Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President mat sengem Ego zefridden
Neiegkeeten

US-President mat sengem Ego zefridden

Kuerz virum Enn vum Impeachment huet den Donald Trump seng

Bip&Go: Den ACL informéiert iwwert Ännerungen beim Verkaf
Neiegkeeten

Bip&Go: Den ACL informéiert iwwert Ännerungen beim Verkaf

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL huet säi Fonctionnement beim Verkaf vun

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?

Iwwert d’Autobunn op d’Aarbecht: Dat ass vir vill all Dag

Spärung vun der Rue des Muguets um 7. Mäerz 2020

Spärung vun der Rue des Muguets um 7. Mäerz 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt et um Samschdeg, de 7. Mäerz 2020duerch d’Opstelle vun engem Kran, d’Rue des Muguets tëscht dem Bricherhaff an der Rue du Kiem gespaart ass. Donieft gëtt et ab dem 9. Mäerz 2020 déi nei Haltestell Barrière Quai 1 bis 3 zu Märel agefouert, wouduerch et och zu Ännerunge beim Arrêt Athénée kënnt.

D’Spärung vun der Rue des Muguets – Um 7. Mäerz 2020 vu 6:00 Auer bis 20:00 Auer

Duerch de Chantier wäert et zu verschidden Ännerungen am Verkéier kommen:

  • D’Linn 20 gëtt ëmgeleet iwwert d’Avenue John F. Kennedy. D’Arrêten Bleuets, Pâquerettes, Marguerites a Muguets ginn a béid Richtungen net ugefuer;
  • Fir Persounen, déi den ëffentlechen Transport notzen, gëtt eng Navette ageriicht, déi ab den Arrêten Pâquerettes a Bleuets a Richtung Léon Hengen, wéi och an der aner Richtung fiert. Dës Navette fiert zu Weimerhof 2 Minutte virum normale Fuerplang vun der Linn 20 a Richtung Zentrum fort. Ab der Haltestell Leon Hengen Quai 1 fiert si 1 Minutt virun der Arrivé vun der Linn 20 a Richtung Stadzentrum fort.

D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung.

Nei Haltestell Barrière (Quai 1 an 3) – ab dem 9. Mäerz 2020

Duerch d’Introduktioun vum neien Arrêt Barrière kënnt et an engem zu Ännerunge fir den Arrêt Athénée:

  • Arrêt Barrière – Linnen 12, 15 a 24:
    • Den Arrêt Barrière a Richtung Celtes oder Centre Hospitalier gëtt op d’Kräizung vun der Rue de Merl an der Rue de la Barrière verréckelt a vun de Linnen 12 a 15 bis Celtes, vun der Linn 24 bis bei d’Spidol ugefuer. Den Numm vun der Haltestell ass Barrière Quai 2;
    • A Richtung Howald, Peternelchen wäert d’Linn 24 den Arrêt Barrière Quai 3 op der Héicht vun der Hausnummer 2 vun der Rue de la Barrière ufueren. Esou gëtt och d’Haltestell Charles Quint ersat;
    • Den Arrêt Barrière vun der Linn 12 a Richtung Europapark, wéi och vun der Linn 15 a Richtung Hamm, Rue de Bitbourg, gëtt Barrière Quai 1 genannt.
  • Arrêt Athénée – Linn 12 a 15
    • Den Arrêt Athénée vun der Linn 12 wäert d’Nimm Athénée Quai 1 (Richtung Hamm, Rue de Bitbourg) an Athénée Quai 2 (Richtung Celtes) hunn. De Fuerplang bleift selwecht.

Weider Informatioune ginn et ënnert newbus.vdl.lu.

Ähnlech Sujeten Arrêt Athénée, Arrêt Barrière, Chantier, Ëffentlechen Transport, Rue des Muguets, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel