Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bausecteur: Alles geet… mat eppes guddem Wëlle vu jidderengem
International Neiegkeeten

Bausecteur: Alles geet… mat eppes guddem Wëlle vu jidderengem

De Gruppement vun den Entrepreneuren aus der Constructioun an dem

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung
International Neiegkeeten

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit
International Neiegkeeten

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit

Et ass dann awer nees bemierkenswäert, wéi eng Iddien aus

Speedmarathon 2019: 1200 Automobilisten ze schnell!

Speedmarathon 2019: 1200 Automobilisten ze schnell!

Et war schonn déi 5. Editioun vum Speedmarathon, bei deem un dësem Mëttwoch, 3. Abrëll iwwerall am Land Polizisten ënnerwee waren, fir esou d’Speedy Gonzales’e vun der Strooss op hiert schëtzegt Fuerverhalen opmierksam ze maachen.

Am Kampf géint ze héich Vitessen op eise Stroossen an déi domat verbonne Geforen huet, nieft 25 weideren europäesche Länner, och d’Police vu Lëtzebuerg wärend 24 Stonnen zuelräich Vitesskontrollen an allen Ecker vum Grand-Duché duerchgefouert. Bei 200 Kontrollen ass et, trotz der Ukënnegung, 1.200 Automobiliste wuel net schnell genuch gaangen.

speedmarathon

De Groussdeel vun dësem Bilan konnt duerch fix a mobil Radaren ervirgeruff ginn. 250 Mol hunn d’Beamte mam Fön déi ze schnell Gefierer gepëtzt, an 2 Chauffeure konnten ouni hire Permis Heem goen. An dobäi haten d’Polizisten dach op Social Media erkläert, datt een ab Mëtternuecht een Aen op d’Gefierer gehäit an een net dat éischt Blëtzeraffer soll ginn.

Moies fréi sinn déi éischt Biller eropgeluede ginn, wou am Beruffsverkéier bei enger Kontroll an esou wollte bei der Côte d’Eich, bei enger Kontroll vun 1,5 Stonnen, wuel 10 Chauffeure ganz schnell op d’Aarbecht kommen. Zu Tandel hunn d’Beamte wärenddems de Virbildcharakter vun de Chauffeure luewe missen. Hei ass nämlech just ee Fuerer wéinst ze héijer Geschwindegkeet erausgeholl ginn.

Speedmarathon

© Police Grand-Ducale

Esou si bei engem éischte Bilan kuerz no 8:00 Auer Moies wärend 11 Kontrollen eng sëlleche Persounen negativ am Verkéier opgefall: 9 Automobilisten hunn missen 49 € an 2 Chauffeuren 145 € bezuele. Den éischte Führerschäi war och schnell fort, an dat scho fréi Moies um 7:00 Auer. A wien mëscht dann esou eppes ëm dës onsëttlech Zäit?

Viru goung et op Social Media mat Kënzeg, wou jiddwereen nom Code de la Route gefuer ass, sou wéi am Houwald an enger 30er Zon. Hei ass erstaunlecherweis just een Automobilist mat 38 km/h aus der Rei gefall – Respekt! Um hallwer 4 Nomëttes konnt d’Police iwwert 120 Verkéierskontrollen opzielen. A bësse méi wéi 12 Stonne sinn – Radaren abegraff – 270 Geschwindegkeetsiwwerschreidunge festgestallt ginn.

Bei der Kontroll zu Jonglënster hunn, nieft 6 Persounen, déi verwarnt gi sinn, och sou Muncher d’Schëlter net kannt. Einfach de Stopp ze ignoréieren oder seng Pabeieren net an der Rei ze hunn, war hei wuel esou üblech. Komplett an aktuell Autopabeieren sinn nämlech och vun de Beamte gekuckt ginn. Donieft sinn och déi Automobilisten erausgepickt ginn, déi um Handy gespillt hunn.

Opmaacherbild: © Police Grand-Ducale

Ähnlech Sujeten Police, Radar, Speedmarathon, Vitessekontroll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel