Search

You may also like

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy
International Neiegkeeten

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy

D’Sea-Eye Academy bilt d’Séi- a Landcrew vu Sea-eye a verschiddenen Trainingen a

International Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Halloween Night am Ciné Scala

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift
International Neiegkeeten

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun

Franséisch Spideeler geroden nees un hir Grenzen

Och eis belsch Nopere stinn duerch d‘Zounam vun den Hospitalisatioune mam Réck zur Mauer

Franséisch Spideeler geroden nees un hir Grenzen

Vun eisen direkten Noperen, ass et d‘Lag am Frankräich déi, wou den Ament am ustrengendsten ass an näischt drop hindéit, datt et sech „berouege“ géif. Iwwer 52.000 Neiinfektiounen eleng fir ee Sonndeg, vun ee Sonndeg op e Méindeg hu bannent 24 Stonne ronn 370 Covid19-Patiente missen intensiv behandelt ginn. Vill Spideeler sinn iwwerlaascht a musse scho Patienten transferéieren.

D‘Pandemie ass awer och ee politesche Sujet: esou behaapt sech d‘Oppositioun am Parlament drop, datt d‘Bierger verstanen hätte wourëms et geet. D‘Vollek géif vun der Regierung erwaarden, datt si d‘Saachen esou duerstellt wéi se sinn, heescht et aus de Reie vum PS (Sozialisten). Hiren éischte Sekretär Olivier Faure, verlaangt datt d‘Regierung mat der Infantiliséierung vun de Leit ophält…

Et ass elo emol wichteg, datt eis franséisch Noperen uecht dinn, hire Gesondheetssystem net ze iwwerlaaschten. Den Télétravail bleift bei der Vermeidung vun Infektiounen och weiderhin ee ganz probat Mëttel, mee ob een dovunner d‘Fuerderung ofleede kann, den Homeoffice iwwerall do zur Obligatioun ze maachen, wou et méiglech ass? Et wier zumindest ze envisagéieren.

Bréissel denkt och iwwert de Confinement no

Wärend zu Paräis de „Comité de Défense“ haut a muer siegéiert, wëll et zu neie Mesuren a Schrëtt am Kontext vun der Covid19-Pandemie komme muss, denkt déi belsch Regierung schonn iwwer ee méigleche Confinement no. Déi stramm restriktiv Mesuren, déi zanter dem Weekend an der Belsch a Kraaft sinn, schéngen net duer ze goen, oder sinn och eventuell vill ze spéit agefouert ginn.

Déi belsch Autoritéiten hunn allerdéngs eng ganz aner Approche, wéi dat elo an Däitschland oder Frankräich de Fall. Hei gëtt d‘Urgence un der Zuel vun de beluechten Intensivbetter festgemaach. Den Ament sinn et därer ronn 1.000 déi mat Covid19-Patiente beluecht sinn, a bis Enn der Woch wäerten et der 1.250 sinn. No Allerhellege kéinten et bis zu 2.000 beluechten Intensivbetter sinn.

Onzefriddestellend Entwécklung

Et sinn dann och manner d‘Politiker, wéi déi am Fleegesecteur beschäftegt Dokteren, Infirmieren an Aide-soignanten, déi d‘Bevëlkerung opruffen onnéideg Versammlungen, Deplacementer oder soss Kontakter ze vermeide wou et nëmme geet. Richteg ass jo, datt villes vum Beholl, respektiv der Aart a Weis wéi ee säin Alldag bestreit, sech op d‘Verbreedung vum Coronavirus auswierkt.

Problematesch awer ass et elo schonn. Esou huet Léck missen éischt Patiente verleeën, an et goufen Intensivpatienten och an d‘Ausland verluecht. Den Ament préiwen d‘Servicer Kooperatioune mat Nordrhein-Westfalen, sollt d‘Lag sech weider verschlechteren. Och bei eis am Land gesäit et net gutt aus. Um Méindeg goufen 195 Neiinfektiounen notéiert, zwee weider Affer sinn ze bekloen…

mat indymedia/par/bru

Illustratioun: D‘Kurv flaach halen an dem Gesondheetssecteur eng Chance ginn, sech ëm d‘Fäll ze këmmeren, dat sollt dat erkläerten Zil vun eis alle sinn. Leider ass et mam Covid19 wéi mam Klimawandel, eréischt wann engem den eegene Keller vollgelaf ass oder de Wand engem den Daach iwwert dem Kapp ewechgeblosen huet, jo dann ass bereet och aktiv eng Hand unzepaken. © Jose Pablo Dominguez / unsplash

Related topics Belsch, Confinement, Covid19, Frankräich, Intensivbetter, Lockdown, Spideeler
Next post Previous post