Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Sommet vun de beschte Frënn
Fail International dating sites in austin

https://moien.lu/dating-your-coursemate/

Beim Sommet vun Helsinki, wou sech de Donald Trump mam

https://moien.lu/lifted-dating/
Fail International dating sites in austin

Dem Al-Ansari seng Uleedung, fir Frae richteg ze schloen – Geet et nach??

Schonn iwwert eng hallef Millioun Klicks zielt den Tutorial vum

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest
Fail International dating sites in austin

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Et ass, vun engem demokratesche Standpunkt hir betruecht, eng lëschteg

dislike

Scheiteren op héijem Niveau: SPD, eng Partei virum Ofgrond

Scheiteren op héijem Niveau: SPD, eng Partei virum Ofgrond

Nach virun engem Joer war de Martin Schulz als „Retter an der Nout“ un d‘Spëtzt vun der Sozialistescher Partei an Däitschland beruff ginn. Um Mëttwoch huet hien de Staf misse weiderreechen, no engem schwierege Joer voller politescher Enttäuschungen.

No dem Debakel bei de Wale fir de Bundestag, reieweis gebrache Verspriechen, an Aussoen, déi schonn dann net méi gestëmmt hunn, wa se gemaach goufen. Et war dann och ee sichtlech „midden“ Martin Schulz, dee gëschter Owend virun der Press en ultime „mea culpa“ vun sech ginn huet.

Hie wier net méi an der Lag „de Prozess vun der Erneierung vun der Partei anzeleeden“. Eng Partei déi beschtefalls nach e Schied vu sech selwer ass, vun der sozialistescher Ideologie esou wäit ewech, wéi den Trump vun der Erkenntnis dat et de Klimawandel gëtt. Dobäi hat alles villverspriechend ugefaangen…

Alles sollt „anescht“ ginn

De fréiere President vum EU-Parlament hat direkt no bekannt gi vun de Wahlresultater um 24. September haart a selbstbewosst ugekënnegt, datt et elo un der Zäit wier fir op der Oppositiounsbänk Plaz ze huelen. Hien hat och héich an helleg versprach, datt hien ni Minister an enger Merkel-Regierung géif ginn.

Haut ass gewosst, datt de klenge Mann aus Würselen Kräid gefriess huet, an dovunner direkt e ganze Waggon voll. Gutt, et dierft ee behaapten, datt de Martin Schulz vum Parteifrënd an Bundespresident Frank-Walter Steinmeier an d‘Verdierwe gezwonge ginn ass, wéi deen d‘SPD zu Koalitiounsverhandlunge gedrängt huet.

Mee egal wéi een et dréit a kéiert, et ass de Martin Schulz deen seng eegen Aussoe Lige gestrooft huet: Aus der „Oppositioun“ war näischt ginn. Awer et gouf e kloert Jo zu engem gutt bezuelte Ministerposten. E Poste fir deen de Schulz och bereet ass iwwer Läichen ze goen, well hien de Sigmar Gabriel kal stellt a sech selwer als Ausseminister gesäit.

Um Mëttwoch huet d‘SPD e grousse Schratt a Richtung vun enger neier Allianz mat de konservative Schwësterparteie CDU an CSU gemaach. Eng Grouss Koalitioun (GroKo), déi bei Bundestagswahlen esou däitlech ofgewielt ginn ass, datt nëmmen d‘Populiste vun der AfD um Enn als Gewënner do gestanen hunn.

Esou eng SPD brauch kee Mënsch

An dee Mann, dee wéi gesot vu sech behaapt hat, datt keng zéng Päerd hien an d‘Merkel-Regierung kéinte bréngen, stellt elo den Usproch, Ausseminister ze ginn. Vill Prestige, an awer e Posten ouni Entscheedungsgewalt. E Stratege Choix, deen him erlaabt de Virsëtz vun der Partei ofzeginn. Woubäi gewosst ass, datt hien als Parteipresident net méi erwënscht war.

Elo also kritt hien et a säi Liewenslaf geschriwwen, déi drëtt GroKo (mat)organiséiert ze hunn. Dat no den denkbar schlechten Erfarunge vun 2005-09 an 2013-2017. An et war jo och elo net hir Schold, datt déi „Jamaika-Koalitioun“ net zustane komm ass. Sech vun Neiwahlen erpresse gelooss ze hunn, aus Angscht, do kéint engem eng Schold zougewise ginn, gëtt d‘SPD elo eng Deier.

Mee d‘Bier ass nach net geschielt, ëmmerhi muss d‘Basis dem Koalitiounsaccord nach zoustëmmen, an déi Jonk Sozialisten (JuSos) ënnert der Leedung vum Kevin Kühnert, setzen alles drun d‘Membere vun der Partei ze iwwerzeegen, sech deem entgéint ze stellen.

Esou hätten dann d‘Militante vun der SPD dat lescht Wuert, an d‘Resultat gëtt sech fir de 4. Mäerz erwaart. Duerno gëtt et dann den obligatoreschen aussergewéinleche Kongress, op deem de Schulz säi Posten als Parteipresident muss zur Dispositioun stellen. Hei wäert dann d‘Andrea Nahles (47), aktuell SPD-Fraktiounspresidentin am Bundestag, den Job iwwerdroe kréien.

„Nei“ ass hei näischt

Wann ee sech aktuell d‘Sondagen ukuckt, esou huet de Martin Schulz seng eege Kredibilitéit verspillt: 14% géifen hien nach als Kanzler gesinn. Hien huet (net Eleng) och d‘Partei marginaliséiert: 17% géifen der SPD bei enger Bundestagswahl hir Stëmm ginn. Domatter leien se nach wierklech just, mee grad esou virun de Populiste vun der AfD (15%).

Am September huet d‘Zoustëmmung wéinstens nach bei 20,5% geleeën, wat eng däitlech Opfuerderung war, sech nei opzestellen an nees déi als sozialistesch ëmschriwwe Wäerter ze verdeedegen. Déi sozialistesch Ideologie huet d‘SPD dann awer schonn ënnert dem Gerhard Schröder iwwer Bord geworf, an ouni Bremsen de Biergof, dat ass geféierlech.

Dobäi hätt et misse besser ginn. Dem Martin Schulz, Schoulofgänger ouni Ofschloss, war et ëmmerhi gelongen sech „als Mann vum Vollek“ duerchzesetzen an et bis an en héicht Amt zu Bréissel ze bréngen. Villes ass him gelonge bis… jo bis hien der „schwaarzer Raut“ an d‘Fall gaangen ass.

A wann een den Experten esou nolauschtert, gëtt et, falls d‘SPD et mat der Erneierung eescht sollt mengen nëmmen ee Wee: de lénke Fligel an der Partei muss gestäerkt ginn. Dat dierft mat liberaler Andrea Nahles, wuel net de Fall sinn. Eng Fra, déi komesch Lidder am Bundestag séngt an um Parteidag duerch Gebläers opfält.

„Die Welt“ awer gesäit e grousse politeschen Erfolleg: sechs Ministère fir d‘SPD, dorënner den Ausseministère, an de Finanzministère. Dee Ministère deen traditionell vun enger schwaarzer Null beherrscht ginn ass, kritt elo also eng „rout Null“. A falls, wéi ze erwaarde d‘SPD-Militanten der GroKo zoustëmmen, ass net gewosst, wéi laang dës Regierung wäert Liewensfäeg sinn.

mam Isabelle Le Page/AFP

Foto: Um Mëttwochowend huet de Martin Schulz bekannt ginn, datt eng Eenegung fonnt ginn ass, an hien als Ausseminister an der Merkel-Regierung, entgéint alle fréiere Verspriechen an Aussoen, wäert seng politesch Carrière ofschléissen. Op dës GroKo eng Zukunft huet, dat muss sech dann awer nach erweisen. © Tobias Schwarz/AFP

Update (9:50): Korrekturen

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, Angela Merkel, GroKo, Martin Schulz, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel