Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
International Neiegkeeten

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff
International Neiegkeeten

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn
International Neiegkeeten

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn

Op en Neits ass Kalifornien vun engem risege Flächebrand betraff

SPD: Nom Andrea Nahles muss et besser ginn

Dobäi ass dach rwisen datt d‘Sozialisten an Däitschland hir Zäit hannert sech hunn oder?

SPD: Nom Andrea Nahles muss et besser ginn

Wien der bei den Europawahlen an enger Landtagswahl (Bremen) esou zolidd laanscht d‘Bake kritt wéi déi Sozialistesch Partei Däitschland (SPD) an net Amstand ass och nëmmen de Usaz vun der ugekënnegter Erneierung virzeleeën. Muss sech vum Bierger gefale loossen, als Auteur vun der sozialer Schiflag a virun allem dem Sozialofbau duergestallt a bestrooft ze ginn (Agenda 2010).

Am Abrëll 2018 hat d‘Andrea Nahles de Virsëtz vun der SPD, entgéint dem zolitte Widderstand vun der Parteijugend, iwwerholl. Si hat de Martin Schulz ofgeléist, deen als „Lokomotiv“ fir d‘Partei op säi coole Job zu Bréissel verzicht hat, leider ënnerwee entgleist war an domatter zum „alen Eisen“ gehéiert. Déi 47 järeg „Pippi Langstrumpf“ Sozialistin huet et, dat ass elo kloer, net besser hikritt.

Si war déi éischt weiblech Cheffin vun enger – geschichtlech betruecht – Aarbechterpartei déi nach am leschte Joerhonnert duerchaus Grondsätz hat, un déi sech déi „Auserwielt“ och gehalen hunn. Déi Zäiten si vergaangen, d‘Wuert „Sozialistesch“ nëmmen nach Makulatur a mat den Aarbechter verbënnt déi haideg SPD näischt méi. Vollekspartei? Dat war emol, dat kënnt net méi erëm…

Sangen a Blären: Politik ass keng Spillschoul

D‘Andrea Nahles huet also elo och d‘Handduch geworf an de Virsëtz vu Fraktioun a Partei muss en aneren iwwerhuelen. Fir déi üblech „Iwwergangszäit“ soll deen eelsten d‘Fraktioun iwwerhuelen an ëm d‘Parteileedung dierf nach gestridde ginn. Déi vir en Dënschdeg ugesaten Neiwahl fir de Virsëtz vun der Fraktioun fält aus, de Rolf Mützenich iwwerhëlt, op Rot vum Virstand, kommissaresch…

Wa gewosst ass, datt de reguläre Parteidag sollt am Dezember stattfannen, kann ee verstoen, datt sech elo kee wëll virdrécken. Laanscht en aussergewéinleche Parteidag wäert d‘SPD sech net drécke kënnen an et ass elo scho sécher, datt d‘JUSOS et hiren Ale wäerte schwéier maachen. Woubäi déi Jonk nëmmen Zodi schloe kënnen, fir matzebestëmme feelt et hinnen u „Gewiicht“.

Elo gëtt spekuléiert op d‘Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz, Malu Dreyer, bereet wier dat wat vun hirer politescher Carrière nach iwwreg ass, och op d‘Spill ze setzen. De SPD-Generalsekretär, Lars Klingbeil, géif si gären an der Verantwortung gesinn, a réit senge Genossen dovunner of, déi nei Parteispëtzt an engem onséilegen Hannerzëmmer zesummenzeschrauwen. Also eng Urwahl?

Dat mam „rengen Dësch maachen“ hu se net drop

Wien awer ass bereet? Kandidate ginn der vill genannt – wat dann och en Ausdrock vun der reeller Verzweiwlung ass – mee déi, deenen een et nach grad esou zoutraue géif, wénken of. Esou den Olaf Scholz, aktuell Finanzminister mat enger Näipung zum „neoliberalen“, a sech der Tatsaach bewosst, datt mat deem wat u Personal zur Verfügung steet, weder eng Partei nach e Staat ze maachen ass.

De Parteidag elo virzezéie, dat gesäit de Fraktiouns-Vize Karl Lauterbach – een vun deene wéineg vertrauenswierdege Sozialisten am Bundestag – net als Ziilféierend. Et géif ee matten an der Aarbecht stiechen, besonnesch am Kontext vu Gesondheets- an Aarbechtspolitik, misst een elo endlech Resultater virleeën. Dat gesäit dann elo schonn eppes komplizéiert aus, an et geet weider…

Eigentlech – mee iergendwéi traut een der SPD dat net zou – missten d‘Sozialisten esou séier wéi nëmme méiglech, d‘Koalitioun beendegen. Zumindest wann et da wierklech soll zu esou eppes wéi der vill beschwierten Erneierung kommen. Do missten se allerdéngs a Kaf huelen, datt si als Partei nëmmen nach eng Randerscheinung wieren. Kann d‘Jugend d‘SPD nach retten? Éischter net…

mat indymedia/ber/cgn

Foto: Tumbles/Pixabay

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, Erneierung, Jusos, Sonnerparteidag, SPD, Vollekspartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel