Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken
Meenung Neiegkeeten

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken

De Nigel Farage, fréiere Chef vun der europhober UKIP, ass

„Scholdaarsch“: Wat sinn d‘Ursaachen, wien ass betraff?
Meenung Neiegkeeten

„Scholdaarsch“: Wat sinn d‘Ursaachen, wien ass betraff?

Beim éischten Iwwerbléck vum Rapport 2018 vum Familljeministère, stellt e

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden
Meenung Neiegkeeten

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden,

Abrigado – Eng Spillplaz fir den Drogenhandel? (nogeduecht)

Abrigado – Eng Spillplaz fir den Drogenhandel? (nogeduecht)

Den „Drogeproblem“ ass zu Lëtzebuerg mat den aktuelle Léisungsvirschléi net ze léisen an datt just de Garer Quartier an der Haaptstad ëmmer nees als Zentral fir den Drogenhandel duergestallt gëtt, esou och net wierklech gerechtfäerdegt. Mee natierlech ass et ee sougenannte Brennpunkt. Woubäi hei och misst ervirgehuewe ginn, datt et och ee sozialen Hotspot ass an d‘Police net alles léise kann.

Géintiwwer dem Staatssender Bertelsmann/RTL huet sech den CSV-Deputéierten a Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg, Laurent Mosar, doriwwer geiergert, datt et bis zu 4.000 „Clienten“ op der Gar hätt, an een deem zur Stonn net wierklech vill géinteniwwer ze stellen hätt. D‘Stad selwer wier do net déi richteg Instanz fir anzegräifen, hei wier d‘Regierung an der Verantwortung, esou de Resumé.

D‘Justizministesch Sam Tanson (déi gréng), déi wuel net fir d‘Police zoustänneg ass – dat ass jo bekanntlech de Minister fir bannenzeg Sécherheet François Bausch (déi gréng) – widdersprécht dem CSV-Politiker net, weist awer zu Recht drop hinn, datt „Drogen“ ee gesamtgesellschaftleche Problem, dee sech net mëttels polizeilecher Repressioun aus der Welt schafe léist.

Si vertrëtt allerdéngs och d‘Usiicht, datt ee misst kucke wou de Problem hierkënnt an ee sech och misst déi noutwenneg Moyene ginn „dat“ als „Gesellschaft“ ze léisen. Wann domadder awer eenzeg d‘Moyene fir d‘Police (méi Personal/Presenz) sollte gemengt sinn, léist dar de Problem net. Et dierf een awer begréissen, datt se sech haut de Moien all eens waren, méi Leit um Terrain ze behalen.

De laange Schied vum Kapitalismus

Wann d‘Buergermeeschtesch Recht huet, datt et sech net kann ugoen, datt Strummerten sech hir Residenz virun engem Buttek oder an den Entréeë vun Haiser geneemegen, an d‘Police hei – ausser dem Versuch vun der Aschüchterung – kaum, fir net ze soen, guer keng Rechtsmëttel huet, dës Leit ze verjoen, esou brauch et dofir manner den Asaz vun der Police. Déi léist keng sozial Problemer.

Et ass och net wierklech Hëllefräich, wann den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ervirhieft, datt well de Gros vun den „Dealer“ aus Frankräich oder der Belsch kommen – wat eng Verfolgung géif erschwéieren – wann et sech net ëm Nord- oder Zentralafrikaner handelt, déi oft aus Nigeria géife kommen a falsch italienesch Pabeier hätten. Eng Léisung awer, déi ass dréngend Noutwenneg.

Esou eng Léisung kann een dann awer net erbäiféieren, wann een, wéi dat d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) zum Ausdrock bruecht huet, dee vun der Stad op der Gar installéierten Zenter „Abrigado“ zur „Spillplaz fir den Drogenhandel“ erkläert. Wann et net esou „geduecht“ war an dës Fixerstuff zur Demande an esou zu méi „Dealer“ bäidréit, esou ass dat net iwwer Nuecht entstanen.

Ze hoffen, datt mat der Erëffnung vun der Fixerstuff zu Esch-Uelzecht d‘Gar an der Stad entlaascht gëtt, an ze fuerderen datt esou Haiser och missten am Norden an am Oste vum Land implementéiert ginn, mécht nëmmen och da Sënn, wann eng ganz Rei aner Konditioune geschafe ginn, déi sech mam soziale Volet, der Begleedung an dem Ëmgang vun dëser Populatioun befaassen.

Véier Ministère fir eng Conclusioun

Esou eppes huet natierlech säi Präis, an et ass jo och net deen eenzege Problem mat deem d‘Stad ze kämpfen huet. D‘Mendicitéit ass ee weidere gréissere Problem an der Haaptstad. Hei besonnesch déi „kriminell organiséiert Heescherei“, wou anscheinend vu Rumänen organiséiert géifen. Gutt dat ass eng offiziell Positioun, déi sech jo wäert op d‘Erkenntnisser vun der Police bezéien.

Dëse „Phenomen“ awer elo wëlle mat detachéierte Polizisten aus Rumänien ze bekämpfen, dierft Froen opwerfen. Eisen Informatiounen no, kommen tatsächlech déi meescht Leit wou „berufflech“ heeschen aus Rumänien, woubäi et sech hei ëm Roma handelt, déi vun de Rumänen nawell gären an zimmlech däitlech als Ënnermënschen duergestallt ginn. Mee dat wäert jo alles beduecht gi sinn.

Woubäi een sech och der Mendicitéit – egal op kriminell oder aus Nout – net mat Repressive Mëttel eleng wäert entleedege kënnen. Op Drogen oder Heescherei, dës gesellschaftlech Problemer sinn – wann een dat mam néidege Seriö wëll ugoen – nëmme multidisziplinär ze léisen. Et dierft zudeem méi einfach si motivéiert Streetworker ze rekrutéieren, wéi Polizisten déi aner Aufgaben hunn.

Elo heescht dann zum Drogeproblem, datt sech de Ministère fir bannenzeg Sécherheet, Justiz, Gesondheet an Immigratioun wëlle koordinéieren, a bis zum Hiecht hir Conclusiounen, bezunn op d‘Drogekriminalitéit, an engem Rapport wëllen zesummefaassen. Dëse Rapport kéint dann 2021 an der Chamber debattéiert ginn. Op d‘Oppositioun hei wéi bei der Covid19-Kris agebonne ginn?

Foto: De grousse Chantier a generell déi vill Aarbechten, déi aktuell op a ronderëm d‘Gar der Stad een neit Gesiicht opzwéngen, kommen de kriminellen Aktivitéiten eppes entgéint. Gefuerdert ginn och weider Kameraen, woubäi déi hiren ofschreckende Charakter nëmme Punktuell zum Ausdrock brénge kënnen. D‘Sam Tanson huet Recht: et ass ee gesamtgesellschaftleche Problem, dee sech net durech Repressioun eleng behiewe léist. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Drogenhandel, Garer Quartier, Keefleche Sex, Mendicitéit, Police, Repressioun, Soziale Brennpunkt, Streetworker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel