Search

You may also like

dislike
No der OPWC soll den Dossier „Skripal“ am UN-Sécherheetsrot beschwat ginn
Kultur Neiegkeeten

No der OPWC soll den Dossier „Skripal“ am UN-Sécherheetsrot beschwat ginn

Russland konnt um Mëttwoch d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche

LIST: De Schrëtt zum Frigo vu muer?
Kultur Neiegkeeten

LIST: De Schrëtt zum Frigo vu muer?

An de leschte Joren goufen d’Killsystemer zwar ëmmer weider optimiséiert,

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!
Kultur Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!

Reegelméisseg bitt natur&ëmwelt Ausstellungen, Evenementer a Workshoppe ronderëm d’Natur an de

LCTO: Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg

LCTO: Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO), d‘Stad Lëtzebuerg, d‘Arméi an „d‘Frënn vun der Militärmusek“ Asbl hunn déi grouss Freed ukënnegen ze dierfen, datt de Virverkaf fir de Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg ganz gutt ugelaf ass, an wien Interessi huet, mat derbäi ze sinn, dee sollt sech elo entscheeden, well vill Tickete sinn net méi do.

Zesumme mat den uewe genannten Organisateure, invitéiert d‘Redaktioun d‘Frënn vu klassescher sech „bäi ze maachen“. De Präis ass mat 15 Euro (+Virverkaafstax) pro Persoun duerchaus sozial an der Qualitéit vun dësem Event méi wéi ugepasst. All Euro geet un Special Olympics Lëtzebuerg. Hei kann een also ee flotte kulturellen Owend verbréngen an eng gutt Aktioun maachen.

De Programm huet et dann och a sech an den Harmonieorchester vun der Militärmusek, gëtt zu dësem besonnesche Concert, vun zwee jonke Museker aus de Conservatoire vum Land begleet. Si interpretéieren als Weltpremière den „Duebele Concerto fir Sopran-Saxophon an Euphonium“ dee vum Adjudant Georges Sadeler komponéiert ginn ass. Donieft gëtt et nach Wierker vum Michael Markowski, Christiaan Janssen, Anton Alcalde Rodriguez an Oscar Navarro.

Fir d‘Direktioun vum Concert ass de Chef vun der Militärmusek, de Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun verantwortlech. Dëse Benefizconcert steet dann och ënnert dem Patronage vum Ierfgroussherzog.

Tickete gëtt et hei:

Wéini a Wou?

De Mëttwoch 29. januer um 20 Auer am Stater Conservatoire

Eppes iwwert de Beneficiaire

Special Olympics Lëtzebuerg ass d‘Sportfederatioun déi alle Mënsche mat engem intellektuellen Defizit d‘Méiglechkeet ubitt eng ugepasste physesch Aktivitéit ze praktizéieren, regelméisseg un Trainingen deelzehuelen an esou och bei Kompetitiounen déi hire Fäegkeeten entspriechen unzetrieden. D‘Federatioun feiert aktuell hire 40. Jubiläum.

Zanter 1979 ass d‘ALPAPS – Sport mat Suergekanner, wéi sech d‘Associatioun zu hiren Ufäng genannt huet – staark vum Mouvement „Special Olympics“, deen 1968 vun der Kennedy-Famill an den USA gegrënnt gouf, inspiréiert. Déi Lëtzebuerger Branche, déi haaptsächlech vu Benevolle geréiert gëtt, encadréiert haut ronn 400 Sportler mat engem intellektuellen Defizit.

Bis ewell ginn eng 12 Sportdisziplinne mat wëchentlechen Trainingen, sportleche Manifestatiounen (National an International) ugebueden. Grousse wäert gëtt op d‘Inklusioun duerch de Sport geluecht, firwat et och sougenannt „unifiéiert“ Ekippe gëtt, wou Sportler mat spezifesche Besoinen zesumme mat „valide“ Partner sech mat vill Begeeschterung sportlech betätegen.

Bild: hans Braxmeier / Pixabay

Related topics Arméi, Benefizconcert, Frënn vun der Militärmusek Asbl, LCTO, Special Olympics Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post