Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?
Kultur Neiegkeeten

Du drénks all Dag Kaffi, mee wéi gutt weess du iwwert e Bescheed?

Um Büro geet näischt ouni Kaffi. Ob To Go, Instant,

dislike
Editorial: Grad den DSK huet et néideg…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

De franséische Sozialist a fréiere Generaldirekter vum Weltwährungsfong (IMF), Dominique

Wat gëtt et Neies op Netflix am Dezember?
Kultur Neiegkeeten

Wat gëtt et Neies op Netflix am Dezember?

Am kalen Dezember kann een sech waarm Gedanke maachen, fir

Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!

Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
Ee risege Food-Village luet zum genësslechen nammen an © Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
Gemeinschaftsgäert an der Regioun si vun immenser Wichtegkeet. Just esou léiert een d'Uebst, d'Geméis an d'Planzen nees kennen a schmaacht d'Natierlechkeet vum Produit © Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
Regional? Awer sou eppes vun! © Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
Den Tourismusminister Lex Delles © Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
De Kyle MacDonald, oder och "Red-Paperclip-Guy" genannt © Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
Och mat enger musikalescher Einlag kasnn een op alldeegleche Géigestänn iwwerzeegen © Shari Pleimelding/moien.lu

Wärend véier Deeg mëscht d’LuxExpo The Box seng Dieren op a luet zu engem räichhaltege Programm voller Animatioun, Aktioun, engem neien innovativen Opbau an inspiréierenden Aussteller an. Déi 3. Editioun vum Springbreak invitéiert dobäi häerzlech op eng grouss Feier zum Motto Innovatioun, Kreativitéit an nohalteg Entwécklung!

Vum 14. bis de 17 Mäerz 2019 presentéiere sech Entreprisen, Institutiounen an Organisatiounen, déi d’Ëmwelt an de Mënsch positiv beaflosse wëllen. D’Visiteure kënnen an aller Rou Produiten a Projeten entdeckten, déi an éischter Linn duerch hiren innovative, Fortschrëttlechen an ëmweltfrëndlechen Aspekt iwwerzeegen. D’Event ass quasi wéi eng riseg Entdeckungsrees duerch d’Welt vun den Innovatiounen, déi mat Reflexiounen an Aktioune spillt, sou datt eng festlech-gemittlech Atmosphär entsteet.

No Loscht a Laun kann een sech duerch déi verschidde Beräicher beweegen, sech iwwert Produiten an Déngschtleeschtungen informéieren an déi neitsten Trends entdecken. Dobäi fënnt een nëtzlech Tipps an zuelräich Ausstellungen zum ëmweltbewosste Konsum, zur regionaler a biologescher Landwirtschaft, zum Fair-Trade a villes méi. Do ass et kee Wonner, datt d’Motto vun dësem Joer heecht „Be ahead of your time!“.

Ee klenge Virgeschmaach

Ob regionalen Tourismus, Produiten aus der Regioun, biologesch Spezialitéiten, Wäin, Elektro-Vëloen- a Roller, sozial a verantwortungsbewosst Mound, Vintage, Vinokilo, Aariichtungs- an Haushaltsgéigestänn, Entspanung a Wellness…Dir mierkt et ass vill mat dobäi. Spannend ass dobäi och de Projet, bei dem eng rout Büroklamer bis hinn zu engem Haus getosch geet.

„D’Springbreak-Magie entsteet duerch den zukunftsorientéierten an trotzdeem kuerzweilege Charakter vum Event. De Springbreak 2019 ka mat de Joere virdrun net verglach ginn. Mir ginn eis grouss Méi, de Visiteuren all Joer op een Neits een eenzegaartegt a ganz neit Erliefnis ze bidden“, sou de Morgan Gromy vun der Luxexpo The Box.

Och a Saachen Ënnerhalung a Gastronomie kann dëse Mäerz scheinbar kee mathaalen. Nieft diverse Spiller, ronn zwanzeg Foodtrucks, Restauranten, Testfaarte mat engem Shuttle luet och eng verstoppte Bar mam beschte Gin vun der Stad an ee Spring-Kitchen-Beräich zum verwinnt ginn an.

Praktesch Informatiounen

Déi 3. Editioun vum Springbreak Luxembourg fënnt vum 14. bis de 17 Mäerz statt. Den detailléierte Programm mat allen Aussteller kann een um Site springbreak.lu kucken. A genau op dëser Säit kritt Dir och Äre gratis Entréesticket mat engem flotte Gewënnspill offréiert. Wien net bei dëser innovativer a kreativer Foire dobäi ass, ass wuel selwer Schold!

Offiziell Aweiung mam Grand-Duc, dem Lex Delles an dem Paper-Clip Guy

Punkt 17:00 Auer ass déi 3. Editioun vum Springbreak offiziell ageweit ginn. Duerch d’Presence vun der Royaler Altesse huet d’Militärmusek de Publikum mam traditionelle Wilhelmus agestëmmt.

Bei senger Ried huet de Lex Delles nees d’Schéinheet vun eisem Land ervir gehuewen. „Et muss een net ëmmer wäit reese fir säin Horizont ze erweideren“, sou den Tourismusminister. An dësem Kader wollt de Minister besonnesch den Tourismusstand ervir hiewen, bei dem fir eng éischt Kéier och de Ministère mat dobäi ass, fir esou d’Vakanz am eegene Land ze promouvéieren.

Dës weideren huet hien ënnerstrach, datt een zukünfteg ALL Betrib aus All Secteur fërdere muss. Zu Lëtzebuerg gëtt et een immenst Potential, woufir am Budget 90.000 € fir Hëllef virgesi sinn. Als Beispill sinn hei d’Erfollegsgeschichte vu Luxlait, der Bäckerei Fischer oder och Grosbusch genannt ginn, déi an hirer Zäit als immens kleng Betriber existéiert, sech awer um grousse Marché duerchgesat hunn a mëttlerweil un der Spëtzt stinn. Natierlech gëtt et bei engem Betrib ëmmer ee gewësse Risiko. Ee Grond méi, wisou de Minister sech dofir asetze well, datt d’Entrepreneuren no engem Echec encouragéiert gi weider ze maachen. Wien gewësse Konditiounen erfëllt, soll an Zukunft eng zweet Chance no der Faillite gebuede kréien.

Uschléissend war et um Aude Lemogne, fir als liewend Beispill vum Entreprenariat op d’Bühn z e kommen an een inspiréierende Virtrag ze halen. Mat enger encouragéierender Ried huet si ervir gehuewen, datt een och deenen nolauschtere muss, déi anescht denken – „think out of the box“ – sech mat hiren Iddien duerchsetzen an d’Welt verännere kënnen. Illustréiert gouf dës Thees um Beispill vum Greta Thunberg, wat sech géint d’UN stellt an dat Onméiglecht aussprécht.

Zuelräich inspiréierend Persoune sinn ernimmt ginn, dorënner och eng egyptesch Fra mat Down-Syndrom, déi an hirem Land hir eegen an déi vun der Gesellschaft gestallte Limitatiounen iwwerwonnen huet fir Tele-Speakerin ze ginn. Am Virdergrond stoung hei, datt een d’Dreemer nimools blockéiere sollt – si sinn d’Innovatioun, si sinn d’Zukunft!

De Mann, den alles tausche kéint

D’Inspiratioun an den Éiergäiz sollt weiderhin op éischter Plaz vun der Aweiung stoen. Aus dësem Grond hunn d’Organisateure vum Springbreak de kanadesche Kyle MacDonald invitéiert, deen duerch seng onfaassbar Geschicht weltwäit opgefall ass. Säin Ziel war et, eng einfach rout Bürosklamer ëmmer weider ze tauschen, bis hie schliisslech zu engem eegenen Haus géif kommen.

Unhand vu Biller a Videoen huet dësen ambitionéierte Mënsch eis seng Erfollegsgeschicht erkläert. Vun der Klamer ass et iwwert ee Bic, ee Poppekapp, ee Campingkocher, een 1000 Watt Generator ëmmer weider gaangen. Dobäi huet de Kyle säin Ziel ni aus den Ae verluer. Bei der interessanter Missioun koumen och immens lëschteg an erstaunlech Tausch-Aktiounen zustanen: Mat dobäi war beispillsweis een Treffe mam Alice Cooper, eng Schauspillroll oder och ee Joer gratis Wunnen an engem Appartement.

Mee wat ass dem Red-Paperclip Guy säi Geheimnis? Majo, hien huet einfach lassgeluecht. Sou einfach et och klengt, de Mann huet net gewaart bis zu engem speziellen Datum, mee hien huet ganz einfach ugefaangen ze Handelen. Trotz immens vill Kritik a Leit, déi sech iwwert hie lëschteg gemaach hunn, konnt de Kyle säi Match maachen a ka mëttlerweil säi Succès genéissen.

No den encouragéierende Presentatiounen hat een als Visiteur esou vill Energie an Enthusiasmus getankt, datt een am léifsten direkt lassgelaf wier, fir säin Dram ze erfëllen. Wisou sollt een et eigentlech net maachen? Wéi ee gesäit, muss een einfach ufänken!

Ähnlech Sujeten Grand-Duc Henri, Innovation, Kreativitéit, Kyle MacDonald, Lex Delles, LuxExpo, Morgan Gromy, Springbreak
Nächsten Artikel Virrechten Artikel