Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet
Neiegkeeten

Vu Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet

Wie si mir a virun allem wie sinn déi wou

Madrid verléiert de Kampf vun de Biller
Neiegkeeten

Madrid verléiert de Kampf vun de Biller

D‘Zentralregierung vu Madrid wollt den demokratesche Prozess mat Knëppelen an

Bolivien schéckt auslännesch Diplomaten op d‘Schëff
Neiegkeeten

Bolivien schéckt auslännesch Diplomaten op d‘Schëff

Déi Bolivianesch Interimsregierung gëtt op Konfrontatiounskurs mat Mexiko a Spuenien.

Spärung vum Gousseler Tunnel duerch Tester un der Ventilatioun (25.-26.06.2020)

Spärung vum Gousseler Tunnel duerch Tester un der Ventilatioun (25.-26.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt et duerch Aarbechten am Gousseler Tunnel tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Miersch e Freideg an e Samschdeg zur Spärung vum Tunnel kënnt.

Dobäi gi verschidden Tester un der Ventilatioun am Gousseler Tunnel duerchgefouert. D’Aarbechten dauere vu Freides, de 26. Juni géint 20:00 Auer bis Samschdes, de 27. Juni géint 6:00 Auer.

Folgend Ofschnëtter si gespaart:

  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Waldhaff an dem Echangeur Miersch a Richtung Fridhaff;
  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Miersch an dem Echangeur Luerenzweiler a Richtung Jonctioun Gréngewald:
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Luerenzweiler, wann ee vun der N7 kënnt an a Richtung Fridhaff (A7) ënnerwee ass;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Waldhaff, wann ee vun der N11 kënnt an a Richtung Fridhaff (A7) fiert;
  • D’Bretelle vun der Opfaart vum Echangeur Miersch, wann ee vun der N8 kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald (A7) ënnerwee ass.

Esou gitt Dir ëmgeleet:

  • Den Trafic, dee vum Fridhaff an der N8 (Recken) kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald vun der A7 ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Miersch iwwert d’N8 an d’N7 bis bei den Echangeur Luerenzweiler ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der Jonctioun Gréngewald kënnt an a Richtung Fridhaff vun der A7 ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Waldhaff iwwert d’N11 (Dummeldeng) an d’N7 bis bei den Echangeur Mierscherbierg geleet.
Ähnlech Sujeten A7, Aarbechten, Echangeur Luerenzweiler, Echangeur Miersch, Ëmleedung, Gousseler Tunnel, Gréngewald, N7, Nordstrooss, Spärung, Ventilatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel