Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!
International

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!

E Mëttwoch huet den Europäesche Rechnungshaff ee Sonderbericht zum Wuelergoe

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?
International

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn.

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020
International

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020

Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg e Wiessel un der Spëtzt vum Konzern ginn. De Lakshmi Mittal huet sengem Fils Aditya (42) d‘Presidence iwwert de Konzern iwwerdroen.

Domatter huet den Aditya Mittal dann elo dräi Kapen op: hien ass de CEO vun ArcelorMittal Europe, a Finanzdirekter vum Grupp, an elo also och President vum Konzern. Aus dem Communiqué vum Grupp ass eraus ze liesen, datt d‘Ernimmung vun Aditya Mittal un d‘Konzernspëtzt, dem strategesche Rôle deen hien am Grupp ageholl huet, Rechnung dréit.

Am Communiqué gëtt dann och de Lakshmi Mittal (67) zitéiert: „Den Aditya huet sech als duerchsetzungsfäegen an erfëllte Manager, als CFO vum Grupp a CEO vun ArcelorMittal Europe, bewisen. Hien huet Resultater virzeweisen an hält de Wäert vum Konzern héich. Hie wäert also och weiderhi mat mir zesummeschaffen, fir d‘Zukunft vum Grupp ze gestalten“.

D’Situatioun fir ArcelorMittal gesäit gutt aus

Wéi an alle grousse Konzerner geschitt och hei seelen eppes duerch Zoufall. D‘Ernimmung vum Aditya ass dann och nëmmen e puer Wochen no der Publikatioun vum Bilan 2017 virgeholl ginn. E gutt Joer, ugesicht der Tatsaach, datt ArcelorMittal säin Nettobenefice vun 1,8 Milliarden US-Dollar (2016) op 4,6 Milliarde steigere konnt.

Eng nennenswäert Leeschtung, déi dem Wuesstem vun den operationelle Resultater geschëlt wier. Et gouf eng grouss Nofro vu Stol an Eisenäerz an och d‘Präisser si relativ stabil bliwwen. Rechent een dann nach déi réckleefeg fiskal Belaaschtung an de stabille Wiesselcours derbäi, leeft et fir ArcelorMittal zimlech gutt.

Den Ëmsaz vun ArcelorMittal ass 2017 ëm 21% an d‘Luucht gaangen, an huet bei bal 69 Milliarden US-Dollar geleeën. De Versand huet ëm 1,6% zougeluecht, wat 85,2 Milliounen Tonne produzéierte Stol bedeit. Och d‘Expeditioun vum Eisenäerz huet eng Hausse vun 6,1% verzeechent, wat sech an 35,7 Milliounen Tonnen ausdréckt.

mat AFP

Foto: De CFO vun ArcelorMittal an CEO vun ArcelorMittal Europe, Aditya Mittal, ass säit dem Méindeg elo och President vum Konzern. (Archivbild aus dem Mee 2013) © Jean-Christophe Verhaegen/AFP

Ähnlech Sujeten Aditya Mittal, ArcelorMittal, Lakshmi Mittal, Siderurgie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel