Search

You may also like

Ee Bam fir d‘Liewen
Neiegkeeten Sport

Ee Bam fir d‘Liewen

En Donneschdeg 27. Februar haten d‘Krapperten aus der Bëschspillschoul vun

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden
Neiegkeeten Sport

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

surprise
Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider
Neiegkeeten Sport

Den OGBL verlaangt eng Drénglechkeetssëtzung mam Romain Schneider

Um 30. Januar hat de Sozialversécherungsminister Romain Schneider d‘Prioritéite vun

VDL: Iwwer 180 Sportscoursen am Hierscht a Wanter fir all Alter

VDL: Iwwer 180 Sportscoursen am Hierscht a Wanter fir all Alter

Déi nei Saison vu „Sport fir jiddwereen“ vun der Stad Lëtzebuerg fänkt en Donneschdeg, den 1. Oktober 2020 un. Trotz Pandemie sollt et am Hierscht a Wanter kengem u Beweegung maangelen, wouduerch een – no de Recommandatioune vum Gesondheetsministère an dem Sportsservice – e räichhaltege Programm mat méi wéi 180 Sportscoursen op iwwer 30 Sitten uechtert d’Stad zesummegestallt huet.

Dobäi gouf de sportleche Programm un all Alter ugepasst:

  • Physesch Aktivitéit fir Jonker: Vu Skateboarding, iwwert Muskulatioun a Zumba, bis hin zu Breakdance, Volleyball, Badminton oder och Bouschéisse ginn eng drësseg Coursen ugebueden;
  • Klassesch an ongewéinlech Aktivitéite fir Erwuessener: Ënnert de méi wéi 100 Course fanne sech beispillsweis Stretching, Gym fir Eltere mat Kanner bis zu 4 Joer, Body Shape, Jogging, Aqua Jogging, Schlittschong-Fueren oder Gi Gong erëm;
  • Ugepasste Sport fir Persounen ab 55 Joer: Hei ginn ënnert anerem Nordic-Walking, Danz, Pétangue, Badminton oder och liicht Musikulatioun ugebueden.

Wéi kann ee sech umellen?

De Formulaire zur Umeldung fannt Dir ënnert sports.vdl.lu, oder dir kënnt e beim Sportsservice (5, rue de l’Abattoir L-1111 Lëtzebuerg, sports@vdl.lu oder Tel. 4796 4400 oder 4796-4415) ufroen.

Wärend de Coursen gëllen déi aktuell Sécherheets- an Hygiènesmesuren.

D’Aktivitéite fir Jonker si gratis. All Umeldung vun Jugendlechen muss vun enger Autorisatioun vun den Eltere begleet ginn.

D’Aschreiungsfraisen fir Erwuessener an Persounen ab 55 Joer, déi an der Stad Lëtzebuerg wunnen, leie bei 30 € pro Cours a Saison, respektiv 110 € fir déi ganz Saison an all Cours. Och d’Employéë vun der Stad Lëtzebuerg profitéiere vum selwechten Tarif wéi d’Awunner vun der Stad Lëtzebuerg.

Awunner vun anere Gemenge bezuele 60 € pro Cours a Saison, respektiv 220 € fir de Passe-Partout. Fir eeler Persounen (ab 55 Joer) gëtt ee Cours gratis offréiert. D’Demandeure vun internationalem Schutz kënne sech gratis aschreiwen, soulaang si vun enger Lëtzebuerger Struktur unerkannt sinn.

De komplette Programm, sou wéi de Sportsguide fannt Dir als Depliant beim Stater Sportsservice a sportlechen Infrastrukture vun der Stad Lëtzebuerg, am Bierger-Zenter, an der Stater Gemeng, am LCTO an op sports.vdl.lu.

Related topics Aschreiwung, Gesondheet, Programm, Sad Lëtzebuerg, Sport fir jiddwereen, VDL
Next post Previous post