Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles:  Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken
Neiegkeeten

Tacheles: Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken

Wann et eng Petitioun gëtt, déi ee soubal net wäert

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner
Neiegkeeten

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

Et ass d’Zäit vun de Feierlechkeeten. Heibäi sollt een sech

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum

Spärung duerch Chantier op der A7/B7

Spärung duerch Chantier op der A7/B7

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt duerch eng urgent Inspektioun vun der Ditgesbaach ee Chantier op der Autobunn A7/B7 ze fanne wäert sinn. D’Aarbechten tëscht dem Echangeur Kolmer-Bierg an dem Echangeur Angelduerf wäerte vu Samschdes, den 18. Januar géint 8:30 Auer bis fréi Owes 17:00 Auer verriicht ginn.

Spärungen an Ëmleedungen

  • D’A7/B7 wäert a béid Richtungen tëscht dem Echangeur Kolmer-Bierg an dem Echangeur Angelduerf vun 8:30 bis 17:00 Auer gespaart sinn.
  • Den Trafic, dee vum Fridhaff vun der B7 kënnt an a Richtung A7 fiert, gëtt ab dem Echangeur Angelduerf ëmgeleet iwwert d’N7 (Ettelbréck-Schieren-Kolmer) bis op den Echangeur Kolmer-Bierg mat Retour op d’B7.
  • Den Trafic, dee vu Luerenzweiler vun der A7 kënnt an a Richtung Fridhaff iwwert d’B7 ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Kolmer-Bierg an d’N7 (Kolmer-Schieren-Ettelbréck) bis bei den Echangeur Angelduerf.

Weider Informatioune ginn et op www.cita.lu.

Ähnlech Sujeten A7, B7, Chantier, Deviatioun, Echangeur Angelduerf, Echangeur Kolmer-Bierg, Ëmleedung, Ettelbréck, Fridhaff, Schieren, Spärung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel