Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Lasagners mat “Alles gëtt gutt” – Einfach emol Merci soen!
Neiegkeeten

The Lasagners mat “Alles gëtt gutt” – Einfach emol Merci soen!

Um Ouschterméindeg ass op YouTube ee ganz besonnesche Cadeau presentéiert

35 Joer Sproochegesetz
Neiegkeeten

35 Joer Sproochegesetz

De 24. Februar 2019 ass et 35 Joer hir, datt

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018

Dat ganzt Joer iwwer hunn d‘Membere vun „Espace Pub“ an

Spärung vum Pont Buchler (11.-14.09.2020)

Spärung vum Pont Buchler (11.-14.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung deele mat, datt et duerch de Reamenagement vum Pont Buchler zu Infrastruktur-Aarbechten tëscht der Route de Thionville an der Hollerecher Strooss kënnt.

Vu Freides, den 11. September 2020 géint 20:00 Auer bis Méindes, de 14. September 2020 géint 4:00 Auer ass d’Bréck tëscht der Garer Plaz an der Sortie, respektiv dem Accès „Est“ vun der Penetrante Sud gespaart.

D’Ramp vum Accès vun der Route de Thionville Richtung Rocade bleift fir den Trafic accessibel, wann ee vum Houwald kënnt. Selwecht gesäit et aus fir d’Ramp vun der Sortie vun der Penetrante Sud, wann ee vum Rondpoint Gluck kënnt an a Richtung Route de Thionville an Houwald fiert.

D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi néideg Beschëlderung.

Och am ëffentlechen Transport ginn et eng Rëtsch Upassungen:

  • Linn 7: D’Arrêten Léon XIII, Dernier Sol, Gare Centrale a Wallis entfalen a ginn ersat duerch d’Haltestell Gare-Rocade;
  • Linn 16: D’Haltestell Gare Centrale entfällt a gëtt ersat duerch d’Haltestell Gare-Rocade;
  • Linn 21: D’Arrêten Gare Centrale an Al Avenue Quai 2 entfalen a ginn ersat duerch d’Haltestellen Gare-Rocade a Wallis Quai 4.

Buchler

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Chantier, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Gare, Hollerech, Pont Buchler, Reamenagement, Spärung, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel