Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vun den Impeachment-Hearingen
Neiegkeeten Sport

Neies vun den Impeachment-Hearingen

De Gordon Sondland, US-Ambassadeur bei der EU, huet bei de

Taxispräisser hunn zolidd zougeluecht
Neiegkeeten Sport

Taxispräisser hunn zolidd zougeluecht

De „Comité de Suivi“ hat sech dëse 15. Oktober mam

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!
Neiegkeeten Sport

Alles Guddes un d’Philharmonie – 15 Joer voller Kultur!

15 Joer Philharmonie – dat muss gefeiert ginn! Schliisslech ass

Sportlech doheem: op der Tëleeschaîne „esch.tv“ kritt dir gewise wéi et geet

Sportlech doheem: op der Tëleeschaîne „esch.tv“ kritt dir gewise wéi et geet

Well natierlech och déi sëlleg Sportsaktivitéiten an de Veräiner aus de bekannte Grënn net kënnen ausgeüübt ginn, Sport awer net nëmme gutt a wichteg fir de Kierper, mee och fir d‘Séilewuel ass, hu se sech op der Escher Gemeng eng ausgeduecht.

Am Confinement, wou d‘Aktivitéiten a frëscher Loft op ee strikte Minimum begrenzt sinn, muss ee sech no Alternativen ëmkucken, an déi hu si zu Esch-Uelzecht fonnt. Um Kanal „esch.tv“ kann een all Méindeg, Mëttwoch a Freideg um 17.15 Auer, déi divers a variéiert Videoen an Demonstratioune vun Aktivitéite gesinn, déi sech engem an den eegene véier Wänn ubidden.

Sportlech

Elo ass u sech, fir déi wou sech dat net an der Widderhuelung op www.esch.tv undoen, och einfach op de Tëlee ze gesinn. D‘Viraussetzung ass datt dir entweder d‘Tëlee vun der Post oder an Reseau Eltrona Client sidd. Méi Informatiounen dozou fannt dir wéi gewinnt um Internetsite vun der Escher Gemeng (www.esch.lu).

Illustratioun: © Elijah O‘Donnell / unsplash

Ähnlech Sujeten Confinement, Doheem, escht.tv, LASEP, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel