Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi douce Mobilitéit: eng Alternativ fir Mënsch an Ëmwelt
Neiegkeeten

Déi douce Mobilitéit: eng Alternativ fir Mënsch an Ëmwelt

Zu Biissen huet e Sonndeg am Kader vun der „Semaine

Ass den US-President e Rassist?
Neiegkeeten

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

Deal oder No Deal?
Neiegkeeten

Deal oder No Deal?

De Boris Johnson leescht verbatterte Widderstand, mee seng Géigner –

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk

De Spriecher vun déi lénk, Gary Diderich, war an der Woch vum 20. August op Besuch bei de lénke Parteien an Däitschland an a Polen. Den opstriewende Politiker huet d‘Entrevue genotzt, an sech am Bezuch op d‘Chamberwahle vum Oktober, an den Europawahlen 2019, iwwer gemeinsam politesch Themen ënnerhalen.

An dësem Kontext, hat de Gary Diderich de 24. August eng Entrevue mam Ministerpresident vun Thüringen, Bodo Ramelow, an der Fraktiounspresidentin vun déi Linke am Thüringer Landtag, Susanne Hennig-Wellsow. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoungen d‘Erfarunge vun enger lénks-gefouerter Landesregierung an engem neoliberalen Ëmfeld.

Wou sinn d‘Méiglechkeeten an d‘Grenze vu lénke Strategien haut? Wéi realistesch erschéngen d‘Fuerderungen aus dem Wahlprogramm vun déi lénk am Verglach zu den Erfarunge vun der duerch de Bodo Ramelow geleete Regierung?

Déi lénk wëllen de Klimaschutz gesetzlech verankeren a verbindlech Reduktiounsziler fir all relevant Beräicher festleeën, an esou derzou bäidroen, datt d‘Äerderwiermung net iwwer 1,5° klëmmt. Dëst Zil soll doduerch erreecht ginn, datt den ëffentlechen Transport ausgebaut gëtt. Och soll d‘Fläch déi fir d‘Biolandwirtschaft gebraucht gëtt, bis 2025 op 20% erweidert ginn.

Iwwert d‘Schëller geluusst

Ähnleches stoung am Koalitiounsaccord vun der Thüringer Landesregierung, an d‘Tëschebilanz bestätegt, datt wann de politesche Wëllen do ass, esou Ziler konsequent verfollegt kënne ginn: d‘Koalitioun huet e Klimagesetz op de Wee bruecht, bedeitend Investitiounen an den ëffentlechen Noverkéier getätegt, a mat engem Eko-Aktiounsplang d‘Konditioune fir Biobetriber verbessert.

Déi lénk wëllen en ähnleche Wee goen: déi ëffentlech Subventioune sollen zukünfteg méi staark no ekologesche Kritären ausgeriicht ginn, an d‘Ëmstellung vun de konventionelle Betriber op biologesch Erzeugung, mat Hëllef vun administrativen Erliichterungen a bessere Fërdermoossname virugedriwwe ginn.

Mat der Fuerderung no engem Enn vun der Maartliberaliséierung an der europäescher Landwirtschaftspolitik, wëlle béid Parteien der Konzentratioun an Industrialiséierung vun der europäescher Landwirtschaft entgéinttrieden.

Bildung: Net genuch Enseignanten

Am Educatiounsberäich hunn Thüringen a Lëtzebuerg e gemeinsame Problem: et gëtt net genuch Enseignanten. An Thüringen huet sech d‘Landesregierung dësem Problem ugeholl, an stellt säit de Bodo Ramelow d‘Mandat iwwerholl huet, all Joer 500 Enseignanten an. Laangfristeg huet déi aktuell Landesregierung d‘Weiche beim Ausbau an der Ausbildung vun den ëffentleche Schoule gestallt. Et ass zudeem massiv Geld an déi gratis Kannerbetreiung gefloss.

Fir vill Familljen ass dat dann och schonn d‘Realitéit, a bis 2020 soll an Zesummenaarbecht mat de Gemengen de gratis Zougank zur Kannerbetreiung fir jidderee sécher gestallt ginn. Déi lénk hunn an hirem Wahlprogramm d‘Prioritéite ganz ähnlech gesat. Dem Mangel un Enseignante muss eppes entgéint gesat ginn: zum Beispill mat der Reduzéierung vun der Stageszäit a bessere Konditiounen an der Formatioun vun den Enseignanten.

Déi lénk wëllen dann och zu Lëtzebuerg d‘Offer vun ëffentleche Kannerbetreiungsstrukturen etappeweis ausbauen, an déi gratis Kannerbetreiung aféieren. Gett et déi lénk no, da soll d‘Kannerbetreiung mëttelfristeg zu enger ëffentlecher Déngschtleeschtung ginn, an net méi vu private Gestionnairen ofhängeg sinn.

Onbezuelbar?

Lénk Politik gëtt gären als „onbezuelbar“ duergestallt. Datt deem net esou ass léisst sech um Beispill vun Thüringen noweisen. Hei goufen trotz massiver, sozial an ekologesch ausgeriichten Investitiounen, fir déi éischte Kéier Scholden an der Héicht vun 1 Milliard Euro ofgebaut.

Den aktuelle rietspopulisteschen an rietsextremen Trend an Europa ass och thematiséiert ginn. Et bleift derbäi, datt eng Politik déi d‘Mënsche stäerkt an zesummeféiert, dat wichtegst Mëttel ass géint Populismus ass. Dat an engem Bundesland wou d‘AfD sech „festgebass huet. De Populisten an Thüringen ginn an den Ëmfroen 23% Zousproch zougestanen.

Et wier awer, esou de Gary Diderich offensichtlech, datt bei enger beschränkter Zouwanderung, Thüringen nach manner Dokteren a Fleegepersonal hätt. Dofir muss sech lénk Politik offensiv mat Awanderung beschäftegen. An dësem Sënn schafft „rout-rout-gréng“ un engem Awanderungsgesetz dat net ewéi dat bestoend Bundesgesetz op Ofschottung setzt, mee definéiert wéi Zouwanderung am Aklang mat internationale Konventiounen a Mënscherechter gestalt ka ginn.

matgedeelt vun déi lenk, Iwwersetzung aus dem däitschen: Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Bodo Ramelow, Chamberwahlen 2018, déi lénk, Europawahlen 2019, Gary Diderich, Susanne Hennig-Wellsow, Thüringen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel