Search

You may also like

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)
Kultur Neiegkeeten Sport

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

Zu Stockholm fänkt haut d‘Konferenz „Global Network for Road Safety

Fir d’Sécherheet vun der Police: D’Pirate fuerderen ee Gespréich
Kultur Neiegkeeten Sport

Fir d’Sécherheet vun der Police: D’Pirate fuerderen ee Gespréich

D’Piraten hunn op de soziale Medien matgedeelt, datt si eng

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm
Kultur Neiegkeeten Sport

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

12 Millioune Wieler wielen hir Vertrieder an 380 Gemengen. Dem

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten

Zanter dem 16. September 2019 gëtt et an der Minettemetropol den Déngscht „Sport- a Kulturbus“, dee geduecht ass, d‘Krapperten aus de Veräiner oder enger kultureller Vereenegung, sécher an och nach bequem zu de Sportanlagen a kulturellen Institutiounen ze kutschéieren.

Dëse Service ass Gratis a fonctionnéiert vu Méindes bis Freides

De „Sport- a Kulturbus“ zerwéiert 13 Arrêten: Hubert Clement – Robert-Schumann – Dellhéicht – Stadhausplaz – Gar – Prënzereng – Museksschoul -Pierre Ponath Plaz – Sydney Thomas Strooss – Bruchschoul – Cité verte – Nonnewisen – Monnerecher-Strooss – Hubert Clement.

Gefuer gëtt Méindes, Mëttwochs a Freides ab 16 Auer an dann am 40 Minutten-Takt bis 22 Auer. Dënschdes an Donneschdes ab 14 Auer am selwechten Takt. Clever geduecht, den Arrêt Gar erlaabt eng Korrespondenz mam Gaalgebus, deen all d‘Sportanlagen um Gaalgebierg bedéngt.

Dëse Projet gliddert sech an d‘Politik vun der Gemeng an, déi am Kontext vun der Mobilitéit d‘Zil verfollegt, méiglechst vill individuell Deplacementer ze vermeiden. Zudeem entlaascht et d‘Elteren an dréit zu Sécherheet vun de Kanner bäi. An nach emol: et ass gratis, notzt et wann ech gelift.

Related topics Esch-Uelzecht, Kanner, Mobilitéit, Sécher ënnerwee, Sport- a Kulturbus
Next post Previous post