Search

You may also like

Neiegkeeten Sport

Konditioune Gewënnspill SKIN WALKER

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

A lass: Äre Projet (m)am Naturpark!
Neiegkeeten Sport

A lass: Äre Projet (m)am Naturpark!

Zesumme mam Ministère fir Landesplanung lancéieren déi dräi Naturparken Öewersauer,

Wéi gutt kenns du eise Béier?
Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du eise Béier?

[onionbuzz quiz-id=48][/onionbuzz] De Béier gouf bekanntlech net zu Lëtzebuerg erfonnt.

De Sportprogramm vum Weekend (20. – 21.02.2021)

De Sportprogramm vum Weekend (20. – 21.02.2021)

Fussball

Liverpool – Everton
Samschdes, den 20. Februar um 18:30 Auer
Merseyside-Derby an England: An dat mat enger grousser Konfrontatioun tëscht den zwee Liverpooler Clibb. Nieft dem Stolz gëtt dëst Joer e Kampf gebueden, deen d’Fans vun de Reds am Ufank vun der Saison net erwaart hätten: de Kampf fir Qualifikatiounsplazen an der Champions League. Als Sechst oder Siwent an der Meeschterschaft mussen d’Rivalen no der Victoire glëschten, fir am Rennen ze bleiwen. Mat enger Victoire géint Leipzig wäert Liverpool villäicht méi selbstbewosst ukommen, wéi dem Ancelotti seng Männer.

Den Tipp vun der Redaktioun:
Liverpool 0 – 2 Everton. Déi éischte Kéier zënter fofzéng Joer, datt den Ancelotti net an der Champions League spillt. A lo ass och nach de Coronavirus do… Dat ass keen Zoufall. Dës Anomalie muss séier behuewe ginn.

Schalke 04 – Borussia Dortmund
Samschdes, den 20. Februar um 18:30 Auer
Ee weideren historeschen Derby aus Däitschland kënnt aus dem Ruhrgebitt. Ee Konflikt, deen déif ausbalancéiert schéngt – tëscht depriméierten an depressive Schalke-Spiller, zënter datt d’Saison un ass. Dozou kënnt een Dortmund, net ganz extravagant, mee méi zolidd a grousse Gewënner vu Sevilla de leschte Mëttwoch.

Tipp vun der Redaktioun:
Schalke 04 0 – 3 Dortmund. An dat trauregt? Et kéint tatsächlech sou geschéien!

West Ham United – Tottenham
Sonndes, den 21. Februar um 13:00 Auer
Dëst Spill kéint, fir béid Equippen e Wendepunkt fir de Rescht vun der Saison ginn. Fir West Ham ass dëse Match eng Geleeënheet, hier iwwerraschend Ambitiounen an der Champions League ze bestätegen. De Moment sinn si Fënneften. A fir d’Spurs: wann se net gewannen, wär et esou lues un der Zäit, de Pokal mat de groussen Ouere fir dëst Joer ze vergiessen.

Tipp vun der Redaktioun:
West Ham 3 – 1 Tottenham. ¿ Por qué ? Well et eriwwer ass, José.

Arsenal – Manchester City
Sonndes, den 21. Februar um 17:30 Auer
Wann Arsenal an den 2000er keng super Zäit gehat hätt, da géif fir dëst Zesummentreffen net sou vill Reklamm gemaach ginn. Duerch hier schlecht Leeschtung an dëser Saison verdéngen d’Gunners et de Moment net, als grouss Englänner ugesinn ze ginn. Mee fir hier Geschicht, fir d’Sympathie a fir d’Bezéiung tëscht Arteta an Guardiola, fënnt sech awer eng Plaz fir Reklamm.

Tipp vun der Redaktioun:
Arsenal 1 – 4 Manchester City. Guardiola an de Sentimentalismus, mee et ass him op engem Punkt egal …

Milan AC – Inter Milan
Sonndes, den 21. Februar um 15:00 Auer
Dee villäicht gréisste Schock vum Weekend an ugesiichts vun den enttäuschend leschte Spillzäite vun dëse Veräiner, gëtt dëst Event mat nostalgeschem Genoss ugekënnegt. Den Asaz vun dësem Treffen? Ganz einfach déi éischt Plaz an der Serie A. Well Juventus zeréckbleift, gëtt ëmmer méi däitlech, datt den Titelkampf tëscht den historesche Rivale vu Mailand gutt verlafe wäert.

Inter schéngt eng besser Dynamik ze hunn, mee Milan wäert mat engem Messer tëscht den Zänn an d’Spill kommen. A mir kënnen et net erwaarden, de Lukaku an de Ibrahimovic zesummen op engem Terrain ze gesinn.

Tipp vun der Redaktioun:
Milan 1 – 1 Inter. Ee Gol vum Zlatan, e Goal vum Ibrahimovic, gefollegt vun engem Kampf bis op den Doud fir de Gewënner ze entscheeden.

Paris-Saint-Germain – Monaco
Sonndes den 21. Februar um 21:00 Auer
Déi Paräisser sinn nach ëmmer ganz euphoresch vun där Fussballsstonn, déi si leschten Dënschdeg mam F.C Barcelona absolvéiert hunn. Ma si däerfen sech net matrappe loossen – Punkte musse sinn, fir den Titel ze kréien. Si wäerten an der éischter Saison vum Niko Kovac ouni Drock géint déi opreegend Monegassen optrieden. An dëst ouni Drock, mam Wonsch d”Top 3 ze këddelen. Dëst Zesummespill vun de schéinsten Attacken an der Meeschterschaft, kéint de perfekten Ofschloss vun engem Fussballsweekend sinn.

Tipp vun der Redaktioun:
Paris 2 – 2 Monaco. Mir léien eis net un, dës véiert Plaz fir Monaco geet duer. Si si méi staark wéi Barça.

Tennis, Australian Open

Naomi Osaka – Jennifer Brady
Samschdes, den 20 Februar um 10:00 Auer
D’Jennifer Brady wäert vill ze dinn hunn. Si muss d’Leit dovun iwwerzeegen, datt dat eigentlecht Final vun der Australian Open scho war. D’Spill vum Naomi Osaka an dem Serena Williams war präisverdächteg. D’Osaka ass eendeiteg Favorit. Allerdéngs däerf een d’Amerikanerin net ënnerschätzen – wann d’Selena Williams e gudden Dag huet, ass d’Virhand net ze stoppen.

Tipp vun der Redaktioun:
D’Naomi Osaka gewënnt. Well mir wéi all déi aner sinn an d’Naomi gären hunn. Mir wëllen, datt hatt den Titel gewënnt.

Daniil Medvedev – Novak Djokovic
Sonndes, den 21. Februar um 11:00 Auer
Fir d’Australian Open Final gëtt et een Duell vun den Titanen. Tëscht dem russesche Medvedev, deen op engem beandrockenden Niveau an enger Serie vun zwanzeg Victoirë fiert, an der Welt Nummer 1, déi seng aacht Finale zu Melbourne gewonnen huet, ass den zukünftege Gewënner schwéier virauszesoen. Mat Victoiren, déi vum Ufank bis zum Schluss ënner Kontroll waren (de Medvedev hat nach e bësse méi ee komplizéierte Parcours), kommen déi zwee Sportler wuelverdéngt an d’Finall. Den eenzegen Nodeel ass dem Djokovic seng mysteriéis Verletzung, déi senger Meenung no een Handicap duerstellt.

Tipp vun der Redaktioun:
De Medvedev gewënnt. Op dësem Niveau ass de Russ net ze stoppen.

Text vum Tendai Michot / mental.lu

Opmaacherbild: lénks © John Fornander / Unsplash; riets © Md Mahdi / Unsplash

Related topics Arsenal, Australian Open, Borussia Dortmund, Everton, Fussball, Inter Milan, Liverpool, Manchester City, Milan AC, Monaco, Paris-Saint-Germain, Schalke 04, Sport, Tennis, Tottenham, Weekend, West Ham United
Next post Previous post