Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!
Meenung

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!

D’Groussregioun wiisst ëmmer méi. Net nëmme, wat d’Regiounen ugeet, mee

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden
Meenung

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden

No enger längerer Entrevue mat de Parteien an dem amtéierende

What the Fakt – Haut ass Weltkriibsdag!
Meenung

What the Fakt – Haut ass Weltkriibsdag!

All Joer soll besonnesch um 4. Februar op eng vun

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!

Wéi d‘sozial Netzwierker engem de Spaass verdiewe kënnen.

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!

Dës läscht souz ech zesumme mat Kollegen op enger Terrasse. Jidderee war entspaant, bis ee gefrot huet, op mer déi nei Episod vu Game of Thrones gesinn hätten, gouf gejaut, nëmme näischt ze verroden. Eng Reaktioun, déi typesch ass fir meng Generatioun.

Den „Gentleman‘s Agreement“ bei Game of Thrones, mee och bei anere Serien, ass, net driwwer ze schwätzen. Op mannst net einfach esou. Wann een driwwer schwätze wëll, muss een och sech sécher sinn, kee ronderëm sech ze hunn, deen net up to datebei der Serie ass. Well bei dëse Serien gespoilt (also, Plotdetailer am viraus gewuer ze ginn, ouni et ze wëllen) kann engem zimlech de Spaass verdierwen.

Fir d‘Maachere vun dëse Serien ass dat eng super Saach! Well wie matschwätze wëll, muss och déi aktuellst Episode gesinn hunn. Et ass ee quasi dozou verflicht. An der haideger Streaming-Welt ass dat ganz normal. Mee ech ka mech nach un Zäiten erënneren, ugangs den 2000er, do gouf et dat nach guer net. Firwat?

Et huet zum engem eppes mam Serie-Format ze dinn. Extrem vill Serie ware statesch, zum Enn vun all Episod war de Status-Quo erëm hiergestallt, et gouf kee groussen, iwwerspaanenden Handlungsbouh. Deen anere Faktor sinn d‘sozial Netzwierker. Ween net oppasst, gëtt do ganz schnell gespoilert. An et ass bestëmmt scho jidderengem virkomm. Déi Erfahrung wëll ee gäre sou vill wéi méiglech meiden.

Dat geet da schonn emol duerchaus esou wäit, datt een sech komplett vun de soziale Netzwierker ewech hält. Selwer evitéieren ech während der Game of Thrones Zäit virun allem Méindes, wann déi meescht iwwert déi lescht Episod tweeten, Twitter. Mee et muss een sech och selwer drun halen, an net einfach andauernd op Twitter ongefrot Plot-Detailer verbreeden. Esou kann ee schonn emol e puer digital Frëndschaften a Follower verléieren. An dat wëll jo dann awer wierklech keen, oder?

Ähnlech Sujeten Serien, Spoilers
Nächsten Artikel Virrechten Artikel