Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SNCA a Contrôle Technique: Wat muss ee wëssen?
Neiegkeeten

SNCA a Contrôle Technique: Wat muss ee wëssen?

Duerch d’Moossnamen vun der Regierung, fir d’Ausbreedung vum Coronavirus COVID-19

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss
Neiegkeeten

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass.

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche
Neiegkeeten

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt e Samschdeg, den 20 Juni 2020 am Gousseler Tunnel tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Miersch geschafft gëtt. Duerch d’Aarbechte kënnt et zur Spärung.

Tëscht 8:00 an 18:00 Auer ginn Tester un der Ventilatioun gemaach. D’Autobunn A7 ass tëscht dem Echangeur Luerenzweiler a Schëndels a béid Richtunge gespaart.

Spärungen:

  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Schëndels a Richtung Fridhaff;
  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Miersch an dem Echangeur Luerenzweiler a Richtung Jonctioun Gréngewald;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Miersch, wann ee vun der N8 kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald vun der A7 fiert.

Ëmleedungen:

  • Den Trafic, dee vum Fridhaff kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald vun der A7 ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Miersch iwwert d’N8 an d’N7 bis bei den Echangeur Luerenzweiler ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der Jonctioun Gréngewald kënnt an a Richtung Fridhaff vun der A7 ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Luerenzweiler iwwert d’N7 bis bei den Echangeur Mierscherbierg ëmgeleet.

Gousseler Tunnel

Ähnlech Sujeten A7, Aarbechten, Chantier, Ëmleedung, Fridhaff, Gousseler Tunnel, Miersch, Spärung, Stroossebauverwaltung, Ventilatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel