Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!
International Neiegkeeten

anno mundi dating

Vum Hugo Gernsback héiert een an der Lescht ëmmer méi.

https://moien.lu/100-procent-gratis-dating-sites/
International Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir d‘Buschaufferen aus dem Privatsecteur

Patronat a Gewerkschafte ginn sech beim Ausschaffe vum Kollektivvertrag vun

Deen „aneren“ US-Besuch: Den Trump huet d‘Bundeskanzlerin empfaangen
International Neiegkeeten

Deen „aneren“ US-Besuch: Den Trump huet d‘Bundeskanzlerin empfaangen

Den US-President huet um Freideg d‘Angela Merkel empfaangen, an hir

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun an den Himmel geschoss. U Bord vun der „Falcon 9 Block 5“ den alleréischte Kommunikatiounssatellit vum Bangladesch, mam originellen Numm Bangabandhu Satellit-1

De Satellit, benannt nom Grënner vum Bangladesch, Bangabandhu Sheikh Mujibur Rahman, ass pünktlech um 16.14 Auer (lokal) zu Cape Canaveral gestart, nodeems um Donneschdeg de Countdown vum System eng Minutt virum Start automatesch ofgebrach gi war. SpaceX hat dës Verzögerung direkt via Twitter matgedeelt.

Heibäi muss ee berécksiichtegen, datt et sech bei der Falcon „9 Block 5“ ëm eng nei Generatioun vu Rakéit handelt. Si gëtt als méi staark als déi kleng Schwëster aus der Falcon 9-Serie bezeechent, an soll och méi liicht ze verwäerte sinn. D‘Falcon 9 Rakéite kënne méi oft benotzt ginn, wat sech och positiv op de Verbrauch vu Ressourcen auswierkt.

E bemannte Fluch nach virun 2019?

Den Trägersystem soll och an der bemannter Weltraumfaart agesat ginn, an Astronauten zur internationaler Raumstatioun ISS befërderen. Dofir gëtt d‘Falcon 9 mat enger Habitat-Kapsel „Dragon“ ausstafféiert. Dovunner gëtt et bis ewell nëmmen e Modell, deen ouni Equipage auskënnt, an aktuell nëmme fir de Ravitaillement an d‘Réckféierung vu Material vun der ISS genotzt gëtt.

Eng Verbesserung vun der „Dragon“ ass an Aarbecht, an et ass ee bei SpaceX zouversiichtlech, schonn am Dezember den éischte bemannte Fluch duerchféieren ze kënnen. Wann et bis esouwäit ass, dann ass den éischte senger Aart, zanter dem Stopp vun de Navetten (2011), wou nees Mënsche vum amerikanesche Buedem an de Weltraum starten.

Bis zu 10 Asätz si méiglech

D‘Rakéit vun der neier Generatioun soll bis zu 10 Mol kënnen agesat ginn. Dat mat enger minimaler Maintenance no all Ofschoss, erkläert den Elon Musk, Patron vu SpaceX. „Mir ginn dovunner aus, datt tëscht de Flich keng Interventioun noutwenneg ass, grad esou wéi bei engem Fliger“, esou de Pionéier géintiwwer der Press.

SpaceX

Mat der „Falcon 9 Block 5“ ass e Freideg de Kommunikatiounssatellit Bangabandhu an den Orbit geschoss ginn. © SpaceX/video outtake

Hie gesteet sech awer och an, datt et bis heihinner e wäite Wee gewiescht ass. „Et hues eis – an et ass schonn 2020 lass gaangen – 16 Joer enorm Ustrengungen ofverlaangt. Vill, ganz vill Widderhuelungen an dausende kleng a awer wichteg Modifikatioune ware néideg, fir zum deem ze gelaange vun deem mir der Meenung sinn, datt et am Beräich vum Méiglechen ass“.

Et kënnt nach méi op d‘Welt duer

De „Block 5“ ass de leschten „Update“ vun der Trägerflott „Falcon 9“. SpaceX wëll sech, wann sech Asaz vun de Falcon 9 duerchgesat huet, op déi nächst Generatioun vun Trägerrakéite „BFR“ konzentréieren. Déi nei Rakéit, déi och fir de bemannte Fluch ausgeluecht ass, soll fir den Asaz am gréisseren Äerdorbit genotzt ginn, kann awer och op de Mound an esouguer de Mars fléien.

Mam Bangabandhu Satellit-1, ass et schonn de 9. Lancement dee SpaceX dëst Joer gelongen ass. Den „éischte Stack“ vun der Rakéit ass wéi virgesinn um Frachtschëff „Of Course I Still Love You“ am atlanteschen Ozean gelant. Et ass dann och déi 25. Trägerrakéit déi SpaceX, entweder um Mier oder dem Buedem konnt recuperéieren.

mat AFP

Foto: D‘Falcon 9 op sengem „Launch-Pad“ um Weltraumfluchhafe vu Cape Canaveral (Florida) kuerz virum Lancement. © SpaceX/video outtake

Ähnlech Sujeten Elon Musk, Kommunikatiounssatellit, SpaceX, Weltraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel