Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
does chloe bennet dating logan paul

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

any completely free dating sites
does chloe bennet dating logan paul

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?
does chloe bennet dating logan paul

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?

Duerch d’World Hypertension League ass säit geraumer Zäit de 17.

SPAL-President vun der Hierarchie handlungsonfäeg gemaach

Här Verdeedegungsminister, elo ass et un der Zäit Verantwortung ze iwwerhuelen!

SPAL-President vun der Hierarchie handlungsonfäeg gemaach

Mat de Gewerkschafte vum ëffentlechen Déngscht léisst eigentlech ëmmer alles am Dialog léisen an dat ass besonnesch fir hiren Daachverband d‘CGFP gülteg. Dat bedeit jo awer och, datt et esou eppes wéi en Dialog muss ginn. Hei läit dann awer en Hoer an der Zopp, an am Dossier Christian Schleck, President vun der Arméi-Gewerkschaft (SPAL), si vill rout Linnen iwwerschratt ginn…

Hie war zolidd gelueden an huet säin Ierger och demonstrativ zum Ausdrock bruecht: de Romain Wolff, President vun der CGFP huet gëschter d‘Pressekonferenz mat engem „Mat eis kann ee schwätzen, mee wann et géint eis Leit geet, da gi mir rosen!“ ugefaangen. De Grond: de Christian Schleck, als President vun der Gewerkschaft vum Personal vun der Arméi (SPAL), huet vu senger Hierarchie eng nei Plaz zougewise kritt déi, et him onméiglech mécht Gewerkschaftsaarbecht ze maachen.

Fir de President vun der Gewerkschaft vun der Force Publique (SPFP), Pascal Ricquier, ass dëse Changement de Carrière, ugesiichts der Bestätegung datt de Concernéierten seng Aarbecht – sech ëm Press, Reklamm an d‘Erscheinungsbild vun der Arméi ze këmmeren – ëmmer kompetent an zouverlässeg erleedegt huet. Et war dann och net vun ongeféier, datt de Christian Schleck säi Büro um Boulevard-Royal am Rekrutement-Büro hat. Et muss also eng aner Ursaach hunn, an déi läit méiglecherweis an der Generalversammlung vum SPAL.

Hei hat de SPAL-President däitlech Wierder benotzt an de Verdeedegungsminister opgefuerdert Verantwortung ze iwwerhuelen, an d‘Reform vun der Arméi endlech un Ugrëff ze huelen. Elo ass jo awer d‘Missioun vun engem Gewerkschaftler – a besonnesch op der eegener Generalversammlung – d‘Interesse vu senge Memberen ze vertrieden, a genee dat huet hien och gemaach. Dat muss déi sougenannt Hierarchie net appreciéieren, just respektéieren.

D‘Fanger ewech vun der Gewerkschaftsfräiheet

Verständlech datt ee bei der SPFP an der CGFP heiranner wëll erkennen, datt dës Versetzung engem Maulkuerf fir de „streiderege“ Gewerkschaftspresident gläich kënnt. E Fait deen sech och op anerer Plaz erëmfanne léisst. Esou hätt sech de Minister wuel dofir agesat, datt och d‘Personalvertrieder aus der Arméi um Dag vun den Delegéierten (26. November) dierften deelhuelen, wat awer vum Etat-Major nees ganz anescht „interpretéiert“ ginn ass. Dozou gëtt et déi nächst Woch méi Detailer an och eng Stellungnam vun der CGFP.

Bei esouvill „Gedeessems“ muss d‘CGFP senger Verantwortung gerecht ginn, an dat war dann esou och gëschter de Fall. Gewerkschaftler dreeën, aschüchteren an Drock op se maachen, dat gehéiert och am ëffentlechen Déngscht zu de Patronatsinstrumenter. Mee hei goufen all d‘Regele gebrach déi konnte gebrach ginn. An de Romain Wolff war däitlech: „Elo geet et duer!“ esou de CGFP-President „esou geet een net mat Leit ëm déi sech gewerkschaftlech engagéieren. An esou geet een och net mat de Rechter wéi se an der Verfassung verankert sinn ëm“.

De Romain Wolff verweist dann och op en interessante Fakt. An der Konventioun déi 1978 vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) ausgeschafft gouf, an déi dann och scho vun der Lëtzebuerger Regierung 2001 ratifizéiert ginn ass, sinn d‘Rechter kloer definéiert a wann een als Regierung esou eng Konventioun ënnerschreift huet ee se gefällegst och anzehalen.

Hei steet dann och am Artikel 1.3: „Duerch déi bannestaatlech Legislatioun gëtt bestëmmt, a wéi wäit déi an dësem Ofkommes virgesi Rechter op d‘Arméi an d‘Police unzewenne sinn“. 18 Joer laang ass net doriwwer legiferéiert ginn, esou datt dës ratifizéiert Konventioun och op Arméi a Police unzewennen ass. Zudeem gëtt hei dann och däitlech géint den Artikel 4: „Leit aus dem ëffentlechen Déngscht si virun all géint Vereenegungsfräiheet geriichten ënnerschiddlech Behandlung, déi mat hirer Beschäftegung an zesummenhang stinn, ugemooss ze schützen“ verstouss. An den Artikel 6 vun dëser Konventioun gëtt hei net respektéiert…

De Mann soll seng Plaz erëmkréien

Wéi gesot, et war gëschter e veriergerte CGFP-President deen eis géinteniwwer gesiess ass. Firwat hien engersäits Fuerderungen an en Ultimatum fir d‘Regierung, mee ganz besonnesch un de Minister François Bausch geriicht huet:

Fir unzefänke soll d‘Regierung déi ratifizéiert Konventioun respektéieren an da soll de Christian Schleck seng Plaz erëmkréien. De Minister an d‘Regierung sollten dann och nach Positioun zur Gewerkschaftsfräiheet ergräifen. A well et esou flott ass, huet d‘Regierung elo ganzer 7 Deeg Zäit der CGFP eng Äntwert zoukommen ze loossen. Läit déi net zur Konferenz vun de Comitéë vir, da rabbelt et am Kartong, esou de Romain Wolff, deen ee bei esou Aussoen eescht huele sollt.

Nieft dem ganzen Arsenal u gewerkschaftlechen Instrumenter, mat deem sech heizuland wäert zur Wier gesat ginn, ass eng Plainte bei der ILO zu Genève, mat där d‘Violatioun vun der Konventioun N°151 denoncéiert gëtt, virgesinn.

Eng kleng Erklärung zum Ofschloss: scho beim Virgänger vum Christian Schleck, hat et eppes wéi en Dissens ginn, deen de fréiere CGFP-President Jos Daleiden deemools mat vill „Engagement“ ze léisen hat. De President vun der Gewerkschaft vum Personal vun der Arméi gouf „fräigestallt“ an huet missen den Exil an de Raimlechkeete vun der CGFP untrieden. Dat kéint een, zumindest wann et de Verantwortlechen net drëms geet dem Christian Schleck e Maulkuerf ze verpassen, eventuell och hei uwennen.

Sécher ass awer, datt et net esou Schlagzeile sinn, déi d‘Arméi – a ganz generell de Staatsdéngscht – méi Attraktiv maachen. Zaldote mussen hirer Hierarchie vertraue kënnen, sech sécher sinn dat hir Rechter net mat Féiss getrëppelt ginn an en Uspriechpartner hunn, deen hir Interesse vertriede kann. Dat ass awer allem Uschäin no aktuell net wierklech de Fall, an et kann net dem SPAL ënnerstallt ginn, si géifen de System a Fro stellen…

Foto: De Pascal Ricquier, President vun der SPFP an de Romain Wolff, President vun der CGFP hu gëschter wuel net alles gesot an och net all Froe beäntwert, wat awer Sënn mécht, schliisslech geet et och drëms den Dialog oprecht ze erhalen. Dofir dierft d‘Pressekonferenz de nächste Méindeg nei a méi komplett Informatiounen enthalen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Arméi, CGFP, Christian Schleck, François Bausch, ILO, Pascal Ricquier, Romain Wolff, SPAL, SPFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel