Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IKEA mécht et méiglech: 700 Moslemen bieden ënnert fräiem Himmel
Neiegkeeten

IKEA mécht et méiglech: 700 Moslemen bieden ënnert fräiem Himmel

Mat Ofstand, dofir awer all vereent: Zu Wetzlar, enger Stad

Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft
Neiegkeeten

Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft

Ob a wéini et zum Bau vum gigantesche Google Datenzenter

Réckruff vu Produiten vun STE Fromagere de la Brie
Neiegkeeten

Réckruff vu Produiten vun STE Fromagere de la Brie

De Supermarché Delhaize huet déi lëtzebuergesch Liewensmëttelsécherheet doriwwer informéiert, datt

Spideeler an Dokter-Praxen ab e Méindeg nees op

Spideeler an Dokter-Praxen ab e Méindeg nees op

Ab e Méindeg, de 4. Mee dierfen all Medeziner, sief et ausserhalb oder am Spidol, hier Aktivitéiten nees ophuelen. Dozou gehéieren och liberal Gesondheetsberuffer, wéi dee vun der Infirmière, der Hiewan, dem Kiné oder dem Psychotherapeut.

Nodeems d’Regierung um 16. Mäerz mat senge Moossnamen, fir d’Verbreedung vum Covid-19 ze limitéieren, verëffentlecht huet, sinn och d’Visitte beim Dokter op den absolute Minimum erofgeschrauft ginn. Haaptsächlech op d’Teleconsultatioun gouf zeréckgegraff, wann ee sech da getraut huet, sech mam gesondheetleche Leed un de Fachmann ze wenden.

D’Infektiounszuele ginn erof, an esou kann ee schonn emol drun denken deen een oder anere Secteur nees un d’Rullen ze bréngen. D’Limitatiounen op den Accès op Fleeg kéinte vermeidbar Risike mat sech bréngen, wouduerch d’Regierung decidéiert huet, datt d’Professioneller am medezinesche Beräich nees schaffen dierfen.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert ënnersträicht, datt och wa wärend dem Confinement den Accès op Fleeg ni verbuede war, sech awer op uerg an urgent Problemer konzentréiert gouf, erméiglecht et déi aktuell Situatioun d’Offer nees auszebreeden. Dës Decisioun ass am Interessi vun der Qualitéit an der Kontinuitéit vun der Fleeg vun all Patient.

Dokter

Wat een elo beuechte sollt

Nach ëmmer stellt de Schutz vum Patient eng Prioritéit duer. Wie bei den Dokter wëll, muss sech iwwert Telefon ee Rendezvous ginn. Wärend dem Gespréich gëtt dann ee Covid-Screening gemaach. Äussert de Patient hei schonn Symptomer, gëtt en an ee vun den Zentren fir erweidert Fleeg, respektiv an d’Urgence geschéckt.

Léisst de Gesondheetszoustand et zou, da sollt een trotzdeem nach ëmmer op d’Teleconsultatioun zeréckgräifen. Souwuel am Accueil, wéi och am Waardesall si speziell Schutzmoossname virgesinn, sou wéi d’Desinfizéiere vun den Hänn. D’Rendezvousen ginn esou verdeelt, datt am Waardesall d’Distanz vun 2 Meter zum nächste Patient garantéiert gëtt. D’Schutzmask muss een trotzdeem opdoen.

Ma, net eleng d’Patienten, mee och déi Professionell musse sech un d’Hygiènesreegelen halen. Dozou gehéiert d’Desinfektioun vun den Hänn an Uewerflächen, reegelméissegt Hänn-wäschen an d’Droe vum Schutzmaterial. Besonnesch bei Zänndokteren a Kinéen, déi dem Patient zimlech no komme kënnen, ass individuellt Equipement zum Schutz erfuerderlech.

Déi véier Zentren fir erweidert Fleeg bleiwe bestoen, allerdéngs fält hei d’Reih fir net-Covid-Patienten ewech. D’Auerzäiten ginn ugepasst op 10:00 bis 18:00 Auer. Aktuell bleiwen och de Service Urgence vun den Zänndokteren an d’Prise en Charge vun de Maisons de Soins bestoen.

Och an de Spideeler kéiert nees eng Aart Normalitéit an. Medezinesch a chirurgesch Aktivitéiten dierfen duerchgefouert ginn. D’Ekippen halen hir Ressourcen un Infrastrukturen, Equipement, Medikamenter a Mataarbechter am Bléck, fir esou alle Persounen eng maximal Sécherheet ze garantéieren.

Ähnlech Sujeten Covid-19, Dokter, gesondheetlech Problemer, Hiewan, Infirmier, Kiné, Krankheet, Mondschutz, Praxis, Spidol, Teleconsultatioun, Urgence, Zenter fir erweidert Fleeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel