Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kal oder waarm? Hollännesch Streeween an Aktioun!
Neiegkeeten Sport

https://moien.lu/dating-sites-kraaifontein/

Wou a ganz Europa d’Leit mam Gesiicht virum Ventilator hänken

dating sites atlanta georgia
Neiegkeeten Sport

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht

Et wier falsch ze behaapten, datt ech mam EU-Kommissiounspresident op

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!
Neiegkeeten Sport

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!

Réimech den éischte Mee 10.00 Auer: um Parvis vun der

Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020

De „Service Sports“ vun der Gemeng huet d‘Aschreiwunge fir d‘Sportsaktivitéiten am Summer opgemaach

Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020
Pixabay
Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020
Pixabay
Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020
Pixabay
Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020
Pixabay
Stad Lëtzebuerg: d‘Sportwochen 2020
Pixabay

Datt d‘Krapperten an Knetzelen aus der Haaptstad gäre sportlech ënnerwee sinn, dat ass zanter elo méi wéi 36 Joer gewosst, an am Service Sports vun der Stad Lëtzebuerg huet ee mindestens esouvill Freed dorunner de Programm ze gestalten, wéi déi 11 bis 17 järeg Kanner sech drun ze bedeelegen.

An esou gehéieren d‘Sportwochen – déi dëst Joer vum 16. Juli bis de 6. September ugebuede ginn – schonn zimlech zum Stater Patrimoine. Fir d‘Editioun 2020, sinn fënnef „Mini Sportwochen“ fir d‘Altersklass 11 an 12 Joer programméiert ginn. Déi 13 bis 17 järeg Jugend kann op 14 Wochen „Äktschen“ blécken. D‘Dauer vun de Stage geet vu véier bis siwen Deeg, a ginn am Land selwer wéi och am Ausland ugebueden.

De Programm ass esou gestalt ginn, datt d‘Kanner nei Sport-Aktivitéite kënne kenneléieren, a sech eventuell an enger Sportaart perfektionéiere kënnen. Dat Allerwichtegst awer: si solle Spaass hunn, d‘Geleeënheet notzen nei Frëndschaften ze schléissen a wie weess och sech selwer besser kenne léieren. Si ginn heibäi vu qualifizéierte Stagiairen a Moniteuren encadréiert.

Interessant ass och de Fait, datt d‘Kanner sech hei mat enger méi gesonder Liewensweis (Sport dreiwen, sech gesond ernieren an e Gefill fir eng gutt Liewenshygiène entwéckelen) ausenanersetze wäerten. Egal ob si sech fir Klammen, Reiden, Seegelen oder Vëlo-Fueren (fir nëmmen déi ze ernimmen) entscheeden, et dierft kaum ee Wonsch ginn, deen den SDS Sportwoche-Programm net berécksiichtegt hätt…

Wéi, wat, wou?

Am Kontext vun de Sportwoche vun der Stad Lëtzebuerg, ass et nach wichteg drop hinzeweisen, datt sech dës Offer un all d‘Kanner am Land riicht. Sécher, déi Stater Menage kréien d‘Brochure iwwert de Postwee zougestallt, all déi aner mussen sech een Ufroen oder siche goen. A „Jo“ déi Kanner aus „anere“ Gemengen déi sech aschreiwen, mussen och eppes méi déif an Täsch gräifen, wéi d‘Awunner aus der Stad selwer.

Wien dann elo de Programm an och de Formulaire zur Aschreiwung an analoger Form wëll an den Hänn halen, dee kann dësen am Biergerzenter (Knuedler) oder op der Rocade am Service Sports bezéien. Et dierft awer wiesentlech méi bequem sinn, sech dat Ganzt am Internet unzekucken an erofzelueden: an hei ass de Link deen iech direkt op déi richteg Plaz weiderleet.

Ähnlech Sujeten Jugend, Kanner, Service des Sports, Sportwochen, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel