Search

You may also like

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff
Neiegkeeten

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi

FËNSTERDALL vum Pol Greisch: De 16. Oktober am Trifolion
Neiegkeeten

FËNSTERDALL vum Pol Greisch: De 16. Oktober am Trifolion

Am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung „Thierry!“ vun 2018 am CNA

Erënnerung un de Streik vun 1942
Neiegkeeten

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt

Nodeems et eppes Hickhack ginn huet, zum wéini dierf een de Moto aus der Garage huelen, ass elo eppes Kloerheet geschafe ginn. Nach leschte Freideg hat de Minister fir Elektromobilitéit a Schinneverkéier drop higewisen, datt d‘Motorrad nëmmen zum Zweck: Akafen an/oder den Aller-Retour tëscht der Aarbechtsplaz an den Doheem, dierfen ze benotzen.

Einfach esou „en Tour maachen“ dat war zu dësem Ament net zoulässeg. Elo huet sech de François Bausch (déi gréng) awer nach emol mat der Ministesch fir Kultur a Justiz, Sam Tanson (déi gréng) zesummegesat a allebéid sinn zum Schluss komm „den Tour mam Moto ass eng individuell Fräizäitaktivitéit“ firwat een de Feierstull dann och net muss an der Garage loossen.

Mee uecht gedoen! Et ass net wëll et engem am Handgelenk kribbelt, datt een d‘Frënn a Kollege kann aluede fir en Ronn ze dréinen. Regruppementer an/oder Versammlungen si weiderhi verbueden. Woubäi ee sech – zumindest wann alles rullt – froen dierf, ob do se Sécherheetsofstand sollt ee Problem sinn? Wéi och ëmmer, wichteg ass, datt et gekläert ass…

Woubäi awer och gewosst ass, datt ëmmer méi Leit de Moto eben als Fräizäitaktivitéit, an net all d‘Motocycliste mat dësem op d‘Schaff oder akafe fueren. De Wee sollt ee jo bekanntlech mam gratis ëffentlechen Transport op sech huelen, zumindest wann dat méiglech ass. An där Motarden gëtt et der zu Lëtzebuerg ëmmer méi, an déi hu reklaméiert.

Moto

D‘Waarden huet en Enn… d‘Wieder ass prächteg an d‘Stroossen eidel. Lëtz‘Start the Engines. © Justin Clark / unsplash

Si haten dann och ee sécherlech als „Doudschlag“ ze bezeechnend Argument: D‘Cyclisten dierfe jo och gemitterlech hir Ronnen dréinen. Mee dat gréngt Häerz vum Minister huet de Wuertlaut beaflosst, firwat hie es sech net midd ginn ass ëmmer nees ze ënnersträichen: „Eng Ausfaart mam Vëlo ass eng sportlech Aktivitéit“. Dat ass net wierklech falsch…

Leider awer och eppes kuerz gegraff, et sief dann et géifen engem fundéiert Argumenter dozou afalen. Natierlech wier et am Kontext vun enger sënnvoller Ëmweltpolitik besser, wann d‘Leit – egal ob mam Moto oder dem Auto – op Spadséierfaarte géife verzichten, mee och esou Faarte mam e-Bike sinn net wierklech CO²-Neutral oder eng „sportlech Aktivitéit“.

Gutt och de Premierminister Xavier Bettel (DP) hat scho virum Park & Ride Minister missen drop hiweisen, datt en Tour mam Moto net an den Derogatiounen zum Confinement enthalen ass, wat jo dann elo um kuerze Wee konnt gekläert ginn. Bleift ze hoffen, datt sech eis Motarde vernënfteg verhalen an déi derzougehéiereg Restriktiounen anhalen.

Illustratioun: © Steffen Trommer / unsplash

Related topics Deconfinement, Fräizäitaktivitéit, François Bausch, Sam Tanson, Xavier Bettel
Next post Previous post