Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest
Neiegkeeten

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker
Neiegkeeten

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op

Prix Servais 2020: Presentatioun vun der Short‐Lëscht
Neiegkeeten

Prix Servais 2020: Presentatioun vun der Short‐Lëscht

All Joer belount de Prix Servais déi bedeitendst literaresch Wierker

Sport oder net Sport?

Mam Deconfinement, kënnt och d‘Chaos… dobäi wier et gutt strukturéiert domadder ëmzegoen

Sport oder net Sport?

Et ass grad net einfach. Wärend déi eng beméit sinn Léisunge fir eng progressiv Reprise vun eise – jo awer wichtege – Wirtschaftsaktivitéiten ze fannen, hunn anerer deels onerfëllbar Wënsch. Woubäi ganz onberechtegt sinn d‘Fuerderunge vun der CSV net. Si wéiste gäre wat sech de Sportminister Dan Kersch (LSAP) fir eng Strategie ginn huet, fir datt d‘Sportaktivitéiten nees kënnen ufänken.

Vu Jogging bis Trëppeltour an en Tour mam Vëlo, jo esou eng Spadséierfaart mam Moto, dat alles sinn zougeloossen Aktivitéiten. D‘Sportinfrastrukturen awer, déi sollen nach bis mindestens den 31. Juli zou bleiwen. Och dat mécht an Kontext vun der Covid19-Pandemie Sënn, well vill Sportaarten net mam gefuerderte Sécherheetsofstand kompatibel sinn, besonnesch wann se dobanne stattfannen.

Sport

Basketballsterraine wäerten nach laang verweest bleiwen. Veräinssport wéi ebe Basketball, Handball, Fussball a villes méi, loossen sech – bezunn op den dréngend recommandéierte Sécherheetsofstand – net bedreiwen. Aner Sportaarte wéi Tennis oder Golf erlaben des Distanz. Wou awer zitt een de Stréch, an zwar esou, datt méiglechst all d‘Sportler gläich behandelt ginn? © Izuddin Helmi Adnan / unsplash

Dat virausgesat, kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt déi vum Nancy Kemp-Arendt ugefouert CSV-Delegatioun, no der Entrevue mam Dan Kersch, onzefridde war. Si haten sech vum Minister eng Strategie erwaart, mat där eng progressiv Reprise vun den Aktivitéiten an de Veräiner wéi och de Fitnessstudioe géif erméiglecht ginn. Dat ass, no 5 Woche Confinement vläicht ze vill verlaangt.

Sécher, D‘Argument vun der CSV, datt d‘Regierung de Lëtzebuerger Institut fir héich sportlech Performancen (LIHPS) huet, an dëse jo awer iwwer déi néideg Kompetenz sollt verfügen, fir eben esou ee Konzept fir déi progressiv Reprise auszeschaffen, ass richteg. Mee verständlech Richtlinne virleeën, datt ass wéi mir wëssen, scho bei der Ouverture vun de Butteker éischter komplizéiert.

Sport

Fussball mat 150 Zentimeter Ofstand? Éischter onrealistesch wann ee sech et duerch de Kapp goe léisst. © Lisa Wall / unsplash

Zudeem, an dat sollt de fréierer Sportlerin jo net entgaange sinn, besteet d‘Missioun vum LIHPS doranner, d‘Sportler vun héijem Niveau ze ënnerstëtzen an net sanitär oder soss Konzepter an engem Kontext wéi dëser Kris auszeschaffen. Wann iwwerhaapt kënnen déi just hir Expertise an d‘Erfarungen an eng méiglech Strategiediskussioun abréngen. Esou eppes muss ee wëssen.

An awer gëtt säitens der CSV pointéiert bedauert, et géif nëmme reagéiert statt sech deem Ganze proaktiv unzehuelen. Hei sollt sech d‘Oppositiounspartei dem Gouverneur vu New York, Andrew Cuomo säi Sprooch zu Gemitt féieren: „Wa mir ee falsche Schratt maachen, da geheit eis dat zréck. Éierlech, et ass net Zäit fir Dommheeten ze maachen“. Besonnesch, well mir d‘Lag am Grëff hunn.

Fir de Minister, dee vollst Verständnis fir d‘Doleance vun de ville Sportler, esou och fir d‘CSV huet kann et zum jëtzegen Zäitpunkt keng Faveure fir de Sport am allgemenge ginn. Dat ass haart an dierft fir Gemeckers suergen, well mir si jo nom strikte Confinement alleguerte Virologen an Experten a Saachen Hygiène, Masken a sozialer Distanz. Trotzdeem heescht elo nach Gedold hunn.

Illustratioun: Beim Tennis – am Individuell – sollt et duerchaus méiglech sinn, am Fräien och de gewënschte Sécherheetsofstand anzehalen. © John Fornander / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, CSV, Dan Kersch, Deconfinement. Sport, Nancy Arendt, Pandemie, Sportminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel