Search

You may also like

Design City LX Festival
Neiegkeeten Sport

Design City LX Festival

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, vertrueden

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren
Neiegkeeten Sport

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren

E Freideg war d‘Direktesch vun der ADEM am Interview beim

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
Neiegkeeten Sport

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg

Sport ass net gläich Sport

De Sport- a Gesondheetsministère hu Recommandatioune fir kollektiv Coursen ausgeschafft, déi net am strikte Sënn ënnert d‘Dispositioune vun der Praxis vu Sportaktivitéite falen

Sport ass net gläich Sport

Säitens dem Sport- an dem Gesondheetsministère gëtt emol grondsätzlech drun erënnert, datt et net ugeroden ass, kollektiv Coursen an geschlosse Raimlechkeeten ze organiséieren. Dat am Kontext vun der Produktioun vun Aerosolen am engem confinéierte Raum.

Wa kollektiv Coursen net formell an den Uwendungsberäich vun der Praxis vu Sportaktivitéite fält, esou wéi dat op de Yoga, Pilates, Danz, Zumba, asw… zoutrëfft, an esou trotzdeem stattfannen, da gëtt den Organisateure recommandéiert, déiselwecht Dispositiounen unzewennen, esou wéi dat am modifizéierte Gesetz vum 17. Juli 2020, dat d‘Reegelen am Kampf géint de Covid19 festleet, jo och bestëmmt gëtt.

Hei gëtt recommandéiert, d‘Coursen op maximal 4 „Schüler“ an 1 „Encadrant“ ze beschränken. Et soll de „Schüler/Acteuren“ net operluecht sinn hei eng Mask unzedoen. D‘Maskeflicht bleift awer fir de „Meeschter/Encadrant“ bestoen.

Sollten d‘Raimlechkeeten, an deenen dës Aktivitéite stattfanne grouss genuch sinn, a loossen déi sech an dräi kloer erkennbar Zonen andeelen, da kenne bis zu dräi Gruppe vu véier Persoune vun engem Encadrant betreit ginn. Fannen d‘Aktivitéiten dobausse statt, da gëtt recommandéiert d‘Aktivitéiten op sechs Gruppen zu véier Persounen ze begrenzen.

Matgedeelt vum gesondheetsministère

Illustratioun: © Bruce Mars / unsplash

Related topics Danz, Gesondheetsministère, Pilates, Sportsministère, Yoga, Zumba
Next post Previous post