Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck
Neiegkeeten Sport

Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck

Fir déi siwente Kéier, gëtt et eng „cuvée spéciale“ fir

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt
Neiegkeeten Sport

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt

Nom australesche Kardinol George Pell, deen de 27. Februar vum

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg
Neiegkeeten Sport

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg

Dee vun den Amerikaner initiéierte super Soldendag „Black Friday“ (schwaarze

Sport: Esou wëll een eraus aus dem Confinement

Sport: Esou wëll een eraus aus dem Confinement

Haut de Mëtteg huet de Sportsminister Dan Kersch d’Moossname presentéiert, wéi een am Beräich Sport mam Deconfinement ëmzegoen huet. Heivir huet de Ministère eng Lëscht mat allen 32 Sportaarten opgestallt, déi praktizéiert dierfe ginn. D’Schwämmen a Fitnesszenteren bleiwe bis op Weideres zou.

Ab e Méindeg, den 11. Mee ass sportlech Aktivitéit nees méiglech, soulaang dës dobaussen ausgeüübt gëtt. Dobäi gëlle folgend Reegelen:

  • Kierperkontakt ass net erlaabt
  • Et dierf net zu Competitiounen kommen
  • Visiteuren dierfen et keng ginn
  • Duschen a Vestiaire bleiwen zou

De Minister huet dobäi preziséiert, datt trotz der Erlaabnis zum Sport dobaussen ab e Méindeg nach ëmmer de Proprietär vun der Infrastruktur dat lescht Wuert huet.

De Schutz vun den Athleten ass essentiell, d’Gesondheet steet iwwert allem. Aus dësem Grond hunn zënter e Méindeg ausgewielte Spëtzesportler nees d’Méiglechkeet an der Coque ze trainéieren. Si kruten dofir ee spezielle Stonneplang zesummegesat, sou datt de Kontakt zu anere Persounen op ee Maximum reduzéiert gëtt. Donieft ginn d’Athlete vun Infirmière betreit, déi hinne weisen, wéi d’Hygiènes-Moossnamen ëmzesetze sinn.

Doriwwer hannenaus ginn an de verschidde Schoulen keng Sportscoursen ugebueden. Eleng de Sportlycée kritt eng Derogatioun, fir ënnert bestëmmte Sécherheetsvirkéierungen sportlech Aktivitéiten ausüben ze kënnen. Hei soll sech allerdéngs op Ausdauer, Kraaft a Koordinatioun beschränkt ginn.

Zu gudder Lescht huet de Minister nach emol d’Säit Aktivdoheem.lu ervirgehuewen. D’Plattform mat Übungen fir déi kierperlech Fitness gouf speziell fir d’Zäit vun der Pandemie ageriicht. Mat 45.000 Klicks erlieft een hei een besonneschen Erfolleg.

Déi ganz Pressekonferenz fannt Dir nach emol hei:

Opmaacherbild: © SIP / Emmanuel Claude

Ähnlech Sujeten aktivdoheem.lu, Athleten, Coque, Covid-19, Dan Kersch, Deconfinement, Gesondheet, Sport, Sportsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel