Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis
Neiegkeeten Sport Stories

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

D‘Graf vum onbekannten Zaldot, bei deem sech um haidege Sonndeg,

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt
Neiegkeeten Sport Stories

Esch-Uelzecht: De Budget am Mëttelpunkt

Déi lescht Gemengerotssëtzung vun 2017 huet sech bal integral mat

money
ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!
Neiegkeeten Sport Stories

ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!

Zu Bréissel sinn sech fir näischt ze schued. Esou ergëtt

Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport

Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu
Sport fir Jiddwereen: eng gesellschaftlech Integratioun iwwer Sport
© Laurent Mehlen/moien.lu

De Sport ass net nëmme fir eis do, mee och fir Mënsche mat Aschränkungen. Esou gëtt et hei zu Lëtzebuerg d’Special Olympics fir Persounen, déi et am Liewen net ëmmer einfach hunn.

Generell gesot handelt et sech hei ëm, eng vun dem International Olympic Committee (IOC), offiziell unerkannte Sportbeewegung fir Mënsche mat geeschtleche Behënnerungen. 1968 gouf Special Olympics vun der Famill Kennedy gegrënnt, existéiert haut an iwwer 160 Länner a funktionéiert, wéi déi normal Olympesch Spiller oder Paralympics. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et dës sportlech Organisatioun. De groussen Ënnerscheed leit hei bei den Leeschtungen, wou net den absolute Rekord ugezielt gëtt, mee déi perséinlech Beschtleeschtung. Selbstverständlech moossen sech dës Sportler och ënnerteneen.

Den Ufank vu Special Olympics gouf 1976 gemaach, wou eng kleng Grupp vun Educateuren ob enger French American Volunteer Association d’Konzept déi éischt Kéier gesinn huet. Domat gouf et bei den nächste Spiller éischt Participatiounen.

Den doraus resultéierenden Succès mat 16 Medailen huet weider Participatiounen ervirgeruff. 1979 gouf esou „Association Luxembourgeoise pour la Pratique des Activités Physiques et Sportives des Personnes Inadaptées et Handicapées Mentales“ (A.L.P.A.P.S.- Sport mat Suergekanner) wei och „Fédération Sportive Luxembourgeoise des Handicapés“ (F.S.L.H.) gegrënnt.

Déi éischt Fête sportive internationale am INS zu Ettlebréck war dann och den alleréischte Challenge vum ALPAPS. Doropshi goufen sou all Joer Spiller organiséiert.

Special Olympics

Duerch déi verschidden Interêten vun den Mënsche mat Behënnerunge koum et schnell zu engem enorm grousse Repertoire un den verschiddene Sportaarten, déi vum Vëlossport, iwwert den Wantersport bis hin zu Fussball ginn. Dat huet zu ville sportleche Festivitéiten gefouert, bei deene Sportler am Ausland deelgeholl hunn.

D’ALPAPS gouf 1982, duerch säi grousse Succès vum deemolege Minister vun der Education Physique et des Sports, an den Status vun enger Fédératioun gehuewen. Doropshi gouf d’Assossiatioun komplett an déi sportlech Welt vu Lëtzebuerg erhuewen. 1990 ass d’ALPAPS, duerch seng ähnlech Identitéit an Philosophië wéi Special Olympics, zu Special Olympics Lëtzebuerg ginn.

Offiziell ginn et dräi Niveaue bei Special Olympics: Den ob nationalen, europäeschen a weltwäite Level. Mëttlerweil ginn et ongeféier 350 Memberen an 35 Partner, déi mat Special Olympics Lëtzebuerg zesummeschaffen. Insgesamt 60 Fräiwëlleger sinn fir déi 350 Sportler bei all Aktivitéit do.

Basketball Dag 2019 um Kierchbierg

Iwwert de Weekend gouf et dann och en Event am Rehazenter um Kierchbierg. Gestart gouf hei um 9:30 Auer mat verschiddene Workshoppe fir Basketballspiller vu Special Olympics. Insgesamt gouf et 5 Workshops, bei deenen sech d’Spiller opwierme konnten a gläichzäiteg hier Koordinatioun an Technik ausbaue konnten. Heibäi hunn awer net nëmme Basketballspiller deelgeholl, mee och Sportler aus aneren Disziplinne, souzesoen als Schnuppercours. Begleet gouf dat Ganzt vu Leit wéi dem National Trainer Ken Diderich oder och anere professionelle Basketballspiller aus verschiddene Kaderen an Mannschaften, mat deenen eng Konventioun mat Special Olympics besteet.

Dës Weideren ass hei net nëmmen d’Stéchwuert „Begleedung“ ze ernimmen, mee och déi zuelräich Sponsoren. Sou goufen och Material vun der „Association des Anciens du Baketball Luxembourgeois“ fir ze spillen zu Verfügung gestallt.

Pünktlech um 13:15 Auer goufen d‘Matcher ugepaff. Géinteneen gespillt hunn déi professionell Basketballspiller vu Special Olympics géint Vodafone, déi sech domat ënnert anerem ob d’Weltmeeschterschaft zu Abu Dhabi virbereeden. Um 15 Auer gouf et dunn ee Spill mat prominente Personnagen, wéi dem Gilles Muller, Laurent Didier, Kelly Toex, an villen aneren aus dem Sport, der Politik an der Kultur.

Fir de klengen a groussen Honger tëschenduerch sinn d’Sportler natierlech och super verfleegt ginn. Eng voll equipéierte Kaffisstuff, wéi och ee Mëttegiesse goufen zur Verfügung gestalt. Sou konnten d’Sportler ëmmer gestäerkt a voll konzentréiert um Ball bleiwen, an dat wuertwiertlech.

Eventer wéi dëst sinn net nëmme privat, mee och ëffentlech zougänglech. Sou kënnen interesséiert Leit och einfach esou u villen Aktivitéiten deelhuelen, an dës Aarbecht mat geeschtlech Behënnerten och ënnerstëtzen. Den 12. Februar feiert Special Olympics Lëtzebuerg 40 Joer Bestoen, wou och Dir natierlech häerzlech invitéiert sidd.

Wieder Informatioun fann dir ënnert www.specialolympics.lu.

Ähnlech Sujeten ALPAPS, Basketball, Behënnerung, IOC, Special Olympics
Nächsten Artikel Virrechten Artikel