Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen
Neiegkeeten

Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen

Beim Spëtzematch am Dammefussball, haten d‘Damme vum SC Beetebuerg, de

Frankräich virun der politescher a sozialer Rentrée
Neiegkeeten

Frankräich virun der politescher a sozialer Rentrée

De François Hollande huet, fir d‘éischt zanter hien den Elysée

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?
Neiegkeeten

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?

Dat ass eng Fro déi sech eng Amerikanerin net méi

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin

Spärung op der Autobunn A1 duerch Abattement vu Wëllschwäin

Um haitegen Donneschdeg, de 25. Juli wäert d’Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an dem Echangeur Cargo-Center a Richtung Tréier vun 22:00 bis 23:00 Auer gespaart sinn. Grond ass, datt d’Natur- a Bëschverwaltung den Abattement vun engem Wëllschwäin ugefrot huet.

Den Owend spéit wäerte folgend Spärungen ageriicht ginn:

  • D’Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an dem Echangeur Cargo-Center a Richtung Tréier
  • D’Opfaart vum Echangeur Sennengerbierg, wann ee vun der N1 kënnt a Richtung Tréier (A1)
  • D’Opfaart vum Echangeur Cargo-Center, wann ee vun der N36 kënnt a Richtung Tréier (A1)

Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz (A3, A6, A1) a vun der N1 (Sennengerbierg, Findel) kënnt an a Richtung Tréier fiert gëtt iwwert den Echangeur Sennengerbierg iwwert d’N1 an d’CR132 bis bei den Echangeur Mënsbech mat Retour op d’A1 ëmgeleet. Wien vum Echangeur Cargo-Center kënnt an a Richtung Tréier fiert, dee gëtt ëmgeleet vum Echangeur Sennengerbierg iwwert d’N1 an d’CR132 bis bei den Echangeur Mënsbech mat Retour op d’A1.

Ähnlech Sujeten Autobunn A1, Natur- a Bëschverwaltung, Spärung, Wëllschwäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel