Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/honduras-dating-customs/

Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels

dating places in ernakulam
Kultur Neiegkeeten

Och bei Google e Sécherheetslach: 500.000 Konte betraff

E Méindeg huet Google matgedeelt, datt si am Mäerz e

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften
Kultur Neiegkeeten

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften

Fir de Frëndschaftsmatch tëscht den Nationalmannschafte vu Lëtzebuerg an den

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends

Springbreak Luxembourg – D’Foire fir Innovatioun, Kreativitéit an Trends

Vum 14. bis de 17 Mäerz 2019 gëtt an der Luxexpo The Box déi 3. Editioun vum Springbreak Luxembourg organiséiert. „Be ahead of your time!“ ass den desjärege Motto, den eis schonn een Abléck op den innovativen a kreativen Aspekt vun der Foire gëtt. Wärend 4 Deeg lueden honnerten Aussteller, Shops a Partner op eng grouss Rees zum entdecken, nodenken, handelen a Spaass hunn an.

Gebuede gëtt vum kommenden Donneschdeg un een räichhaltege Programm un neie Produiten, innovativen Iddien an Trends. Onofhängeg vum Alter gëtt een um Springbreak honnerte Stonnen zur gratis Ënnerhalung inspiréiert. Mat dobäi sinn zuelräich Infostänn a Shops zum Thema Kultur, Tourismus, Design, Technologie oder och gréng Energie an den nohaltege Gedanken. Mee och mam Urban Food Village wäerten déi divers Baren a Food Trucks eng uspriechend Offer ze bidden hunn.

Natierlech wäert et dobäi och u Musek net feelen. Esou kann ee sech elo schonn a voller Virfreed weisen op d’Reggea Band „Le Vibe“, de Rockclub, de Fred Barreto Group, L-Fêtes a villes méi. Nieft der Filmpresentatioun vu „Sawah“ kënnen d’Visiteuren sech och iwwert déi grouss Springbreak Party, d’Fashion Show „Vinokilo“ oder och d’Freestyle Extrem-Sport Show freeën.

Nohaltegt Denken

Am Kader vum Springbreak nächst Woch wäert eng ganz Zone der Eco-Mobilitéit gewidmet sinn. Heibäi gëtt ee ganzt Duerf zu dëser Thematik opgeriicht, an dem ee selwer aktiv ka ginn. Fanne kann een hei ausserdeem divers Acteuren ëm déi gréng Mobilitéit a verschidde Produite vun de Partner, déi een och nach direkt selwer probéieren dierf.

Et ass déi ideal Méiglechkeet fir bei dësem Evenement d’Acteuren aus dem nohaltege Secteur vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun kennenzeléieren. Mat alternative Léisunge fir d’Mobilitéit, sou wéi der detailléierter Presentatioun vun der Eco-Mobilitéit geet ee sécherlech ee Stéck méi schlau Heem!

Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.springbreak.lu.

Ähnlech Sujeten Eco-Mobilitéit, LuxExpo, Nohaltegkeet, Springbreak, Urban Food Village
Nächsten Artikel Virrechten Artikel