No schwéieren Ausenanersetzungen zu Calais gi Mesure gefuerdert
Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen
Mindestens 20 Blesséierter, dorënner fënnef déi mat Schossverletzungen tëscht Liewen
Mam ganze Gedeessems ronderëm: Klimawandel, energetesch Transitioun a Klimapakt, gesäit
Wisou wëlle beispillsweis Meedercher net oft Pilotin oder Mecanicienne ginn, wärend Jonge seelen ee Beruff wéi Hiewan oder Spillschoulsjoffer? Läit et un de feelende Virbiller an der Sprooch oder awer éischter an der Realitéit? Wat mécht d’Perceptioun mat erëmkommende Biller an eiser Sprooch? Dës a méi Froe ginn an dëser interaktiver klenger Konferenz beäntwert.
D’Thema vum Owend gëtt dobäi an de villsproochege Lëtzebuerger Kontext integréiert. D’Referentin Tatjana von Bonkewitz studéiert Psychologie a Linguistik. Hir Ofschlossaarbecht behandelt „Sexismus in der italienischen Sprache“ a weist domat, datt d’Genderthematik fir si am Fokus steet. D’Tatjana selwer schwätzt sechs Sproochen a beweegt sech dauernd an interkulturelle Kontexter.
D’Konferenz fënnt Dënschdes, den 3. Dezember um 19 Auer am Kulturhaus zu Miersch statt. De ganzen Owend iwwert gëtt eng däitsch, englesch a franséisch Iwwersetzung garantéiert.Uschléissend invitéiert d’Gemeng Miersch op ee Patt. Organiséiert gëtt dat Ganzt vu CID | Fraen an Gender, mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer.
Umeldung erwënscht ënnert bureau@cid-fg.lu oder der Telefonsnummer 24 10 95-1.