Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)
Neiegkeeten Sport

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)

En Donneschdeg ass dem Premierminister Xavier eng parlamentaresch Fro vum

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst dem Mäerchepark.

En Telefonsgespréich mat Folgen
Neiegkeeten Sport

En Telefonsgespréich mat Folgen

Nodeems nei Virwërf opkomm sinn hunn d‘US-Demokraten éischt Moossnamen ergraff,

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg

De Summer ass elo „Geschicht“ a wa vu „Rentrée“ rieds ass, sollt een net nëmmen un d‘Schoul an de Krautmaart denken. Nee och op eisen Terrainen an de Sportshalen ass nees eppes weider lass. A wéi schon d‘lescht Joer huet sech d‘Redaktioun virgeholl d‘Damme vum SC Beetebuerg iwwert d‘Saison ze begleeden. Si haten dann och gëschter hiren éischte Championnatsmatch.

Si hu bei sech um Terrain d‘Damme vun der Entente Rouspert-USBC-Chrëschtnech empfaangen an wéi gewinnt näischt ubrenne gelooss. Mee eent nom aneren… Nach iert et sollt lassgoen huet d‘Fro am Raum gestanen, wéi sech d‘Defaite géint de Racing am Supercup op d‘Spill géif auswierken. An et dierf een net vergiessen, datt iwwert de Summer och d‘Championsleague un der Moral gefréckelt huet.

Tatsächlech huet een an der éischter hallwer Stonn gemierkt, datt et net esou propper gelaf ass wéi een dat vun de Beetebuerger Spillerinne gewinnt war. Woubäi och hei muss en Uecht doen, well si waren net eleng um Terrain an d‘Géignerinne vun der Entente Rouspert-USBC-Chrëschtnech (RUC) haten sech och ee bessi eppes virgeholl, fir dëse Saisonoptakt. Si sinn entspriechen opgetrueden.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stefanis/moien.lu

Am Mëttelfeld huet de RUC eng staark Manndeckung op d‘Meedercher vu Beetebuerg ausgeüübt. Déi dräi: Jana Wagner (8), Laetitia Marques (16) an Carol Mohr (6) hu sech un hire Géignerinne festgebass, esou gutt wéi keng Raim opgelooss. Et war eng ganz haart Noss fir den SCB. No 30 Minutten huet de Marquage nogelooss an déi Beetebuerger hu sech lues awer sécher un hiert gewinnte Spill erugetaascht.

Esou konnt an der 35. Minutte d‘Anouchka Besch (11) de Ball 40 Meter viru géigneresche Goal recuperéieren. Si gesäit datt d‘Senada Ceman (31) fräi steet, mécht eng ganz gekonnt Pass an d‘Déift, déi vum Senada gutt opgeholl gëtt… an schéisst deen éischten, befreiende Goal vun dëser nach ganz jonker Saison. Dat war wichteg fir d‘Moral an et hätt ee bal héiere kënnen, wei sech de Knuet geléist huet.

Esou koum et keng fënnef Minutte méi spéit dann och nees zur nächster Goalchance. No gudder Viraarbecht op der lénker Säit vum Lucia Ruiz (14) an enger technesch verséierter Flank, déi vum Tamara „Tammy“ Aniset (29) via „Hackentrick“ (eng Technik bei där de Ball mat der Ferse weidergeleet gëtt) dat Ronnt an dat Véiereckegt gesat, ouni dat d‘Goalkeeperin eng Chance gehat hätt., scho stoung 2-0 vir den SCB.

SC Beetebuerg

© Luigi De Stefanis/moien.lu

Dat war dann och d‘Resultat zur Halbzeit an et konnt ee gesinn, datt d‘Damme vum SCB dëst, nach ëmmer virleefegt Resultat, mat Erliichterung an d‘Kabinn geholl hunn. Bis dohinner haten sech d‘Damme vum RUC awer net wierklech Virwërf ze maachen. Si hunn eng gutt éischt Hallschent gewisen, an datt si mat no den zwee Goaler eppes „ugeschloe“ waren, ass dann och verständlech.

An et sollt der Moral vun den Damme vun der Entente Rouspert-USBC-Chrëschtnech och an der zweeter Halbzeit net wierklech besser ergoen. 47. Minutt: eigentlech ee ganz banale Strofstouss, op der lénker Säit, ronn 30 Meter vum Goal ewech… D‘Tammy huet sech de Ball gekroopt, schéin virgeluecht… den Arbitter päift, d‘Tammy zitt fir eng Flank an de 16 Meter, mee iwwerrascht d‘Kulissen a setzt de Ball „hannert“ d‘Goalkeeperin.

Domatter war d‘Mass gelies. Dësen dach eppes „eekelege“ Goal, knapps datt een nees ugetrueden ass, huet de Meedercher vum RUC nach eppes weider d‘Moral gebrach. Sech do nach emol ze erkréien ass schwiereg. An den SCB hat do endlech nees esou eppes wéi säin ale Spillfloss fonnt. Et ass monter no vir gespillt ginn, woubäi et wichteg war de Ball ze kontrolléieren. Et huet nach déi eng oder aner Goalchance ginn, mee d‘Zil war et d‘Resultat esou ze halen.

Stëmmen zum Spill

D‘Romy Gruber (12) Kapitänin vun der Entente, huet sech zum Spill geäussert. Et wier gewosst datt et net einfach géif ginn, ëmmerhi steet ee beim Landesmeeschter um Terrain. En Titel dee verdéngt war firwat et ëmmer geféierlech gëtt esoubal sech Fräiraim opdinn. „Wa mir mam Resultat net dierfen zefridde sinn, esou kënne mir eis awer op eis Leeschtung beruffen an dorobber opbauen. Mir mussen eis elo op den nächste Match konzentréieren an eist Zil, méiglecht kuerzfristeg de Klassenerhalt ze sécheren, net datt et nees zu enger Zidderpartie wéi an der leschter Saison kënnt“.

Vum SCB huet sech d‘Sadine Correia (9) eise Froe gestallt. Der Kapitänin war am Gesiicht ofzeliesen, datt d‘Resultat ee wichtegt war, endlech huet sech nees dierfe gefreet ginn. „Mir sinn mat eppes zevill Respekt an dëst Spill eragaangen. Déi sécherlech gutt an awer zugläich schwéier Erfarung an der Championsleague an dunn de verluerene Match am Supercup… dat huet seng Folgen a war sécherlech och an den éischten 30 Minutten eng Hürd déi iwwerwonnen huet misse ginn. Déi befreiend Goaler vum Senada Ceman an dem Tamara „Tammy“ Aniset (2x) weisen datt mir et nach kënnen an och verdéngt gewonnen hunn. Elo kann ee soen: d‘Saison huet ugefaangen“.

Opstellung vun den Equippen:

Entente Rouspert-USBC-Chrëschtnech: 1 Janine Van Hollstein, 11 Annika Mohn, 12 Romy Gruber, 10 Louise Lamberty, 8 Jana Wagner, 16 Laetitia Marques, 6 Carol Mohr, 9 Tessy Schiltz, 2 Lena Goedert, 18 Lena Lenzen, 13 Mariel Sauber. Reserven: 7 Stephanie Loos, 19 Nikky Ouchakoff, 3 Celina Busshuven, 14 Celine Alves, 4 Saida Camerlynck. Trainer. Christian Schartz.

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 5 Kim Ney, 6 Sarah Witry, 9, Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 31 Senada Ceman, 12 Stessy Musselek, 14 Lucia Ruiz, 8 Lea Pizzimenti, 10 Hanna Thill, 11 Anouchka Besch. Reserven: 13 Lea Crusel, 7 Marta Pires da Silva, 17 Rita Garcia, 88 Amenis Correia, 18 Amelie Allbrand. Trainer: Daniel Nunes.

Foto: © Luigi De Stefanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Championnat, Dammefussball, Entente Rouspert-USBC-Chrëschtnech, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel