Search

You may also like

dislike
Wann d’Kreationisten et bis an eis Schoul packen, ass d’Wëssenschaft um Enn
Neiegkeeten Sport

Wann d’Kreationisten et bis an eis Schoul packen, ass d’Wëssenschaft um Enn

Schlecht Iddien hunn et u sech, datt se keng Grenze

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten
Neiegkeeten Sport

Neies vum Bichergeck : 54 Minutten

„Jeder hat Angst vor dem Jungen mit der Waffe“ (vum

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit
Neiegkeeten Sport

Contournement: De Suessemer Gemengerot huet d‘Flënt an d‘Kar gehäit

Jorelaang hunn sech d‘Volleksvertrieder am Suessemer Gemengerot géint de Contournementsprojet

Sport ënner strengen Oplagen nees méiglech

Haut de Moien huet de Sportminister Dan Kersch sech zu den neie Reegele fir de Sport geäussert

Sport ënner strengen Oplagen nees méiglech

Och dem Sportminister ass bewosst, datt d‘Leit am Land es dees Covid19 méi wéi iwwerdrësseg sinn, esou natierlech och déi dausende sportbegeeschtert Residenten, a ganz besonnesch d‘Veräiner. Dat déi beschlosse Restriktiounen allerdéngs noutwenneg waren, well et d‘Situatioun erfuerdert huet, dat sollt een dann och net dem Minister zum Virworf maachen.

An esou dierf ënnerstrach ginn, datt dem Dan Kersch voll a ganz bewosst ass, wéi wichteg de Sport ganz allgemeng fir d‘Gesondheet – déi physesch wéi déi psychesch – ass. Zudeem dréit de Sport och als Fräizäitbeschäftegung zum Wuelbefanne bäi. Do wou dann awer de Minister u seng Grenze stéisst, ass d‘Villfalt déi et am Sport huet, wat d‘Opstelle vun de Reegelen och komplizéiert mécht.

Déi awer, datt hate schonn de Premierminister Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Dënschdeg däitlech gemaach, brauch et an dëser sanitärer Kris. Déi gréissten a wuel och novollzéibar komplizéiertst Aufgab vum Minister a senge Beamte bezitt sech op de Fait, datt wann ee Reegelen opstellt, dës mussen esouwuel novollzéibar wéi verständlech sinn. Mee ass deem esou?

Op de Punkt

Am Kontext vun der „Covid129-Erliichterungen“ solle Sportler vun der Maskeflicht befreit ginn. Eleng oder an der Koppel ka Sport ouni Aschränkunge bedriwwe ginn, also ouni Mask an Ofstand. Dës Reegel gëllt fir de Fräizäit, wéi fir de Leeschtungssport. Sport kann een awer och am Grupp bedreiwen, dann awer bis maximal zéng Leit an dem anhale vun 2 Meter Sécherheetsdistanz.

Esou wéi am Handel eng Begrenzung vun der Unzuel vu Clienten, bezunn op d‘Gréisst vun de Raimlechkeeten, virgesinn ass, esou gëtt och d‘Unzuel vu Sportdreiwende bannent enger Anlag unhand der Raumgréisst definéiert. (1 Persoun bis 24M² – 2 Persoune bis 29 M² – 3 Persoune bei 30 M²). Mee och am Bausseberäich dierf et maximal 2 Gruppe vu bis zu 10 Sportler ginn.

Am Fall vun Aktivitéiten am Fräien, muss tëscht dësen zwou Gruppen en Ofstand vu mindestens 20 Meter méiglech sinn. Dës Reegel gëllt fir all Sportaart. Bis heihinner ass et nach verständlech… elo awer am Fall vun enger sougenannter „Dräifachhal“ sollen an all Drëttel jeeweils 10 Leit Sport bedreiwen. Zu de Quadratmeter gouf et da leider keng Zuele méi, wat d‘Ausso selwer a Fro stellt.

Mir bleiwen „dobannen“ an héieren datt och d‘Schwämmen nees dierfen opmaachen, mee d‘Unzuel vun de Leit am Waasser: bei engem 25Meter Basseng dräi, bei engem 50 Meter Basseng sechs Leit; ass begrenzt. Wéi vill Leit sech zousätzlech zu deenen am Becken an der Schwämm ophale kënne wa maximal 10 Leit an d‘Dusch dierfe wann en Ofstand vun 2 Meter méiglech ass? Keng Anung.

Déi kleng Detailer

Méi liicht novollzéibar dofir awer mat engem schlechte Beispill: bei ganz groussen „Anlagen“ ab 2 Hektar, wéi beispillsweis engem Golfterrain, kéinte véier Gruppe vu bis zu zéng Sportler hirer Aktivitéit nogoen. Ausname gëtt et verständlecherweis fir eis Elitte- a Profisportler, wéi och fir d‘Schüler aus dem Sportslycée an d‘Sportzaldoten. Si dierfen esouguer u Wettkämpf deelhuelen.

Bleift nach festzehalen, datt weder beim Training nach de Wettkämpf Zuschauer zougelooss sinn. Fir déi Sportler déi u Wettkämpf deelhuelen, huet de Sportsministère sech ee Stock vu 50.000 der séierer Tester zougeluecht. En Test ass awer nëmmen da verflichtend, wann den Athlet un engem Wettkampf deelhuele wëll. Wat de Schoulsport ugeet, esou ass do de Claude Meisch zoustänneg.

Illustratioun: Wann s de ganz eleng am Basseng deng Ronnen dréis… © Jonathan Craig / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Dan Kersch, Elittesport, Leeschtungssport, Schoulsport, Sport, Sportzaldoten
Next post Previous post