Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wa Populisten et besser maachen!
Quiz

Editorial: Wa Populisten et besser maachen!

Wat si mir net iwwert se hiergefall. Mir hu se

Quiz

Konditiounen Gewënnspill Stock Car

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Editorial: An der Konsequenz och de NIGHT RIDER gratis maachen
Quiz

Editorial: An der Konsequenz och de NIGHT RIDER gratis maachen

Nodeems, dem Norddeputéierte Marco Schank (CSV) seng Motioun d‘Aféierung vun

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt

Weess du, wat dës Sprëch bedeiten?


Weess du, wat dës Sprëch bedeiten?

Question 1 of 10.

Wat heescht: "Déi kleng Äppel sin déi bescht, wa mer keng déck hun"?

1. Mir hunn net genuch z'iessen.
2. Wa mer näischt besseres hunn, musse mer eis domat zefridde ginn.
3. Mir brauche mi déck Äppel!

Et heescht: Wa mer näischt besseres hunn, musse mer eis domat zefridde ginn.

Question 2 of 10.

Wat heescht: "Eng mat der Broutschéiss hunn"?

1. Net ganz richteg am Kapp sinn
2. Den Duerchbléck verluer hunn
3. Immens räich sinn

Dat heescht: Net ganz richteg am Kapp sinn.

Question 3 of 10.

Wat heescht: "duerch d'Bascht sinn"

1. Fortlafen
2. Futti fueren
3. Rose ginn

Dat heescht: Fortlafen

Question 4 of 10.

Wat heescht: "Fir en Apel an e Stéck Brout"?

1. Dat kann een net mat Geld bezuelen
2. Dat ass bëlleg
3. Dat ass deier

Et heescht: Dat ass bëlleg.

Question 5 of 10.

Wat heescht: "D'Häerz ass em an de Schong gefall"?

1. En huet Angscht krut
2. En huet Courage gewisen
3. En huet eppes verluer

Dat heescht: En huet Angscht krut

Question 6 of 10.

Wat heescht: "Dat geet mer op de Su?"

1. et nervt
2. et ass deier
3. et kënnt ze of fir

Dat heescht: et nervt.

Question 7 of 10.

Wat heescht: "'t hëlleft kee Grinschen a kee Pinschen"

1. Näischt hëlleft
2. Et ass net esou schlëmm
3. Et ass ganz schlëmm

Dat heescht: Näischt hëlleft.

Question 8 of 10.

Wat heescht: "sech behuele wéi den Hond an d'Kaz"

1. Sech net ausstoe kënnen
2. Sech aus dem Wee goen
3. Ganz wëll sinn

Dat heescht: Sech net ausstoe kënnen.

Question 9 of 10.

Wat heescht: "An all Buttek ass e Lach"?

1. An all Buttek kriss de eppes
2. An all Buttek verléiers de Geld
3. An all Buttek ass eng Fal

Et heescht: An al Buttek ass eng Fal.

Question 10 of 10.

Wat heescht: "Schwätz kee Blech"

1. Schwätz net esou haart
2. Schwätz net sou vill
3. Schwätz keen Onsënn

Dat heescht: Schwätz keen Onsënn

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Weess du, wat dës Sprëch bedeiten?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

Op en Neits hu mer e puer Spréchwierder eraus gesicht, fir däi Wëssen ze testen. Wéi gutt schneits du of?

Ähnlech Sujeten Lëtzebuergesch, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel