Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen
Neiegkeeten Sport

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen

E Freideg huet op der Handelskummer zu Lëtzebuerg déi traditionell

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft
Neiegkeeten Sport

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft

E Freideg, de 14. Dezember gëtt am Ciné Utopia ee

cooltonguelove
Knock it out: Véier Fäischt fir de gudden Zweck
Neiegkeeten Sport

Knock it out: Véier Fäischt fir de gudden Zweck

Bei deem fir „Amateuren“ an aner Frënn vum Boxsport organiséierten

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten

Sportleréierung 2018 – Eis bescht Lëtzebuerger Athleten

Leschte Freiden huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg déi bescht Athleten a Sportsequippe vun der Saison 2017/2018 geéiert. Donieft sinn dann och déi féierend aktiv Memberen, déi säit 20 Joer an engem Sportsclub an der Haaptstad sinn, ausgezeechent ginn.

Et war schonn déi 35. Editioun vun der Sportleréierung, bei der 68 individuell Sportler a 36 Equippen een Diplom fir hir Leeschtunge vun dëser Saison kritt hunn. Den Total läit hei bei 214 Persounen, déi entweder als nationale Champion, Gewënner vun der nationaler Coupe, an der Kategorie „Junior“ oder „Senior“ besonnesch ervir gestach sinn.

D’Laureate komme vu 26 Clibb, déi ganzer 20 verschidde Sportaarte praktikéieren. Dorënner ass Liichtathletik, Loftsport, Billard, Hondssport, Vëlo, Danz, Schach, Fussball, Gymnastik, Kraaftsport, Handbike, Wantersport, Minigolf, Waasser- an Autosport, Tennis an Dëschtennis, Schéissen, Seegelen a Volleyball.

Zu Lëtzebuerg kann een 41 verschidde sportlech Disziplinnen ausüben, an dat an engem vun den 150 Sportsveräiner.

Bei dëser Zeremonie sinn 19 féierend Memberen an 11 Veräiner duerch hir administrativ an verwaltungstechnesch Funktiounen an de Clibb. D’Event selwer ass musikalesch vun der „Luxembourg Jazz Combo“ begleet ginn.

Méi Informatioune fannt dir ënnert sports.vdl.lu.

Ähnlech Sujeten Fussball, Gymnastik, Luxembourg Jazz Combo, Sport, Sportleréierung, Stad Lëtzebuerg, VDL, Wantersport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel