Search

You may also like

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken
Neiegkeeten

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken

Haut fänken an Norwegen déi gréisste Militärmanöver zanter dem Enn

De Maître Gaston Vogel ass veriergert
Neiegkeeten

De Maître Gaston Vogel ass veriergert

A sengem Blog „Gaston Vogel Online“ huet eng vun de

Accident a Brand am Tunnel Markusbierg: De CGDIS trainéiert den Eeschtfall
Neiegkeeten

Accident a Brand am Tunnel Markusbierg: De CGDIS trainéiert den Eeschtfall

Gëschter hunn de CGDIS, zesumme mat der Police, der Ponts

Spärung vum Pont Buchler (25.-28.09.2020)

Spärung vum Pont Buchler (25.-28.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt am Kader vum Reamenagement vum Pont Buchler e mobille Kran installéiert an Infrastrukturaarbechten ënnerholl ginn. Doduerch kënnt et vun e Freideg, de 25. September géint 22:00 Auer bis Méindes, den 28. September géint 4:00 Auer zur Spärung vun der Bréck.

Gespaart gëtt de Streckenofschnëtt tëscht der Garer Plaz an de Spure vun der Sortie an dem Accès „Osten“ vun der Penetrante Süd. D’Ramp vum Accès vun der Route de Thionville a Richtung Rocade, wann ee vum Houwald kënnt. bleift fir den Trafic accessibel, sou wéi och d’Ramp vun der Sortie vun der Penetrante Süd a Richtung Rondpoint Gluck a Richtung Route de Thionville.

Ëm déi noutwenneg Beschëlderung këmmert sech den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg.

Beim ëffentlechen Transport wäert et zu folgenden Ännerunge kommen:

  • Linn 7: D’Streckt tëscht Bouneweg a Verluerekascht gëtt ëmgeännert. De Garer Quartier kann net ugefuer ginn, wouduerch d’Haltestelle Léon XIII (Quai 3 a 4), Dernier Sol, Gare Centrale a Wallis entfalen. Als Ersatz gëllt den Arrêt Gare-Rocade;
  • Linn 16: D’Arrêten Gare Centrale (Quai 12 an 103) entfalen a ginn ersat duerch d’Haltestell Gare-Rocade;
  • Linn 21: D’Arrêten Gare Centrale (Quai 12 an 103) an Al Avenue Quai 2 entfalen a ginn ersat duerch d’Arrêten Gare-Rocade a Wallis Quai 4.

Buchler

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Bréck, Chantier, Ëffentlechen Transport, Gare, Linn 16, Linn 21, Linn 7, Pont Buchler, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebauverwaltung, Trafic, Verkéier
Next post Previous post