG vu GovSat. © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
Besuch vun der Air Force Statioun zu Cape Canaveral a Florida. © Charles Caratini/SIP

Den Ierfgroussherzog an d‘Ierfgroussherzogin betruechte mam Premierminister Xavier Bettel e stéck Fiels vum Mound am Apollo-Komplex Saturn V. © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
Besuch vun der Air Force Statioun zu Cape Canaveral a Florida. © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
De Premierminister Xavier Bettel mam Vizepremier Etienne Schneider um „pas de tir“ zu Cape Canaveral a Florida © Charles Caratini/SIP

(v.l.n.r.) Sasha Bailli, diplomateschen Ambassadeur vum Vizepremier; Vizepremier Entienne Schneider; Premierminister Xavier Bettel a Patrick Biewer, PDG vu GovSat, beim Debriefing nom Lancement vum lëtzebuergesche Militärsatellit. © Charles Caratini/SIP
SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
Den Ierfgroussherzog Guillaume am Interview nom Lancement vum lëtzebuergesche Militärsatellit. © Charles Caratini/SIP

Um Mëttwoch huet déi amerikanesch Entreprise SpaceX deen éischte lëtzebuergesche MilitärsatellitGov-Sat1“ an den Orbit geschoss. De Satellit mat engem Gewiicht vu 4 Tonnen, ass wéi programméiert an ouni Tëschefall am Weltraum ausgesat ginn.

De Militärsatellit „Gov-Sat1“ ass ee Kooperatiounsprojet tëscht der Regierung an der europäescher Satellittegesellschaft (SES) a soll eng „geséchert Kommunikatioun tëscht den takteschen Asazgebidder“ erméiglechen. Dat fir maritim Missiounen oder an Zonen déi vun humanitäre Krise betraff sinn. E groussen Notzen huet de Kommunikatiounssatellit natierlech och bei Krichsasätz.

Fir dësen „éischte Lancement vun engem Lëtzebuerger Militärsatellit“ war de Premierminister Xavier Bettel héchst perséinlech, begleet vun enger entspriechend „wichteger“ Delegatioun, op Cape Canaveral gereest. U senger Säit waren den Ierfgroussherzog Guillaume an de Vizepremier Etienne Schneider.

Eigentlech sollt „Gov-Sat1“ schonn um Dënschdeg ofgeschoss ginn, mee d‘Rakéit, eng Falcon 9 hat Suerge mat engem elektronesche Sensor, an och d‘Wieder soll net gutt gewiescht sinn. Et war wuel sonneg, mee et hätt ze vill „geblosen“. Um Mëttwoch géint hallwer eelef eiser Zäit, war et dunn esou wäit, woubäi ee sech dierft sécher sinn, datt se alleguerten zolidd nervös waren.

Keng Friddensmissioun

De geostationären Orbit vu „Gov-Sat1“ erlaabt Kommunikatiounen an Europa, dem noen Osten an Afrika. Also an deene Regioune wou eis Zaldoten och a Konflikter mussen agräifen, wéi den Afghanistan oder de Mali. D‘Regierung versprécht sech vum Asaz vu „Gov-Sat1“, ee bessere Schutz fir d‘Männer a Fraen déi ënnert hirer Verantwortung a Krichsasätz geschéckt ginn.

Ze notéieren ass dann nach, datt SpaceX bei dësem Lancement net wéi gewinnt versicht huet, déi éischt Etage vun der Rakéit nees zréckzehuele fir en ze recycléieren. Dat geschitt awer, wéi d‘Firma an engem Communiqué matgedeelt huet ëmmer méi oft. Dëse Manöver wier dann och schonn 21 mol erfollegräich duerchgefouert ginn.

Den „éischte Stack“ vun der Falcon 9 ass dann och déi Partie vun der Rakéit déi am deiersten ass. Do mécht et natierlech Sënn se ëmmer nees „zréckzehuelen“ fir se op e neits anzesetzen. Déi éischt Etage vun der Falcon 9 déi de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht huet, war schonn 2017 fir aner Lancementer benotzt ginn.

SpaceX, déi wuel och kommerziell Satellitten am Weltraum ofsetzt, ass dann awer net op „Friddensmissiounen“ spezialiséiert. Nach virun dräi Woche sollt SpaceX e „geheime Spionagesatellit“ – mam schéinen Numm ZUMA – fir d‘US-Regierung op Orbit bréngen, mee laut dem Wall Street Journal hätt deen et net „gepackt“. De Pentagon huet dat net kommentéiert.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Govsat, Militärsatellit, SpaceX, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel